Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

25 Doudeg Motocyclisten tëscht 2015 an 2018
fdny dating site

25 Doudeg Motocyclisten tëscht 2015 an 2018

Aus dem Rapport vun der Statec geet ervir, datt tëscht

things to know about dating a korean man
fdny dating site

pressure switch hook up

Dat ganzt Joer iwwer hunn d‘Membere vun „Espace Pub“ an

Déi siwe gréisste Feeler vun der EU
fdny dating site

Déi siwe gréisste Feeler vun der EU

Am Mee vum leschte Joer, haten eis Kollege vun ZDF-Info

Wann e Land seng Jugend der Aarmut aussetzt

20% vun de jonken Aktiven zu Lëtzebuerg riskéieren an d‘Aarmut ze falen

Wann e Land seng Jugend der Aarmut aussetzt

Um Krautmaart ass sech um Donneschdeg mam Aarmutsrisiko fir d‘Jugend beschäftegt ginn, an et goufen esouguer „Virschléi“ a „Léisungen“ opgedëscht. Esoulaang wéi d‘Regierung awer aner Interessegruppe „eppes méi berécksiichtegt“ kann et net zur Verbesserung fir déi Jonk kommen.

Laut den offiziellen Zuelen, sinn zu Lëtzebuerg 21% vun den Awunner däitlech vun Aarmut bedreet a bei deene Jonke gesäit et net besser aus. An der Alterstranche 18-24 Joer, esou Eurostat, ass de Risk an d‘Aarmut ze falen, mat 20% fir e Land wéi eist, schonn zimlech beonrouegend. An datt déi jonk Deputéiert Djuna Bernard (déi gréng) den Debat an d‘Chamber bruecht huet, lueflech.

Fir déi gläichfalls jonk Deputéiert, Carole Hartmann (DP) war et wichteg – entgéint der Meenung vun den „eelere“ Volleksvertrieder datt een d‘Zuele vun Eurostat relativiséiere muss – drop hinzeweisen, dat egal wéi e Standpunkt ee hei gewëllt ass ze vertrieden, et grondsätzlech falsch ass d‘Situatioun ze beschéinegen. Domatter dierft si am liberale Lager zimlech eleng sinn…

Den Deputéierte Sven Clement (Piraten), och keen deen een net dem „alen Eisen“ zourechne kann, trëfft de Nol op de Kapp. Hien ass der Usiicht, datt een dorobber muss uecht doen, datt sech hannert dësen Zuele Mënsche verbiergen. A Mënsche sinn, wann ee se mam Réck widder d‘Mauer stellt, duerchaus bereet, hir „Kuuscht“ ze verdeedegen, wéi een dat androcksvoll a Frankräich gesäit.

Wat sinn d‘Ursaachen, wou sinn d‘Léisungen?

Fakt ass, datt wa schonn déi „Erwuessen“ net méi iwwert d‘Ronne kommen, well d‘Charge emol ze erdréckend sinn, da wierkt sech dat bei de Jonken nach méi krass aus. Hinne gëtt alles wat no „Perspektiv“ ausgesäit, geholl: exorbitant Loyeren, Aarbechtskonditiounen déi aller Beschreiwung spotten, e Schoulsystem deen alles wéi net Performant ass, firwat der vill fréizäiteg opginn.

Et ass richteg, datt d‘Politik de Problem kennt, an et ass genee esou richteg, datt vill Moossnamen ergraff goufe fir deem ze begéinen. Leider ass et esou, datt näischt dovunner wierklech effikass ass, an ee sech op e neits d‘Fro muss stellen, wiem seng Interesse vun der Politik tatsächlech vertruede ginn? Mat enger Schoulpolitik déi de Wirtschaftsinteresse gerecht gëtt, sinn et net deene Jonken hir.

Am Regierungsprogramm gëtt de „Kampf géint d‘Aarmut“ direkt véiermol genannt. Et war dann och den neien Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), dee gemengt huet: „De Kampf géint d‘Aarmut betrëfft all Ministère, an zitt sech wéi e roude Fuedem duerch de Regierungsprogramm“. Just datt kee Jonken (an och keen Alen) sech vun engem „roude Fuedem“ kann ernieren…

Aarmut

Et gëtt der awer, där Léisungen

Dat ganzt wier eng Grëtz manner traureg, wann et keng Léisunge géif ginn. Mee déi Léisunge gëtt et, a se si bekannt. Firwat et net besser gëtt, ass, wéi et den Deputéierte Marc Baum (déi lénk) richteg bemierkt, engem Sozialsystem geschëlt deen Ongerechtegkeeten net bekämpft, mee éischter verschäerft. En Siicht déi op der Tribün, vun der Majoritéit gedeelt ginn ass, also verbal natierlech.

Esou stellt den Deputéierte Georges Engel (LSAP) lapidar fest, datt Jonker ënner 25 Joer wéineg bis guer keng „Hëllef“ beusproche kënnen. Si hu kee Recht op Grondversuergung (REVIS), kréie kee Chômage an hu ganz oft net emol Zougank zur Krankekeess. Datt déi Jonk do schonn eppes méi benodeelegt sinn, misst zur Erkenntnis féieren, datt hei eppes grondsätzlech verkéiert ass.

Mee Politik ass och d‘Konscht sech rhetoresch esou auszedrécken, datt jidderee mengt „elo gëtt et endlech besser“. Esou gëtt ugefouert, datt d‘Erhéijung vum Mindestloun, d‘Schafe vun neie Wunnformen, eng besser Bildung an d‘Upassung vu soziale Leeschtungen, wierksam Moossname sinn fir géint den Aarmutsrisiko bei de Jonke virzegoen. Bei de bekannten Zuelen, éischter net…

Kann eng neoliberal Familljeministesch dat klären?

Den Aarmutsrisiko am grousse ganzen, an dee vun der Jugend am besonneschen, dee läit éischter an der Zoustännegkeet vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP), wéi beim Dan Kersch – och wann deen hei gefuerdert ass Verantwortung ze iwwerhuelen – an si stellt onverhuele fest, datt wann et engem Jonke schlecht geet, dat ee Jonken ze vill ass, an ee sech bekëmmere muss.

Et geet dann allerdéngs net duer Rieden ze schmäissen, et mussen och Dote follegen, a genee dat huet d‘Familljeministesch och wëlles. „Et gëtt villes ënnerholl fir et de jonke Mënschen ze erlaben en autonoomt a wierdegt Liewen ze féieren“, esou d‘Corinne Cahen. Mee de Wee ass e wäiten, a verkierzt sech net doduerch, datt ee sech falsche politesche Prioritéiten ënnerwerft.

Ze bedenken ass dann och, datt net all „Jonken“ op onbestëmmt Zäit bei den Eltere wunne kann. An dat erkläert och wéi séier et zur sozialer Ausgrenzung komme kann. Dat et net fir alles ëmmer direkt Léisunge gëtt, ass gewosst. Mee d‘Politik muss hei Verantwortung iwwerhuelen, a sech konkret mam Problem befaassen. Et kéint soss sinn, datt sech ob emol de Problem mat der Politik befaasst.

Ähnlech Sujeten Aarmut, Aarmutsbekämpfung, Jugend, Politik, Soziales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel