Search

You may also like

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall
Neiegkeeten

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall

Datt säitens dem Regime vu Pyonyang bis haut keen eenzegen

D‘Bildungspolitik nei orientéieren
Neiegkeeten

D‘Bildungspolitik nei orientéieren

Duerch d‘Resultater vun de Wahle vum leschte 14. Oktober, hunn

Am Interview mam Veit Etzold – Vu Sonnemëllech an dem Dram vum Fléien
Neiegkeeten

Am Interview mam Veit Etzold – Vu Sonnemëllech an dem Dram vum Fléien

Den Dr. Veit Etzold ass net nëmmen e begaabten Thrillerauteur

Jugendpräis 2021: Elo matmaachen!

Jugendpräis 2021: Elo matmaachen!

Den nationale Jugendservice (SNJ) wäert am kommende Joer eng weider Editioun vum Jugendpräis organiséieren. Nach bis de 15. Dezember 2020 hu Jonker d’Méiglechkeet hire Projet anzereechen an esou d’Chance op flott Präisser ze kréien.

All Informatiounen an de Formulaire fir sech unzemellen ginn et elo op der neier Internetsäit www.jugendprais.lu, d’Infobroschür kënnt Dir HEI eroflueden.

E bëssen anescht

Nodeems déi lescht Editiounen en immensen Erfolleg waren wollt den SNJ e puer Changementer am Konzept, sou wéi e méi modernen Design fir d’Identitéit ugoen. Ënnert anerem sinn esou d’Kategorien vun de Projeten ugepasst ginn an och de Prozess fir sech unzemellen gouf vereinfacht.

Déi verschidde Kategorien vun der Editioun 2021 sinn esou ausgewielt ginn, datt kleng Strukturen genee déi selwecht Chance hunn, wéi formell an informell Gruppen.

Folgend Kategorien stinn zur Auswiel:

  • Hot Topics: „No planet B“ a „Go digital“
    D’Projeten sollten ëm gréisser Aktualitéiten handelen, déi fir a vun eiser Gesellschaft als grouss Erausfuerderung ugesi ginn;
  • Best youthwork in town
    D’Projeten musse lokal an engem jäerlechen Aarbechtskader vun engem Jugendhaus oder enger Organisatioun mat oder fir Jugendlecher realiséiert ginn;
  • Making waves
    De Projet muss e groussen Impakt hunn, an zu Lëtzebuerg vun haaptsächlech Jonken duerchgefouert gi sinn;
  • We are the world
    D’Projeten sollten en transnationalen oder grenziwwerschreidenden Aspekt hunn, a Verbindung mat de Jugendlechen;
  • Peer to peer
    D’Projeten musse vun engem informelle Grupp Jugendlecher oder engem jonke Grupp a Form vun enger Asbl initiéiert a realiséiert ginn.

Zu de Präisser

Bei der Editioun 2021 ginn et zwee Spezialpräisser: De Publikumspräis, bei deem d’Ëffentlechkeet ënnert den 18 Nominéierte säi Favorit eraussicht, an de Spezialpräis „Corona“, deen den SNJ engem Projet iwwerreecht, deen op kreativ a positiv Aart a Weis op d’Erausfuerderunge vun der Pandemie äntwert.

Déi verschidde Projeten gi vun enger onofhängeger Jury an zwou Etappe bewäert. Um 6. Mee 2021 fënnt schliisslech am Forum Geesseknäppchen déi grouss Präisiwwerreechung statt. D’Laureaten (ee pro Kategorie) kréien e Check an Héicht vun 1.000 €, dee si ermuddege soll fir weider un hirem Projet ze schaffen.

Related topics Ännerungen, Appell zur Kandidatur, Forum Geesseknäppchen, Gewënn, Jugendpräis 2021, Kategorien, Matmaachen, Präisiwwerreechung, SNJ
Next post Previous post