Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer
Neiegkeeten

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer

Et war erëm un der Zäit a bei beschtem Summerwieder

Éischt Aktiounswoch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet
Neiegkeeten

Éischt Aktiounswoch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet

Méi zur sexueller an affektiver Gesondheet gewuer ginn an d’Ëffentlechkeet

Kritt den US-President seng léifste Spillsaach entzunn?
Neiegkeeten

Kritt den US-President seng léifste Spillsaach entzunn?

Den amerikanesche President wënscht sech eng gréisser Uwennung vun der

Jughurtsfabrick, Datenzenter an ee Militärsatellit

Vun enger Ierfschaft mat där direkt zwee Ministeren den Ament schéi geplot sinn...

Jughurtsfabrick, Datenzenter an ee Militärsatellit

Den Etienne Schneider huet als Vizepremier-, Wirtschafts- a Verdeedegungsminister eng Rei Projeten an Ugrëff geholl, déi engersäits dem François Bausch an anersäits dem Franz Fayot Kappzerbrieches bereede sollten. Et ass awer net esou, wéi wann den neie Verdeedegungsminister an de Wirtschaftsminister elo eng Zopp missten ausläffelen déi sech si net selwer agebrokt hätten.

Datt de Satellit duebel esou deier ginn ass wéi erhofft oder ugekënnegt – dee kascht elo 350 statt 170 Milliounen Euro – datt hätt och den Etienne Schneider net kënne virausgesinn a falls, dach wier et d‘Chamber déi hirer Opsiichtsflicht net nokomm wier. Wann een dann och nach kann iwwert de Sënn oder Onsënn vun esou engem Satellit streide kann, d‘Rechnung gëtt dovunner net méi bëlleg.

Weesentlech méi interessant ass et sech den Dossiere Fage (Jughurtsfabrick zu Beetebuerg) a Google (Datenzenter zu Biissen) unzehuelen, déi „Wuesstemsprojeten“ hänke jo den Ament an der Leitung fest, sinn alles wéi just net nohalteg an iwwert déi wirtschaftlech Plus-value kann een nach streiden, wëll et steet nach net. An esouguer de Minister weess net op se nach komme wäerten.

Géif de sozialistesche Wirtschaftsminister sech hei strikt nom Programm „Neistart Lëtzebuerg“ riichten, an deem et jo heescht, datt een der Nohaltegkeet de Virzuch wëll ginn; géif de Minister d‘Bierger consultéieren an d‘Fakten zu Ëmwelt an Energie, wéi och eng Previsioun vum notzen (Wirtschaft an Aarbechtsmaart) musse virleeën, géif him Wuel d‘Laun eppes abhande kommen.

Wou sinn se dann drun?

Gëschter sinn déi Deputéiert iwwert den aktuelle Stand opgekläert ginn, an dat wichtegst wat een hei zréckbehale muss: ausser datt e Grond a Buedem verkaf huet, ass een nach net wierklech mat den Dossiere virkomm. Am Kontext vun der Jughurtsfabrick huet d‘Ëmweltministesch gëschter erkläert, datt den Volet „Autorisatioun“ net komplett ass, do géifen nach „Elementer“ feelen.

Ënnert anerem muss nach dat mat der „Kompensatioun“ gekläert ginn an den Dossier zum Impakt op Natur an Ëmwelt, dee schonn en Ament op der Beetebuerger Gemeng läit a wéineg, fir net ze soe guer keen, Zousproch vun de Lokalpolitiker huet, soll elo dem Public zougänglech gemaach ginn. D‘Bierger vun der Gemeng kënnen dann am Kader vum Commodo/Incommodo hiren Avis ginn.

Nach emol kuerz zesummegefaasst: Fage huet fir 30 Milliounen Euro 15 Hektar Land verkaf kritt, a sollt 100 Milliounen Euro an ee Produktiounsstanduert stiechen, deen eng 100 Aarbechtsplaze géif generéieren. Ufänglech war de Waasserverbrauch mat deem vun 20.000 Menage verglach ginn, mee do hat den Etienne Schneider schonn d‘lescht Joer gemengt, datt de Projet iwwerschafft gi wier.

De Franz Fayot dee sengerzäit kee Problem mat der Vente vum Terrain hat, huet den Deputéierten elo erkläert, datt de Verkaf vu Grondstécker an Industriezonen net soll d‘Reegel sinn. Dat war et och ënnert sengem Virgänger net, an ausgeschloss huet de Wirtschaftsminister et jo elo och net. Bleift nach drop hinzeweisen, datt de Rechnungshaff mam Rapport zu dëser Vente beschäftegt ass.

Zu Biissen geet et och net virun

De Projet vum Google-Datenzenter, bei deem et méi Geheimnisser wéi Erkenntnisser gëtt, weess de Franz Fayot, datt hien do mat „Oppositioun“ ze rechnen huet, woubäi déi gréng sech hei un de Koalitiounsaccord hale wäerte, hir politesch Ausriichtung unzepasse wëssen. Woubäi et u sech egal ass, well et den Ament ass och dëse Projet nach an der Schwief, mee den Terrain deen ass fort.

An iwwerhaapt: et ass net Google (och wann do de Goss hierkënnt) deen den Terrain kaf huet, mee eng „Duechter, d‘LB-Technology Sàrl. Dat muss näischt bedeiten, mee well bal Alles an dësem Dossier geheim ass – net emol déi Deputéiert dierfe wësse wat de Staat do ausgehandelt huet – muss déi ganz Transaktioun kritesch betruecht ginn. An domadder ass jo nach laang net alles gesot.

Och hei ass den Impakt op Natur an Ëmwelt grouss, a wann d‘Carole Dieschbourg do bestëmmt ee ganz aneren Avis dozou huet, wéi de Mouvement Ecologique (Meco), esou dierft et bei de Bierger un Akzeptanz feelen. Net ze vergiessen, datt wéinst engem chinesesche Virus och de PAP (also den Amenagementsplang) nach net vum Biisser Gemengerot gestëmmt ginn ass. Et wier an der Maach.

Sollt dësen ugeholl ginn, wouvunner wuel auszegoen ass, da muss d‘Ëmweltministesch déi national Prozedur op de Wee bréngen. Flott wier et gewiescht, wann an dësem Kontext och de Minister fir Energie, Claude Turmes, un der Ronn deel geholl hätt. Ëmmerhi géif den Datenzenter mindestens 7% vum nationale Stroumverbrauch op sech verwennen, an et kéinten esouguer um Enn 14% sinn.

Foto: Wann a punkto Militärsatellit a Jughurtsfabrick esouwäit d‘Kommunikatioun stëmmeg ass, esou ass de „Kouhandel“ mat Google eng zolidd Nummer. 35 Milliounen Euro fir 33,7 Ha Land, Asiicht an den Dossier gëtt et exklusiv op Regierungsniveau, an dat de Grondstee wéi virgesinn 2023 sollt geluecht ginn, dovunner ka kee méi eeschthaft ausgoen. © Simon Wijers / unsplash

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Datenzenter, Fage, Fränz Fayot, Google, Jughurtsfabrick, LB-Technology, Militärsatellit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel