Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: Zuelespillereien
opening lines on online dating best dating sites for older singles uk

dating northamptonshire

All puer Méint ass et dat selwecht: RTL, Wort an

https://moien.lu/bru-speed-dating/
opening lines on online dating best dating sites for older singles uk

D‘Missioune vum Geheimdéngscht besser verstoen

De staatleche Geheimdéngscht (SRE), dee mam Gesetz vum 5 Juli

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser
opening lines on online dating best dating sites for older singles uk

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser

Vum 10. bis den 12. Oktober ginn a ganz Europa

surprise

Jughurtsfabrick: Etüd zum Impakt op d‘Ëmwelt läit elo vir

Fage wëll op sengem Standuert zu Beetebuerg pro Joer 80.000 Tonne Jughurt hierstellen

Jughurtsfabrick: Etüd zum Impakt op d‘Ëmwelt läit elo vir

De franséische Konzern Fage huet sech virgeholl an der Industriezon zu Beetebuerg op 15 Hektar eng Jughurtsfabrick opzeriichten. E Projet deen net bei jidderengem op Begeeschterung stéisst an zuweilen och nees dat „duebelt“ Mandat vu Lokalpolitiker a Fro stellt. Enn Juni hat esouguer eise Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP) deem Ganzen en „ironesche Charakter“ ginn.

Elo wou dann endlech d‘Etüd zum Impakt op d‘Ëmwelt virläit, sollt an dësem jo och däregen Dossier, endlech d‘Entscheedung gefält ginn: Kënnt se, oder kënnt se net d‘Jughurtsfabrick? De Rapport jiddefalls läit dem technesche Service vun der Gemeng Beetebuerg vir. Deen ass mat sengen 1.000 Säiten net nëmme voluminéis mee och entspriechend komplex, wat net verwonnert.

An och de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot huet den Dossier nach net weider agesinn, wat sech allerdéngs an de nächsten Deeg ännere sollt. De Buergermeeschter muss just nach d‘Dagesuerdnung vun den nächste Sëtzunge festleeën. De Laurent Zeimet (CSV) deen den Ament am Ausland ass, huet allerdéngs och nach keen Abléck an d‘Etüd gehat a ka sech net prononcéieren.

Mat der Virlag vun dëser Impaktstudie sollt et elo awer méiglech sinn, d‘Kommodo an Inkommodo Prozedur ze lancéieren. Déi betraffen Awunner kënnen sech dann zum Projet äusseren a Recoursen areechen, déi da vum Schäfferot ze analyséiere sinn. Woubäi dat eleng net wäert Ausschlaggebend sinn. Hannert dësem groussen Industrieprojet verstoppt sech och eng politesch Ausenanersetzung.

Kee Wuert zum Impakt op d‘Klimaziler

Während d‘Koalitiounsregierung vun DP-LSAP-déi gréng sech fir d‘Jughurtsfabrick ausgeschwat huet, ass déi lokal Koalitioun CSV-déi gréng (an där déi gréng Deputéiert Josée Lorsché Schäffin ass an den DP-Deputéierte Gusty Graas sech géinteniwwer stinn) net schaarf drop. An der Gemeng dergéint an der Chamber derfir, wéi soll de Bierger sech do eng politesch Meenung bilden?

Et dierf ee jo net vergiessen, datt de Claude Wiseler (CSV) am August mat enger parlamentarescher Fro de Projet net an ee gutt Liicht gestallt huet. Zudeem hat hie virun e puer Méint déi däitlech erkennbar „Duebelmoral“ vum Josée Lorsché ervirgehuewen. Woubäi een der Fraktiounspresidentin vun déi gréng muss zerguttst halen, datt si sech an der Chamber ni zugonschte vu Fage agesat huet.

Bleift nach drop zréckzekommen, datt den Etienne Schneider (LSAP) erkläert huet, datt wann dat neit Waasserwierk vun der SEBES bis steet, d‘SES (Syndicat den Eaux du Sud) an der Lag wier ab 2021 déi noutwenneg Waasserquantitéite fir „déck Clienten“ bereetzestellen. Mee fir den Ament ass et d‘Etüd déi weise muss, datt de Projet „Jughurtsfabrick“ eng qualitativ wäertvoll Investitioun ass.

Foto: Brauch Lëtzebuerg eng Jughurtsfabrick, déi eis Waasserressourcen zolidd an Usproch huele wäert, och wann et heescht mat engem neie Waasserwierk kéint een déi néideg Quantitéiten zur Verfügung stellen? A bréngt et dem Land eppes a punkto Aarbechtsplazen, oder gëtt sech hei op d‘Groussregioun bezunn? Et gëtt vill Froen, an déi wäert déi elo virgeluechten Impaktstudie wuel net beäntwerte kënnen. (Wolfgang Eckert / Pixabay)

Nächsten Artikel Virrechten Artikel