Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steesel: op Karfreideg e gebakene Fësch vu „La Perche“
barbie dating games mafa Stories

https://moien.lu/free-dating-in-atlanta/

Et muss een net e gleewege Mënsch sinn fir gewëssen

biodata lengkap pemain marriage not dating
barbie dating games mafa Stories

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi

Laut der leschter Ëmfro, steet fest: d‘EU ass esou beléift

money
D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft
barbie dating games mafa Stories

D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft

Am Inkubator fir lëtzebuergesch Sozial-Entreprisen am Déifferdenger „6Zero1“, ass um

De Krich um Balkan: dat bluddegt Enn vu Jugoslawien, erkläert

De Krich um Balkan: dat bluddegt Enn vu Jugoslawien, erkläert

Haut um Mëttwoch steet deen als „Metzler vum Balkan“ bekannte Ratko Mladic zu den Haag (Holland) virum internationale Strofgeriicht, wou hien an éischter Instanz fir seng Vergoen am Konflikt sollt veruerteelt ginn. En Uerteel dat e Kapitel vum Balkan-Konflikt schléisst, dat eng ganz Regioun zerrappt huet. Wonnen déi bis haut net verheelt sinn.

Iwwer 20 Joer nom Krich (1992-95) deen iwwer 100.000 Affer gefuerdert an eng ronn 2,2 Millioune Mënschen aus hirer Heemecht verdriwwen huet, ass net geséchert, datt den haut 74 Joer ale Militärchef vun de bosnesche Serben, och un der Verhandlung Deel hëlt. De Ratko Mladic ass och haut nach eng „Persoun“ tëscht Held a Mäerder, jee no Stand- a Gesiichtspunkt.

Vum Doud vum Tito 1980 zur Onofhängegkeet vum Kosovo 2008, bidde mir hei e Réckbléck op déi wichtegst Evenementer, déi zum bluddegen Niddergang vu Jugoslawien gefouert huet.

Nom Tito

Wéi den Josip Broz Tito 1980 gestuerwen ass, ass dat kommunistescht Jugoslawien, bestoend aus de sechs Republiken: Slowenien, Kroatien, Bosnien, Serbien, Montenegro a Mazedonien; an den zu Serbien gehéieregen autonome Provënzen: Vojvodina a Kosovo, an eng politesch a wirtschaftlech Kris gerëtscht déi dem Nationalismus Opwand ginn huet.

Déi éischt demokratesch Walen 1990, féieren zu der Victoire vu sämtlechen nationalistesche Parteien an alle Republiken. Un der Spëtzt vu Serbien, wëll de Slobodan Milosevic all d’Serbe vu Jugoslawien an engem „Staat“ zesummenhalen. Dat well se „Majoritär“ sinn a groussen Deeler vu Kroatien a Bosnien.

Krich fir d’Onofhängegkeet

De 25. Juni 1991, proklaméieren d’Parlamenter vu Slowenien a Kroatien hir Onofhängegkeet. Dat léist eng direkt Reaktioun vun der jugoslawescher Volleksarméi (JNA) aus, déi vu Belgrad kontrolléiert gëtt. No zéng Deeg vun heftegen Ausenanersetzungen, zitt sech d’JNA aus Slowenien zréck, een aus ethnescher Betruechtung unerkannten „homogenen Territoire“.

Mee et ass a Kroatien, wou sech d’JNA de lokale Serben uschléisst, déi sech géint d’Onofhängegkeet wieren an den Opstand géint Zagreb aleeden. De véier Joer unhalende Konflikt fuerdert iwwer 20.000 Affer.

Am Hiecht 1991, gëtt d’Stad Vukovar quasi integral vun de serbeschen „Truppen“ zerstéiert. Hei haten sech d’Moslemen an d’Kroate massiv fir d’Onofhängegkeet ausgeschwat. D’Serben hunn deemools ronn 30% vun den 4,4 Milliounen Awunner ausgemaach an haten sech der „Wahl“ verweigert.

Den 22. Mee trëtt Bosnien an d’UN an. D’Serben hunn d’Onofhängegkeet vun hirer Regioun, der „Republika Srpska“ an de vun hinne kontrolléierten Territoirë proklaméiert. D’Kroate maachen et hinnen no an déi dräi Communautéite liwweren sech dräi an d’halleft Joer laang eng Krich ouni Pardon. 100.000 Mënsche ginn hei ëmbruecht. Moslemen a Kroate sinn emol „Alliéiert“ an emol „Feind“ während dësem Konflikt.

Sarajewo a Srebrenica

Déi ernannten Haaptstad Sarajewo, mat 350.000 Awunner, gëtt 44 Méint laang vun de serbeschen Truppe belagert. Op mannst 10.000 Leit ginn hei ëmbruecht.

Iwwerhaapt ass de ganze Konflikt gezeechent vun de Massaker. Dee „schlëmmsten“ gëtt am Juli 1995 zu Srebrenica begaangen. Offiziellen Zuelen no, ginn an der Enklav am Oste vu Bosnien, 8.000 moslemesch Männer a Bouwe vun de serbeschen Truppen ermuerkst. Déi international Justiz qualifizéiert dëse Virgank als „Genozid“.

Géintiwwer der Zounam vun dëse Gräisslechkeeten, entscheet sech d’NATO den 30. August 1995 anzegräifen. NATO-Bomber gräife massiv déi militäresch Positioune vun de bosnesche Serben un.

De Friddensvertrag vun Dayton

Am November 1995, op Drock vun der internationaler Communautéit, notamment den USA, gi Friddensverhandlungen op der Militärbasis zu Dayton (Ohio) „organiséiert“. Domatter sollen d’Konflikter a Bosnien an a Kroatien beendegt ginn.

Bosnien gëtt nom Krich an zwou „Eenheeten“ opgedeelt, eng serbesch, déi aner kroatesch-moslemesch, mat enger „partieller“ Onofhängegkeet a verbonnen duerch schwaach zentral Institutiounen.

De Friddensvertrag gëtt de 14. Dezember 1995 zu Paräis vun de Presidenten: Slobodan Milosevic (Serbien), Franjo Tudjman (Kroatien) an Alija Izetbegovic (Bosnien) ënnerschriwwen.

De Kosovo-Konflikt

Dräi Joer méi spéit, 1998 am Kosovo. Eng albanesch separatistesch „Guerilla“ féiert zu enger repressiver Campagne säitens dem Regimm vu Belgrad.

Fir deem en Enn ze setzen, start d’NATO 1999 eng Operatioun vu massive Loftschléi géint Belgrad. No 78 Deeg zéien sech déi serbesch Truppen aus dem Kosovo zréck. De Kosovo gëtt an enger éischter Phas ënnert de Momper vun der UNO gestallt, iert d’Provënz am Februar 2008 seng Onofhängegkeet deklaréiert.

Dëse Konflikt huet 13.000 Affer gefuerdert. Déi fréier serbesch Provënz huet hir Onofhängegkeet vun 110 Staaten unerkannt kritt, net awer vu Belgrad.

mat AFP

Foto: De Ratko Mladic, besser bekannt als de „Metzler vum Balkan“ (hei Mëtt vum Bild) den 10. August 1993 bei senger „Visite“ vu Sarajevo. Hie steet haut zu den Haag viru Geriicht, wou hien fir Verbrieche géint d’Mënschheet sollt veruerteelt ginn. © Gabriel Bouys/AFP

Ähnlech Sujeten Jugoslawien, NATO, Ratko Mladic, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel