Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fest vun der Natur op der Kockelscheier
how hook up works

Fest vun der Natur op der Kockelscheier

E Samschdeg an e Sonndeg war op der Kockelscheier beim

things to know when dating a jamaican man
how hook up works

Wann der d‘Aktualitéit de Bilan muedebëtzeg mécht

Déi parlamentaresch Fraktioun vun déi gréng, ënnert der Leedung vum

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen
how hook up works

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen

Dënschdegowend zu Esch Uelzecht, et ass eng Auer zéng an

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen

Eng Buchkritik

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen

Dystopien sinn an der däitscher Literatur mëttlerweil in. Et ass wuel en Zeeche vun der Zäit. Typescherweis ginn der Figur an dëse Romaner eréischt mat der Zäit d‘An op. Am Juli Zeh sengem neie Roman Leere Herzen ass dat net de Fall. D’Britta, d’Haaptfigur, glänzt duerch politesch Passivitéit an deels oppener Kooperatioun mat dëser däischterer Zukunftsvisioun. Genau dat mécht d’Buch faszinant.

Mee skizzéiere mer emol d’Welt, déi d’Juli Zeh beschreift. D’Geschicht spillt an Däitschland, 8 Joer an der Zukunft, no enger konservativer Géigerevolutioun. D’Merkel ass ofgetrueden an eng Partei, d’BBB – e méi oder manner offensichtlechen Ersatz fir d’AfD – huet d’Muecht ergraff. Et geet anscheinend jidderengem ganz gutt. D’Aarbechtslosegkeet ass erof, d’Grondakommes gouf agefouert an d’Auslänner sinn zu engem groussen Deel erausgepucht ginn. Dem Mëttelstand feelt et un näischt an d’Zeitunge stëmmen der Regierung zou, déi grad dobäi ass, d’Demokratie Schrëtt fir Schrëtt ofzeschafen. All Kéiers, wa beim Lieser d’Alarmglacke leiden, bleift et am Roman roueg.

Zyneschen Opportunismus präägt eng Protagonistin, déi Sënnbild fir eng Mëttelklass ass, déi sech zeréck gezunn huet

D’Britta féiert eng Entreprise, déi „Die Brücke“ heescht. Ënnert dem Deckmantel vun der Suizidverhënnerung ginn Suizidärer, déi sech dozou ubidden, zu Selbstmordattentäter ausgebilt. Si ginn awer net vun der Brücke agesat – dofir sinn Terrororganisatiounen zoustänneg! Deenen hir Attentater suergen dann op politeschem Niveau dofir, datt alles bleift, wéi et ass, an nach méi Sécherheetspakéiter gestëmmt kënne ginn. Mee d’Rechnung geet deen Ament net méi op, wéi zwee Onbekannter ouni Erfolleg en Attentat beginn, wat „Die Brücke“ richteg an d’Bredouille bréngt.

De Plot ass hei manner de Grond, fir d‘Buch ze liesen. En ass zwar propper erzielt an huet e vill Tempo drop, hat een awer net vu lauter Originalitéit ëm. Et ass dann éischter dat, wat deelweis nëmmen ugedeit gëtt, wat ee bei der Stand hält. Dobäi spillen introspektiv Momenter eng wichteg Roll: D’Britta erzielt, wéi et selwer mol politesch aktiv war, wéi et sech engagéiert huet am politeschen Diskurs. A wéi dëse lues awer sécher verschwonnen ass, wéi d’Populiste mol bis un der Muecht waren. An de Biergertum sech decidéiert huet, sech aus dem ëffentlechen Diskurs zeréck ze zéien – deels aus Resignatioun, deels aus Gemittlechkeet. Datt dëst zu enger sech selwer nierender Spiral an den Ofgrond féiert, ass nëmmen all ze offensichtlech. Mee den an der Haaptfigur ënnerdréckte Konflikt, déi al Zäiten erëm ze kréien, ass den emotionale Kär vun der Geschicht. En erkläert och glänzend de finale Choix, deen d’Britta begeet, deen ech awer hei net wëll oppe leeën, et soll een jo nach d’Buch liesen.

D‘Juli Zeh adresséiert sech gekonnt un e méi jonke Publikum, deen sech den aktuelle politeschen Entwécklungen muechtlos ausgeliwwert gesäit

Dem Juli Zeh säin neie Roman gouf am däitsche Feuilleton net besonnesch positiv opgeholl. Do gëtt zum engen vun der „Moralkeule“ geschwat, zum aneren dovunner, datt et ze vill Plot an ze mann Geschicht ass. Sécherlech gefält net jidderengem di gerodlinneg Schreifweis déi d‘Juli Zeh hei iwwert länger Strecke notzt. Si huet allerdéngs seng Virdeeler: Et kënnt ee schnell zum Kär vun der Saach. Déi 300 an eppes Säite si liicht verdaut, d’Figure kloer an d’Themen uerdentlech ëmrass. Dat kann engem ze seicht sinn, mee d’Froen déi d’Buch opwërft sinn an hirer Aktualitéit an Drénglechkeet net vun der Hand ze weisen. Léisungsusätz bitt d’Buch keng, et versteet sech éischter als eng Warnung. Eng, déi een dëser Deeg oft ze héiere kritt, wat wuel de Virworf vun der Moralkeul erkläert, mee nach laang net legitiméiert.

Net legitim ass de Virworf virun allem well d’Britta selwer keen Auswee aus der Situatioun liwwert. Souguer déi „gutt al Zäit“ gëtt an engem deels selbstironesch verkläerten Toun beschriwwen. D’Buch wäert awer ganz bestëmmt all déi vun der Altersklass ënnert 35 uschwätzen, déi zwar zum engem politikverdrosse sinn, zum aneren awer och net méi wëssen, wat se géint e Populismus, deen ëmmer méi staark gëtt, solle maachen.

E bedréckend Buch fir bedréckend Zäiten.

Infos zum Buch:

ISBN: 978-3-630-87523-1

Opmaacherfoto: Odd ANDERSEN / AFP

Coverfoto: Luchterhand Literaturverlag / Randomhouse

Ähnlech Sujeten Bicher, Däitsch, Juli Zeh, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel