Virtrag an der BnL: Russen am besetzte Lëtzebuerg
Um 8. Oktober 2020 luet d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) op dem
Um 8. Oktober 2020 luet d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) op dem
Déi éischt Ronn vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball,
Wann et dem Robert Mehlen vun der ADR nogeet: „Jo!“
Datt gëschter d‘Distriktriichterin Vanessa Baraitser d‘Ausliwwerung vum WikiLeaksgrënner Julian Assange, den d‘USA wéinst „Spionage“ fir mindestens 175 Joer wëllen ewech spären, refuséiert an entspriechend geurteelt huet, ass wuel eng „Victoire“, mee beendegt dem 49 järegen Australier säi Leidenswee net. Zudeem huet den Affekot vun der Trump-Regierung, Edward Fitzgerald scho kloer gemaach, datt een géint dëst Urteel wäert a Revisioun goen. Dat war scho virum Urteel bekannt…
Allerdéngs, an dësen Detail ass wichteg: déi brittesch Riichterin huet den d‘Positioun vum Assange sengen Affekoten, datt dësen duerch d‘Meenungs- a Pressefräiheet geschützt wier zeréckgewisen. Si huet sech enger Ausweisung verweigert, well hir de Gesondheetszoustand vum Beklote vill Suerge maache géif a si fäert, datt sech den Assange an US-Haft kéint d‘Liewen huelen. Si well mat esou eppes weder hiert Gewëssen nach hir Carrière belaaschten. Den Assange bleift allerdéngs an Haft.
Et ass och keen Zoufall, datt d‘Regierung – déi an dësem Fall ganz kloer all Schratt mat den USA ofgeschwat huet – den Assange zu Belmarsh internéiert hunn. Hei ginn déi schlëmmste Verbriecher, Mäerder an Terroristen ënner „besonnesche Konditioune festgehalen“ an obwuel de Julian Assange „nëmme“ géint Kautiounsoplage verstouss huet, huet dëse missen an Isolatiounshaft gesat ginn, dat hat den US-Ambassadeur mat vill Nodrock vun der brittescher Regierung gefuerdert. Mee Firwat?
Nodeems sech d‘USA scho mat der brittescher Regierung iwwer zolidd „Erliichterunge“, bei der Iwwerwaachung vum Assange wärend sengem Openthalt an der ecuadorianescher Regierung, eens waren an och Ecuador, dem US-Geheimdéngscht seng Ambassade „opgemaach“ hat, gouf et keen objektive Grond, den Assange ënner „gewinnten“ Haftkonditiounen an Zougang zu Rechtsbäistand anzespären. Ausser dem UN-Sonnerberichterstatter hat dann hei och keen eppes ze mellen…
Muer Mëttwoch soll entscheet ginn op den Assange op Kautioun ka fräi gelooss ginn, woubäi een nach drop verweisen dierf, datt den Australier dréngend medezinesch sollt behandelt ginn. Et ass dann och net, wéi et méiglecherweis vun der ALJP kéint duergestallt ginn, eng rechtlech Victoire fir d‘Pressefräiheet, well d‘Gericht dem Bekloten seng Aktivitéiten näischt mat Journalismus ze dinn hunn. An nee de Julian Assange ass keen Enthüllungsjournalist, mee sécherlech eng gutt Source.