Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mexiko: Bewaffent Ausenanersetzung fuerdert 20 Affer
International Neiegkeeten

Mexiko: Bewaffent Ausenanersetzung fuerdert 20 Affer

Bei engem zolitte Gefecht an der Uertschaft Villa Union si

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?
International Neiegkeeten

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?

D’Schafung vun engem europäesche Parquet gëllt als Resultat vun engem

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show
International Neiegkeeten

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show

Vergaangene Freideg ass déi amerikanesch Violistin an Dänzerin Lindsey Stirling

Julian Assange: Staatsfeind oder Staatsfeind?

120 Doktere setze fir seng Fräiloossung an – Et geet ëm d‘Verdeedegung vun der Demokratie

Julian Assange: Staatsfeind oder Staatsfeind?

An der medezinescher Fachzäitschrëft The Lancet steet geschriwwen: „Ausgoend vun de Beweiser déi virleien, maache mir eis eeschthaft Suergen, datt de Julian Assange am Prisong kéint stierwen. Dat ass net nëmmen ongewinnt, mee en Appell deen esouwuel denoncéiert wéi ee beweist, datt ee Saachen nëmme laang genuch ausblenne muss fir se a Vergiessenheet geroden ze loossen.

JulianWou soss medezinesch Etüden a Fachartikel fir Doktere publizéiert ginn, gouf e Méindeg en oppene Bréif publizéiert, dee vun 117 Dokteren aus 18 Länner ënnerschriwwen ass. De Fall Assange hätt vill Facetten, esou d‘Argumentatioun vun de Medeziner an enger ongewinnter Interventioun, bei där et ëm Recht, Meenung- a Pressefräiheet, Politik… a jo och tatsächlech ëm Medezin geet.

Et ass gewosst, datt, sech de Gesondheetszoustand vum Julian Assange an de leschte Méint rapid an dramatesch verschlechtert huet. Bei enger Unhéierung am Oktober 2019 war hie kaum an der Lag e klore Gedanken ze faassen. Esouguer wéi hien noe sengem Numm an Gebuertsdatum gefrot gouf, hat hie gezéckt. D‘Auteure vum Bréif fuerderen dréngt verännert Haftbedéngunge fir den Assange.

Si sinn net déi eenzeg…

Den Appell vun de Dokteren ass net déi éischt ëffentlech Solidaritéitserklärung vu Personalitéiten. Schon Ufank Februar haten 130 Politiker, Kënschtler a Journalisten sech fir d‘Fräiloossung vum Julian Assange agesat. Eng Aktioun déi vum investigative Journalist Günther Wallraff initiéiert a vun der Literaturnobelpräisdréierin Elfriede Jelinek an dem Sigmar Gabriel ënnerstëtzt ginn ass.

Julian„Mir wëllen de Julian Assange ënnerstëtzen an esou eng Failliteerklärung vun der westlecher Rechtsstaatlechkeet verhënneren. Et ass eist Zil, méi Mënschen doriwwer opzeklären, datt et hei net eleng ëm d‘Verdeedegung vum Julian Assange selwer geet, mee ëm d‘Verdeedegung vun der Meenung- a Pressefräiheet, an domadder der Demokratie“, esou de Günther Wallraff.

Wann d‘Amerikaner dech als Gefor betruechten…

Elo gesinn awer och d‘Amerikaner d‘Demokratie a Gefor – also dat wat si haut ënner Demokratie verstinn. Esou de Mike Pompeo, aktuell Ausseminister vun der Trump-Administratioun mee am Abrëll 2017 nach den Direkter vum Auslandsgeheimdéngscht CIA. Net déi hellste Luucht am Wäissen Haus mee dofir entspriechend aggressiv. Géif et him nogoe, wier den Assange scho „fort“.

A senger Untrëttsried beim CIA huet de Politiker erkläert, datt déi vum Julian Assange gegrënnte Plattform „Wikileaks“ mat engem auslännesche Geheimdéngscht gläichzesetzen ass, an d‘Auteure mat Russland géifen zesummeschaffen. Dat bezitt sech op d‘Verëffentlechung vun internen e-Mails vun den Demokraten am Wahlkampf vun 2016. Wiem et genotzt huet ass bekannt…

Déi däischter Säit vun der Muecht…

Mee de Julian Assange huet sech mat engem mächtege Géigner ugeluecht. Dat sinn d‘USA, dat wahrscheinlech demokratescht Land op der Welt. E Land datt d‘UNO schwächt, den internationale Geriichtshaff zu Den Haag net unerkennt an nees Landminne ganz offiziell asetze wäert. Wien sech net un d‘Virgaben aus Washington hält ass kee Partner, mee e Feind a setzt sech Sanktiounen aus.

Dat stéiert den UN-Berichterstatter Nils Melzer wéineg. Deen hat schon am Mee d‘lescht Joer statuéiert, datt de Julian Assange all Symptomer vun unhalender Folter opweist. Et géif Zeechen déi drop hindeiten, datt de Mann soll „eliminéiert“ ginn: d‘Uklo ass e gefälscht Konstrukt, Beweiser si manipuléiert ginn an et géifen all Ustrengungen ergraff den Assange an d‘USA ze verfrachten.

Op d‘Brite kënnen sech d‘Amerikaner verloossen…

De Julian Assange, deen am Fréijoer 2019 den Asyl an der ecuadorianescher Ambassade géint eng Zell am briteschen Héichsécherheetsprisong vu Belmarsh getosch huet, géif ënnert de Folge vun der Folter leide behaapten d‘Medeziner, an dat ass esouguer richteg. D‘Briten, déi den Amerikaner de Gefaangene längst ausgehänndegt hätte wann d‘Gesetz et géif zouloossen, sinn nu emol serviabel…

Well seng Haftkonditiounen awer mediatiséiert goufen, ass hie kierzlech aus der Isolatioun (no gutt 9 Méint Eenzelhaft an Kontaktverbuet) erausgeholl ginn. Säi Frënd a Spriecher, den Islänner Kristinn Hrafnsson, huet dorops hi gemellt, et géif dem Julian Assange eppes besser. D‘USA hunn 18 Uklopunkte géint de Whistleblower opgestallt an e Fräisproch ass vëlleg ausgeschloss.

mat indymedia/lon/nyc/bru

Foto: © M. Lubbers

Ähnlech Sujeten Folter, Fräiloossung, JKulian Assange, Meenungsfräiheet, Oppene Bréif, Pressefräiheet, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel