Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lovecraft: De Meeschter vum kosmeschen Horror
https://moien.lu/hook-up-lines-to-use-on-guys/

Lovecraft: De Meeschter vum kosmeschen Horror

Dem H. P. Lovecraft säin Afloss op Science-Fiction an Horror

best korean dating websites
https://moien.lu/hook-up-lines-to-use-on-guys/

https://moien.lu/gamers-matchmaking/

Säit der Aweiung um 10. Dezember 2017 ass den „Funiculaire“

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung
https://moien.lu/hook-up-lines-to-use-on-guys/

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung

Nodeems sech den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker e Freideg fir d‘Ofschafe

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff

An da soll nach ee soen, si géinge sech keng Méih mi maachen

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte leeschte kënnen. Et ass wuel dat positiivst, wat ee spontan nom Kucke vu Jumanji: Welcome to the Jungle soe kann. Well de Film hätt bestëmmt sou oder sou Geld gemaach. Eng bekannten a beléifte Mark aus den 90er erëm zeréck ze bréngen ass meeschtens ganz profitabel. Mee Welcome to the Jungle versteet sech weder als platte Sequel, nach als e Remake vum Original. Nee, dëse Film spillt léiwer mat den Iddien vum Virbild a geet säin eegene Wee.

Den Original huet op eng konstant Vermëschung vun der Spillwelt an der realer Welt gesat. Welcome to the Jungle mécht et anescht: Mir hu véier Jugendlecher, déi ganz am Stil vu Breakfast Club zu enger Retenue verdonnert gi sinn. Dobäi stoussen se op eng al Videospillkonsol, wou d’Kassett vu Jumanji dra stécht. Jo, anscheinend mussen och fiktional Brietspiller mat der Zäit goen. Dobäi huet ee mir gesot, Brietspiller wieren erëm in. Mee egal: Si maachen den Apparat un – a kucke do! – si ginn an d’Spillwelt eragezunn. Dobäi huelen se d’Form vun hire Spillfiguren an. Den Nerd geréit ausgerechent den Dr. Smolder Bravestone (Dwayne the Rock Johnson), de Bicherwuerm krit d’Kampfamazone Ruby Roundhouse (Karen Gillan) spendéiert, dat iwwerflächlecht Meedchen gëtt zum Professor Sheldon “Shelly” Oberon (Jack Black) degradéiert an d’Sportskanoun fënnt sech an der Haut vum Franklin “Mouse” Finbar (Kevin Hart) erëm.

Fir de Plot viraus ze soe braucht ee weder Kristallkugel, nach Spektiv, mee et sinn d’Personnagen an d’Situatiounen, déi de Film flott maachen

Et weess een direkt wat kënnt: Am Verlaf vun der Quest léieren sech d’Figure méi kennen, mussen hir Viruerteeler ofbauen a realiséieren, wien se sinn. Et ass Breakfast Club meets Indiana Jones, dat am Schnellduerchlaf a mat manner Witz, dofir awer e Schoss méi Action. A wat dobäi eraus kennt, ass nawell guer net esou schlecht. Vill Witzer si gutt an Zeen gesat, d’Schauspiller hunn tatsächlech eng flott Dynamik an d’Figuren si sympathesch. Koppelt een dorunner nach e puer flott Kampfzeenen, dann huet een en uerdentlechen Summer-Blockbuster. Do stécht net vill Usproch dohannert, dat ass sécher, mee ech gi jo och net all Dag an de Kino fir Citizen Kane ze gesinn.

Dat kléngt elo villäicht e bësschen esou, wéi wann de Film et net der Wäert wier. An et kéint ee villes kritiséieren! Wéi zum Beispill, datt d’Figure vum Dwayne Johnson a Karen Gillan iwwerméisseg offensichtlech esou gebaut sinn, fir datt jiddereen eppes zum uglotzen/sabbelen huet. Oder datt de Film keng grouss thematesch Déift elo mol ofgesi vu sengem Breakfast Club-Hommage huet. Oder datt de Film verpasst, eppes Interessantes mat sengem Videospillsetting unzefänken.

Op der anerer Säit ass et schéin ze gesinn, datt Actionsequenzen erëm besser konstruéiert ginn, een als Zuschauer erëm weess, wat der Däiwel wou geschitt. Et mengt ee bal, d’80er wieren erëm do! An all Figur kritt säin eegene Entwécklungs-Bouh spendéiert! Dobäi ass och zimlech offensichtlech, datt Schauspiller vill Spaass domat haten, net nëmmen d’Klischee-Versioune vun hire Rollen ze spillen. Mee dobäi packen se et, och nach déi onsécher Teenager dohannert eriwwer ze bréngen. Dat féiert schonn zu bal surrealisteschen Zeenen, mee et weist, datt een hei e Schratt mi wäit gaangen ass, wéi néideg. Hätt net misse sinn, wéi ugangs gesot. Et gouf awer gemaach. An dowéinst verléisst een de Sall dann awer mat engem zefriddene Grinsen.

Ähnlech Sujeten Film, Jumanji, Kultur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel