Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MERG – Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich
Neiegkeeten

MERG – Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich

Hie war jonk, attraktiv, sportlech an och nach intelligent: Den

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!
Neiegkeeten

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

Ass den Assange a Liewensgefor?
Neiegkeeten

Ass den Assange a Liewensgefor?

An engem haut verëffentlechte Bréif un déi britesch Inneministesch, hunn

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Estland iwwerhëlt EU-Presidentschaft

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Malta huet den „Zepter“ vun der EU-Presidence un Estland weidergereecht. Domadder huet de baltesche Staat fir sechs Méint an der EU den Hutt op. Déi digital Entwécklung ass hei d’Prioritéit.

Während der Zeremonie zu Tallin huet den EU-Kommissiounspresident zouginn, nach ëmmer kee „Smartphone“ ze hunn. Bei der Pressekonferenz mam Premier Jüri Ratas sot de Jean-Claude Juncker: „Ech sollt et eigentlech net soen, mee ech soen et awer. Ech hunn nach ëmmer kee Smartphone. Ech kéint also net Premierminister vun Estland ginn, dat wier ganz onméiglech.“

„De Jüri weess dat an dowéinst huet hie mir, wéi am 19. Joerhonnert, eng Kaart mat der Post geschéckt, fir mech op Tallin anzelueden“, esou de Jean-Claude Juncker weider. Et ass allerdéngs net wierklech ee Geheimnis, datt eise fréiere Premier nach ëmmer een alen Handy benotzt. De Nokia erfëllt eben nach ëmmer säin Zweck, et kann een domadder tefelonéieren.

Digitale Virreider

Fir d’éischt a senger Geschicht iwwerhëlt déi fréier sowjetesch Republik, Member vun der EU zanter 2004, fir en halleft Joer d’EU-Presidence. Eigentlech wier et u Groussbritannien gewiescht d’Presidence ze iwwerhuelen, mee do ass jo déi Saach mam Brexit.

Eng un a fir sech gutt Entscheedung, wëll dee klenge baltesche Staat ass ee vun den am stäerksten digitaliséierte Memberlänner vun der EU. Hei mëscht een dann och kee Kräiz méi op engem Ziedel wa Walen ustinn. Gewielt gëtt digital!

„Ouni en Techniker ze sinn, weess ech, datt ons Zukunft digital ass“, sot den EU-Kommissiounspresident. De Jüri Ratas huet a senger Ried drop higewisen, dass déi digital Entwécklung eng vun de véier Prioritéite vun estnescher Presidence ass.

Fräien Datenaustausch

An deem Sënn wëll den estnesche Premier dann och dofir suergen, datt de fräien Echange vun Daten an der EU, déi fënneft fundamental Fräiheet vun Europa gëtt. Déi véier aktuell Fräiheeten déi duerch den Bannemaart garantéiert sinn, betreffen de fräien Ëmlaf vun der Wueren, dem Kapital, den Déngschtleeschtungen an de Mënschen.

No der neier Well vu Cyberugrëff, déi sech vun der Ukrain aus iwwert d’Welt verbreet huet, ass d’Sécherheet an dëser Domän och eng Prioritéit, stellt de Jean-Claude Juncker Fest: „Den Erfolleg vum digitale Marché hänkt um Vertraue vun den Europäer. Ech hoffen datt mir är Erfarung am Bezuch op d’Sécherheet kënnen deelen.“

Erënnere mer an dësem Zesummenhang, datt Estland 2007 d’Affer vun enger grousser Cybrattack war. Déi war deemools de Russen zougeschriwwe ginn. An Estland huet d’NATO en Zentrum fir Cyberverdeedegung ageriicht.

Foto: Zwee déi mateneen eens ginn. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an den estnesche President Kersti Kaljulaid zu Tallin (© Patras Malukas/AFP)

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Jean-Claude Juncker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel