Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf
Neiegkeeten

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de

Déi Istanbuler Hagia Sophia gëtt nees zur Moschee
Neiegkeeten

Déi Istanbuler Hagia Sophia gëtt nees zur Moschee

Laut dem Geriicht ass d‘Hagia Sophia (ronn dräi Millioune Visiteuren

De Govsat-1 gëtt als Investitioun gefeiert – mee kéint och de bluddegen Asaz vun Drone mat sech bréngen
Neiegkeeten

De Govsat-1 gëtt als Investitioun gefeiert – mee kéint och de bluddegen Asaz vun Drone mat sech bréngen

Den Owend tëscht 10 an 11 soll et sou wäit

D‘Dommheet a seng méiglech juristesch Folgen

En Affekot versicht sech an Erklärungen an deit drop hin, datt d‘Party am Bambësch d‘Geriichter beschäftege kéint

D‘Dommheet a seng méiglech juristesch Folgen

De Maître Jean-Jacques Schonckert huet sech mëttels engem Lieserbréif op der Internetsäit vu RTL, zu den Exactiounen am Bambësch, déi an der Nuecht vun de Freideg op e Samschdeg stattfonnt hunn geäussert. Hei hunn iwwer 150 Persounen eng fett Party gefeiert, a wéi d‘Police op der Plaz huet misse feststellen, hunn sech déi allermannsten un d‘Reegele gehalen.

Esou „Festlechkeeten“ déi eigentlech strengstens verbuede sinn, kéinten oder sollten dann och vun den Autoritéite mat der entspriechender Konsequenz verfollegt ginn. Den Affekot bezitt sech heibäi allerdéngs explizit net op d‘Covid19-Gesetz, mee verweist op déi juristesch Konsequenzen am Kader vun der „responsabilité civile et penale“. De Mê. Schonckert ass hei zimmlech ausféierlech.

Hie verweist op d‘Artikelen 1382 an 1383 vum Code civil an deenen et heescht, datt wien engem aneren ee Schued zoufüügt dësen entschiedege muss; an dat jidderee fir dee Schued deen hien ugeriicht huet, duerch de Fait, d‘Noléissegkeet oder Onvirsiichtegkeet, verantwortlech ass. Dës Artikele fannen Uwennung, wann eng infizéiert Persoun sech wëssentlech un esou eppes bedeelegt.

juristesch

Anescht ausgedréckt, wien sech mam Covid19 infizéiert huet, an deemno och ugewisen ass sech a Quarantaine ze beginn, respektiv sech vun aneren ze isoléieren, an un esou engem Fest deelhëlt (mee dat gëllt och am Fall wou e géif op d‘Schaff oder Akafe goen) riskéiert sech viru Geriicht mussen ze veräntwerten, wann eng Persoun mengt sech iwwert dëse Wee ugestach ze hunn.

Den Affekot stellt hei allerdéngs och kloer, datt de Beschëllegten net automatesch mat engem Urteel zu sengen Ongonschte rechne muss. Et muss jo d‘Infektioun nogewise ginn, d‘Kausalitéit spillt eng Roll an och d‘Affer kéint jo ee Feeler gemaach hunn. De Maître Jean-Jacques Schonckert léisst keen Zweiwel op, datt esou eng Affär, wann se bis ugelaf ass, zu weidere Poursuitte féiere kann.

Nieft der ziviller Klo, kann déi beschëllegt Persoun och vum Parquet wéinst Kierperverletzung ugeklot ginn. An hei verweist den Affekot nach zousätzlech drop, datt dëse Raisonnement och kann op moralesch Persounen (Entreprisen, Veräiner an/oder Administratiounen) ausgewäit ginn, wann déi net déi entspriechend Moossnamen ergraff hu fir hir Gäscht/Cliente géint esou Leit ze schützen.

Interessant dann eng vun den Iwwerleeungen, déi de Jurist zum Ausdrock bruecht huet. Esou wier hien dach zolidd erstaunt iwwert de Fait, dat déi politesch a sanitär verantwortlech Stellen, bis ewell nach net de Public informéiert hunn, wat engem alles ka geschéien, wann een sech net un déi am Kontext vun der Covid19-Pandemie opgestallte Reegelen hält. Dat wier jo elo heimatter gekläert.

Illustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Ähnlech Sujeten Code Civil, Covid19, Mê. Jean-Jacques Schonckert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel