Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eurostat: BIP a berufflech Aktivitéit ëm 0,2 % geklommen
International Neiegkeeten

Eurostat: BIP a berufflech Aktivitéit ëm 0,2 % geklommen

Am Verglach zum Virquartal ass de BIP, wéi och déi

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU
International Neiegkeeten

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU

Et ass net de Krich am Jemen, dee mat all

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun
International Neiegkeeten

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun

Well ech mech op ee laangen Openthalt an engem Spidol

Juristesch Néierlag fir den US-President

Et war kee gudden Dag fir den Donald Trump, e Mann esou tolerant a wäitsiichteg, datt hien de Programm zum Schutz vun de sougenannten „Dreamer“ - jonk Immigranten – wollt beendegen. D‘Supreme Court huet elo net de Programm mee de President gestoppt.

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte Geriichtshaff dem Milliardär an d‘Zopp spéitst, an hien huet dann och iwwer Twitter nogefrot, ob et do eventuell Riichter hätt, déi hien net leide kéinten. Schonn ee Méindeg hat d‘Supreme Court geurteelt, datt ee Mënschen net wéinst hirer sexueller Orientéierung dierft entloossen, an elo sollen d‘Kanner bleiwen dierfen.

Dëse Programm mam techneschen Numm DACA (Deferred Action for Childhood Arrivals) war vum fréiere President Barack Obama zum Schutz vu jonke Migranten, déi als Kanner illegal mat hiren Elteren an d‘USA agereest waren, lancéiert ginn. Dës Mënschen, déi zanterhier legal an den USA bleiwen dierfen, net awer US-Bierger kënne ginn, ginn als „Dreamer“ bezeechent,

US-PresidentElo hunn d‘Riichter allerdéngs net iwwert d‘Zoulässegkeet vum Programm u sech geurteelt, mee iwwert déi aus hirer Siicht mangelhaft Annonce vun der Trump-Administratioun. An hirem Urteel heescht et dann och, datt fir Rechtssécherheet ze schafen, sech Demokraten a Republikaner am Kongress op eng Léisung ze verstännegen hätten. 5 Méint virun de Walen ass dat net ze maachen.

De Programm selwer huet bei béide Parteien seng Unhänger, woubäi d‘Republikaner bis ewell ëmmer drop bestanen hunn, eng Ofstëmmung dozou, mat weideren Awanderungsgesetzer ze verbannen. Dat awer wëllen d‘Demokraten net. An esou wéi sech de Wahlkampf fir dem Donald Trump säin zweet Mandat entwéckelt, ass net dovunner auszegoen, datt ee Konsens méiglech ass.

Esou rose wéi eng Spann

Den US-President, de bekanntlech ganz emotiounsfräi a mat vill Fangerspëtzegefill op Noriichte reagéiert déi him net geleeë kommen, huet iwwert säi Presseportal Twitter d‘Welt wësse gelooss, datt et sech bei dësem Urteel op en Neits ëm eng schrecklech politesch beaflosst Entscheedung handelt a freet seng Fans: „Hutt dir den Androck, datt de Supreme Court mech net leide kann?“.

US-PresidentWann ee bedenkt wat sech den US-President beméit huet „seng Leit“ um ieweschte Geriichtshaff ënnerzebréngen, da wier ee wuel och eppes saierlech, wann déi engem zum Dank an de Réck falen. Ee vu senge „Leit“ de Riichter Clarence Thomas huet fir d‘Gefiller vum Milliardär Versteesdemech an huet och d‘Urteel vu seng Kollegen op de Leescht geholl an eppes Kritik ausgeüübt.

Hien ass der Usiicht dat de Supreme Court, hei eng politesch kontrovers a juristesch korrekt Decisioun verpasst hunn. Elo misst dëse Problem politesch geléist ginn. De Barack Obama huet och d‘Wuert ergraff, an op Twitter d‘Urteel begréisst: „Mir gesi vläicht anescht aus a mir komme vun iwwerall hir, mee et sinn eis gemeinsam Wäerter déi eis zu Amerikaner maachen“.

US-PresidentDen Donald Trump huet sengersäits an engem Tweet ugekënnegt, datt hien un enger neier Lëscht vu „konservative Kandidaten“ fir den ieweschte Geriichtshaff schafft. Bezunn op déi rezent Urteeler, kann ee sech virstellen, datt dës Lëscht dem US-President schwéier um Häerz läit. Bis zum 1. September soll dës Lëscht mat den Nominéierten ëffentlech gemaach ginn. Dat ass spannend…

Randnotiz

Fënnef vun de néng Riichter sinn der Usiicht, datt den Heemechtsministère vun der Regierung, rechtlech net schlësseg a mat der gebuedener Suergfalt begrënnt huet, firwat een de Programm beendege sollt. Et ass also keng grondsätzlech Entscheedung zum Programm u sech. Hei gëtt eendeiteg der Regierung erkläert, datt si hiren Awand besser begrënnen an sech och un d‘Prozeduren hale muss. D‘Regierung kann also nach emol versichen de Programm ze beendegen, brauch dann awer eng besser juristesch fundéiert Begrënnung.

US-PresidentAn dësem Programm befannen sech aktuell ronn 650.000 Mënschen. Fir déi ass d‘Urteel dann awer eng Erliichterung. Zum enge behalen si hire Schutzstatut, dierfe weiderhi ganz legal schaffen an kënnen hire Statut all zwee Joer erneieren. Déi hoffen natierlech, datt den Donald Trump am November net méi gewielt gëtt, well dësem säin demokratesche Géigner, Joe Biden, huet sech zimmlech däitlech fir de Programm ausgeschwat.

Sécherheet kënnen dës Mënschen awer eréischt dann erlaangen, wann de Programm an ee Gesetz iwwerfouert gëtt. Bis dohinner ass DACA nëmmen eng presidentiell Unuerdnung vum Barack Obama. Mee och wann den Joe Biden sollt de 46. US-President ginn, ouni eppes Ënnerstëtzung aus dem Lager vun de Republikaner kënnt esou ee Gesetz nimools duerch. Et ass een also vun enger Léisung am eigentleche Sënn nach ganz wäit ewech

mat indymedia/nyc

Foto: D‘Supreme Court zu Washington. © Claire Anderson / unsplash

Ähnlech Sujeten DACA, Donald Trump, Dreamer, Supreme Court, USA, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel