Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire
International Money Neiegkeeten

D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire

Viru 25 Joer gouf se zu Washington gegrënnt, déi „Social

Geschlechtergläichheet gëtt et net!
International Money Neiegkeeten

Geschlechtergläichheet gëtt et net!

Wann d‘Ministesch fir d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra e kloert

LuxFilmFest 2020 – Ee Festival fir d’Aen!
International Money Neiegkeeten

LuxFilmFest 2020 – Ee Festival fir d’Aen!

Vum 5. bis de 15. Mäerz 2020 fënnt de Luxembourg

money

Juristesch Néierlag fir d‘EZB

Bundesverfassungsgeriicht kippt EuGH-Urteel a kënnt zum Schluss, datt dat villt Geld, dat déi europäesch Zentralbank a Staatsobligatiounen an aner Wäertpabeier gestach huet, eendeiteg hir Kompetenzen iwwertrëfft.

Juristesch Néierlag fir d‘EZB

Zu Karlsruhe huet dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht gëschter en Urteel geschwat, vun deem nach oft wäert rieds sinn. Scho bei der Annonce, konnt een sech virstellen, hei geet et ëm de spréchwiertleche „Schlag an d‘Gesiicht“. De President vum Bundesverfassungsgeriicht, Andreas Voßkuhle:

Dir Dammen an Hären, dat virleiend Urteel ass kee liichte Kascht. Fir déi éischte Kéier a senger Geschicht, stellt d‘Bundesverfassungsgeriicht fest, datt Handlungen an Entscheedunge vun EU-Organer offensichtlech net vun der europäescher Kompetenzuerdnung gedeckt sinn, an dohier an Däitschland keng Wierksamkeet entfale kënnen“.

Wat war geschitt, firwat dëst Urteel? Am Zäitraum tëscht 2015 an 2018, huet d‘EZB 2,6 Billiounen Euro an de Kaf vu Staatsobligatiounen a Wäertpabeier investéiert fir d‘EURO-Zon ze stabiliséieren an den EuGH hat dës Entscheedung ausdrécklech gebëllegt (EuGH C-493/17). D‘Riichter zu Karlsruhe sinn elo der Usiicht, datt dëse Programm partiell der däitscher Verfassung widdersprécht.

Laut dem gëschter virgeluechten, 110 Säiten ëmfaassenden Urteel, huet déi vum Mario Draghi geleeten europäesch Zentralbank hir Kompetenzen iwwerschratt. An der Praxis géif dat dann elo heeschen, datt déi Däitsch Bundesbank net méi dierf un de Programmer vun der EZB deelhuelen, ausser dem Italiener seng Nofolgerin, Christine Lagarde ka bannent dräi Méint novollzéibar duerleeën, datt dës Programmer verhältnisméisseg sinn.

Dat sinn denkbar schlecht Nouvelle fir d‘Chefetage vun der EZB, schliisslech ass déi däitsch Bundesbank mat 26% de gréissten Undeelseegener vun dëser europäescher Finanzinstitutioun, an entspriechend ëmfangräich ass där hire Kafvolummen. Gutt, et sollt een dovunner ausgoen dierfen, datt d‘Juriste vun der EZB am genannten Zäitraum eng ausféierlech Begrënnung noliwwert, a et wäert wuel och rechtlech Korrekture säitens dem Bundestag musse ginn.

Keng Zopp gëtt esou waarm giess wéi se gekacht gëtt

Wat awer och aus dem Urteel ervirgeet, an dat ass wuel mat dat wichtegst, d‘Riichter zu Karlsruhe hunn, entgéint de Kläger(¹), net vun enger verbuedener „Staatsfinanzéierung“ geschwat, an esou sinn déi aktuell Hëllefsprogrammer an Kontext vun der duerch d‘Covid19-Pandemie ausgeléiste Kris, vun dësem Urteel net betraff. Aktuell finanziell Hëllefsmoossname vun der EU oder der EZB, am Zesummenhang mat der géigewäerteger Kris, sinn net Géigestand vun dëser Decisioun.

An awer kéint dëst Urteel Nobesserunge bei de Coronavirus-Hëllefsprogrammer mat sech bréngen, fir nei Kloen ze verhënneren. Zudeem dierf ee behaapten, datt dëst Urteel eng Kampfuso un den europäesche Geriichtshaff ass, well an Zukunft och aner Memberlänner d‘Entscheedunge vum EuGH – wann se net passen – mat enger änlecher Begrënnung ignoréiere kënnen. Eleng wann een un d‘Regierunge vu Polen an Ungarn denkt, geet ersiichtlech, datt dëst Urteel schwéier weit.

An der Konsequenz, dierft de „lässegen Ëmgang“ vun der EU-Kommissioun mat den eegene Rechtsvirschrëften zu wiedere politesche Verwerfunge kommen. D‘EZB, déi hire Sëtz zu Frankfurt-am-Main huet dann och scho Positioun géintiwwer dësem Urteel bezunn. An enger kuerzer Notiz heescht et, datt een d‘Urteel zur Kenntnis geholl huet, mee de Rot vun der EZB weiderhin alles wäert ënnerhuelen, d‘Präisstabilitéit ze erhalen. Dofir misst d‘Inflatioun op ronn 2% klammen.

mat indymedia/fra

Foto: De Sëtz vun der europäescher Zentralbank zu Frankfurt-am-Main. © Dimitri Karastelev / unsplash

(¹) Géint de Kaf vu Staatsobligatiounen a Wäertpabeier haten ënnert anerem den CSU-Politiker Peter Gauweiler, de Grënner vun der AfD Bernd Lucke esou wéi och de Berliner Professer Markus Kerber geklot. Sengerzäit huet d‘EZB all Mount fir 60 Milliarden Euro Wäertpabeier kaf, déi schonn um Maart waren (Sekundärmaart), dorënner dann och déi Staatsobligatiounen. Ab September 2018 ass dëse Montant vun dunn 30 Milliarden, op 15 Milliarden Euro reduzéiert ginn.

Ähnlech Sujeten Deutsche Bundesbank, EUGH, EZB, Staatsobligatiounen, Verfassungsgeriicht, Wäertpabeier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel