Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Oprëschte fir de Fridden?“: déi lénk zum NATO-Sommet
https://moien.lu/this-house-supports-online-dating/

„Oprëschte fir de Fridden?“: déi lénk zum NATO-Sommet

Fir déi lénk stinn d‘Aussoe vum Premierminister Xavier Bettel (DP)

https://moien.lu/mens-health-top-dating-sites/
https://moien.lu/this-house-supports-online-dating/

dating godly man

Haut um fréie Mueren huet d’Inneministesch Taina Bofferding nees zwee

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech
https://moien.lu/this-house-supports-online-dating/

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A1

D’Lëtzebuergesch Politik brauch méi Transparenz a manner Interessekonflikter, esou d’Jusos

Virun allem d'Viviane Reding steet an der Kritik

D’Lëtzebuergesch Politik brauch méi Transparenz a manner Interessekonflikter, esou d’Jusos

D’Jonk Sozialiste Lëtzebuerg spueren net u Kritik vis a vis vun der CSV. D’Partei wier méi dorunner interesséiert, d’Ministerposte schonn am viraus ze besetzen, wéi mat Inhalter ze iwwerzeegen. Net nëmmen hätte si e blatzege Spëtzekandidat, mee och d’Viviane Reding kéint si wéineg iwwerzeegen. Schlëmmer nach, si wier e perfekt Beispill fir déi aktuelle Stëmmung bei der CSV, esou déi Jonk Sozialisten an hirer Pressematdeelung.

Fënnt hei e politeschen Dréindier-Effekt statt?

Net nëmme wier d’Viviane Reding ouni groussaarteg Inhalter ënnerwee, mee et misst ee sech nach ganz aner Froe bei hir stellen. Esou géing d’Politikerin am Opsiichtsrot vu gläich 12 verschiddenen Organisatiounen sëtzen. Méi Abléck kritt een do an der Lobbypedia: Souwuel bei der Bertelsmann Stiftung (Medien), wéi och bei Agfa-Gevaert (Foto-Technik) an Nyrstar (Biergbau) ass d’Viviane Reding nach niewebäi täteg. Dës Tätegkeete goufen vun der Europäescher Kommissioun accordéiert.

De Wiessel bei d’Bertelsmann Stiftung huet och an der internationaler Press fir Kritik gesuergt. D’TAZ ass esouguer esou wäit gaangen an huet d’Politikerin als “Bertelsmann-Kommissarin” bezeechent. Kritesch ze gesi wier de Wiessel virun allem, well d’Viviane Reding gläichzäiteg am Handelsausschoss vum Europaparlament souz, esou d’TAZ.

Déi Jonk Sozialiste fuerderen, datt am Kader vun de Nationalwahlen eng Lëscht sollt opgestallt ginn. Op dëser sollen d’Nieweverdéngschter an Opsiichtsréit verzeechent ginn, wéi beim Europaparlament. Dës Lëscht kéint dann op der Internetsäit vun de Wahle ëffentlech gemaach ginn. Och di aner Nieweverdéngschter sollen de Jusos no ëffentlech ginn. Am Moment ass een eréischt ab 5.000€ verflicht, dëst ze maachen.

Foto: D’Viviane Reding am Europaparlament zu Stroossbuerg (Vum 9. Oktober 2013) AFP PHOTO/FREDERICK FLORIN / AFP PHOTO / FREDERICK FLORIN

 

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, CSV, Jonk Sozialiste, Lëtzebuerg, Transparenz, Viviane Reding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel