Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Déngscht vum Bierger
Neiegkeeten

Am Déngscht vum Bierger

Um Donneschdegowend war op der Gemeng zu Schëffleng eppes méi

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!
Neiegkeeten

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!

D’Wierder gëtt erëm besser, do froen sech der verschiddener, op

Just zur Erënnerung: Hënt gëtt un der Auer gedréit

Just zur Erënnerung: Hënt gëtt un der Auer gedréit

Et ass sécherlech verständlech, datt engem zur Stonn aner Saachen duerch de Kapp gi wéi Wanter- a Summerzäit, a wierklech matkritt datt dat meteorologescht Fréijoer schonn zougeschloen huet… An awer, d‘Deeg gi nees méi laang, a wien d‘Nues virun d‘Dier gehalen huet dee konnt d‘Vulle päifen héieren. An esoulaang keen zu Bréissel dat anescht entscheet, gëtt dës Nuecht d‘Auer ëmgestallt.

Méi prezis: se gëtt virgestallt, a mir verléieren eng Stonn, firwat et Moies nees eppes méi laang däischter bleift. Dofir kéint een dann Owes eppes méi laang d‘Sonn genéissen. Zanter 1977 leeft dëse Kino schonn, an de Gedanken dohannert war et Energie ze spueren. Eng Erkenntnis déi längst an den Anale vun der Geschicht versenkt ginn ass. De wirtschaftlechen Notzen ass widderluecht.

An och déi nei EU-Kommissioun ass es deem un der Auer dréinen iwwerdrësseg, wat zudeem och aus enger ëffentlecher Consultatioun vun den EU-Bierger ervirgaangen ass. Sechs Milliounen EU-Bierger haten der Zäitëmstellung d‘Rout Kaart gewisen. Déi grouss Majoritéit vun de Residente sinn iwwregens och fir d‘Ofschafen, an zwee vun dräi Leit géifen d‘Summerzäit gäre behalen.

Illustratioun: © Erik Witsoe / unsplash

Ähnlech Sujeten Summerzäit, Wanterzäit, Zäizëmstellung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel