Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“
Neiegkeeten

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

Grouss innovativ Projete sinn ëmmer och mat Risike verbonnen, an

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel
Neiegkeeten

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel

Esou schnell, wéi se ugefaangen hat, esou schnell war se

Opruff vum STATEC
Neiegkeeten

Opruff vum STATEC

De STATEC fuerdert all Eenzelpersounen, Haushälter a Betriber op, weiderhin

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen

Op Propositioun vun der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) hat de Regierungsrot den 20. Mee d‘Decisioun geholl am Kontext vun der Prozesskäschtenhëllef – mat där soll séchergestallt ginn, datt Leit déi net iwwert déi néideg Finanze verfügen och juristesche Bäistand kréien – de Stonnesatz fir den Affekot ëm 10% ugehuewe gëtt.

Dës Stonnesätz sinn ënnert dem Artikel 9 vum modifizéierte groussherzogleche Reglement vum 18. September 1995 gereegelt. Eng Upassung vun dëse gouf fir d‘Lescht 2011. Den neie Stonnesatz fir Affekote klëmmt vu 87 op 96 Euro, dee fir d‘Stagiaire vun 58 op 64 Euro. Déi nei Tariffer sinn mat Akraafttriede vum neie groussherzogleche Reglement vum 29. Juli 2020 gülteg (2. August 2020)

De President vum Jonke Barreau Andreas Hommel an d‘Vizepresidentin vun der Affekotekummer, Valerie Dupong, hunn dëse Schratt begréisst. Si gesäit dat als ee positiivt Signal an dëse jo awer eppes schwieregen Zäiten. Den Andreas Hommel ënnersträicht sengersäits, datt een hei de soziale Volet net dierf iwwersinn, an datt vill Affekoten sech der juristescher Assistenz verschriwwen hunn.

Illustratioun: Tingey Injury Law Firm / unsplash

Ähnlech Sujeten Affekoten, Assistance Juridique, Justiz, Prozesskäschtenhëllef, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel