Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York
Neiegkeeten

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York

Nodeems mir gëschter vun der Visiokonferenz vun de Membere vum

Déifferdeng ënnert neiem Management
Neiegkeeten

Déifferdeng ënnert neiem Management

Am Kader vun de Gemengerotssëtzung gëschter, ass d‘Christiane Brassel-Rausch (déi

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun
Neiegkeeten

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun

An engem Communiqué hunn, déi Schwäizer federal Kommissioun vun de

Sträit tëscht Justiz a Krautmaart

Sträit tëscht Justiz a Krautmaart

Et schéngt sech ze erweisen, datt den Dissens tëscht der Justiz an dem Krautmaart méi déif gräift, wéi een dat am éischten Ablack wollt unhuelen. D‘Chamber an d‘Justiz maachen sech géigesäiteg zolidd Virwërf wat de Respekt vun der Gewaltentrennung ugeet. D‘CSV erwaart sech elo vun der Justizministesch eng Stellungnam.

Heibäi geet et ëm dee bis ewell leschten „Eclat“ dee vun der Bertelsmannduechter RTL public gemaach gouf. Bei RTL hu se vun engem Bréif vun der Procureure Martine Solovieff un den CSV-Deputéierte Felix Eischen geschwat, an deem si vun hirem fréieren Aarbechtskolleg soll gefuerdert hunn, d‘Source vun engem Dokument ze nennen, an deem eventuell Infraktiounen opgelëscht sinn.

Et wier datt da schonn de zweete Bréif, dee vum Martine Solovieff un d‘Chamber geriicht gëtt, an dat ass schonn eppes staarken Tubak. Et muss een der Procureure vläicht an Erënnerung ruffen, datt en Deputéierten net kann opgefuerdert ginn seng „Quellen“ oppen duerzeleeën. Et ass dobäi och vëlleg onerhieflech, datt den éischte Bréif eng Reaktioun op eng parlamentaresch Fro war.

Am zweete Bréif soll et dann och, esou d‘Versioun vun der Procureure, nëmmen drëms gaange sinn „méi Informatiounen“ ze erhalen. D‘Martine Solovieff ënnersträicht: „Wann den Här Deputéierte mir erkläert hätt, datt dat vermeintlecht Dokument am ëffentlechen Domän ugesidelt ass, hätt een et dobäi kënne beloossen“. Nee kann een net, an et ass schonn en Affront et iwwerhaapt ze versichen.

Fir d‘Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen, ass hei ganz däitlech eng rout Linn iwwerschratt ginn. Hir Fraktioun an déi ganz Partei wäert dat elo net op sech beroue loossen. Esou Methode sinn onzoulässeg firwat d‘CSV dës „Affär“ elo wëll op d‘Dagesuerdnung vun der Kommissioun vun den Institutioune setze wëll. Vun enger gudder Entente kann also net rieds sinn.

Foto: Mathias Schild / Pixabay

Ähnlech Sujeten Felix Eischen, Gewaltentrennung, Justiz, Krautmaart, Martine Solovieff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel