Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss
Kultur Neiegkeeten

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet,

Geet esou d’Gerechtegkeet a Polen zu Enn?
Kultur Neiegkeeten

Geet esou d’Gerechtegkeet a Polen zu Enn?

Trotz de Warnunge vu Bréissel, huet sech déi nationalkonservativ Majoritéit

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag
Kultur Neiegkeeten

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag

A senger Ried op Hellegowend, huet de Groussherzog Henri wäit

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019

Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht Iessen, zesumme mat musikaleschem Spektakel sicht, ass an der Brasserie K116 genau richteg. Elo hu si de Programm bis Enn August 2019 bekannt gemaach.

Mam industrielle Stil bitt d’Brasserie K116 eng ganz besonnesch Atmosphär. Mat senger Proximitéit zur Kulturfabrik ass et déi ideal Locatioun, fir no oder virun engem Spektakel ee gudde Maufel ze iessen an eppes ze drénken. D’Brasserie bitt hei ee grousse Choix u fantasteschem Iessen, souwuel fir d’Carnivoren, wéi och fir d’Vegetarier. Dobäi gëtt vill Wäert op regional Produite geluecht. Och mat hirem stänneg wiesselenden Dagesmenü fir Mëttes an exzellentem Präis-Leeschtungs-Verhältnis kann de K116 iwwerzeegen.

Och hei an der Brasserie kritt een, nieft Iessen a Gedrénks, all leschte Mëttwochs am Mount ee flotten Dinner-Concert gebueden. Esou kann een d’Optrëtter vun de beschten Artisten aus der Grouss-Regioun, zesumme mat herrleche Spezialitéiten aus der Kiche genéissen.

De Programm steet fest! Bis Enn August 2019 kann een hei renomméiert Artisten optriede gesinn, an dat gratis. D’Platzen si limitéiert a sou sollt een drun denken, virdrun iwwert Telefon (+352 26 17 59 74) ze reservéieren. Méi dozou gëtt et ënnert www.k116.lu.

De Programm 2019

  • 30. Januar 2019: Stelise
    D’Band Stelise ass am August 2016 gegrënnt ginn an huet Enn lescht Joer ee super Album mat 12 Songs erausbruecht. Mat Aflëss vu Pink Floyd a Radiohead spillen si eng faszinéirend Mëschung aus melodeschem Rock an Trip-Hop. Déi zaart zerbriechlech Stëmm vun der Sängerin Elise Nunes ënnersträicht de Stil voll a ganz a komplettéiert esou d’Konzept.

    K116

    © Stelise

  • 27. Februar 2019: The Tame and the Wild
    Mat nostalgeschem Indie-Folk rappt The Tame and the Wild een definitiv vum Hocker. D’Band ëm de Sänger-Duo Seja a Flëpp thematiséiert an hirer Musek d’Natur, d’Mier an d’Stären. Mee och Beräicher wéi den Alter, Éierlechkeet an d’Erënnerung ginn opgegraff. Mat Aflëss vun Daughter, Kodaline, Boy a Feist kann ee sech op ee flotten Owend astellen!

    K116

    © The Tame and the Wild

  • 27. Mäerz 2019: Greg Lamy & Marco Massa
    Schonn 2018 huet dëse Grupp an der Brasserie K116 een exzeptionellen Owend gebueden. De Quartett ëm den Greg Lamy huet mat Optrëtter op der ganzer Welt am Beräich Jazz op sech opmierksam gemaach. Op hirer Rees duerch Italien huet sech hinnen de Marco Massa, Jazzmuseker mat immens poetescher Oder ugeschloss.

    K116

    © Paulo Lobo

  • 24. Abrëll 2019: Josh Island
    De Singer-Songwriter Josh Island vereent déi verschiddenste Stiler an enger Persoun. Seng Musek gräift souwuel Elementer aus dem Folk, wéi och aus dem Jazz a Blues op. Am Abrëll kann ee sech freeën op d’Presentatioun vu senger éischter EP mam Titel „One“. Mat 20 Joer beandrockt hie mat immens melodesche Kläng a musikaleschem Elan.

    K116

    © Stephane Planchon

  • 29. Mee 2019: Woman’s Work
    An dësem Mount ass et un de Frae fir sech ze beweisen an dat mat den zwee héichklassegen Artiste vu Woman’s Work: d’Silvia Berthold (Gesang) an d’Tanja Silcher (Kontrabass) wäerten d’Häerz méi schnell klappe loossen. Dobäi setzen si sech keng musikalesch Limitten a reese mat eis vun emotionale Balladen an de Pop oder de Rock.

    K116

    © Woman’s Work

  • 26. Juni 2019: Irina
    Zu Lëtzebuerg ass d’Band ëm d’Irina Holzinger an de Kim Mersch scho bekannt. Am Mäerz 2019 wäerten d’Museker hiren neien Album „Colors“ an der Escher Kulturfabrik presentéieren, wat de Programm am Juni an der Brasserie sécher beräichere wäert. Vu melancholesche Balladen, iwwert Folk-Songs, bis hin zum Pop, wou een zum Danzen animéiert gëtt, ass alles dobäi!

    K116

    © Lugdivine Unfer

  • 31. Juli 2019: Go By Brooks
    Un dësem Owend kënnt Dir Iech op een immensen Akustik-Concert  vu Go By Brooks mat Lidder vum neien Album „Another Flame“ freeën. Mëttlerweil besteet d’Band, déi 2013 gegrënnt ginn ass, aus fënnef Memberen a begeeschtert mat engem Repertoire u Pop-Rock a klasseschem Rock. Mat Optrëtter an zu Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken, Tréier an Arel gehéiere si scho bal zu den alen Huese vum Geschäft.

    K116

    © Lugdivine Unfer

Ähnlech Sujeten Brasserie K116, Go Bye Brooks, Greg Lamy & Marco Massa, Irina, Josh Island, Stelise, The Tame and the Wild, Woman's Work
Nächsten Artikel Virrechten Artikel