Search

You may also like

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?
Kultur Neiegkeeten

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?

Et war nees där Optrëtter een, deen un däischter Zäiten

Aktivdoheem.lu: Sportlech aktiv, och wärend der Coronakris!
Kultur Neiegkeeten

Aktivdoheem.lu: Sportlech aktiv, och wärend der Coronakris!

Fir d’Ausbreedung vum Coronavirus Covid-19 op ee Maximum ze limitéiert,

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“
Kultur Neiegkeeten

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“

Zesumme mat der ASTI an Amnesty International hu Militante vun

Kadaver-Konscht am Casino: Wéi wäit dierf een nach goen?

Kadaver-Konscht am Casino: Wéi wäit dierf een nach goen?

Zënter dem 7. Mäerz suergt d’Artistin Sophie Jung mat der Expo They Might Stay The Night net nëmme fir Begeeschterung bei de Frënn vun der Absurditéit a konschtinteresséierten Genossen. Mam Presentéiere vun Déiere-Kadaveren duerch d’Ausstellung am Casino – Forum d’art contemporain a mat der Ënnerstëtzung säitens der Kulturministesch Sam Tanson ass ee wuel an d’Fettnäpfchen getrëppelt. Hei kënnt d’Fro vun der kënschtlerescher Fräiheet op, oder och méi graff gesot „Dierfen déi dat?“

D’Sophie Jung, Kënschtlerin mat Wunnsëtz zu London a Basel, huet sech mëttlerweil an der Zeen een Numm gemaach, dat duerch seng Spréng tëscht Humor, Schimt, Matleed, Freed, Onsënn, Schabernack an dem Onvirstellbaren. Dobäi gëtt am konstante Wandel mat positiven an negative Gefiller gespillt, bis sech schliisslech fir de Visiteur déi eege Geschicht zum Wierk opdeet. Wou elo eng Säit d’Konscht gewäerde léisst, freet ee sech op der anerer Säit, op d’Sophie Jung et vläicht e bësse wäit gedriwwen huet mat der Absurditéit.

Kee Respekt viru Liewewiesen?

Tëscht schwiewende Matratzen mat agebautem Ventilator a modifizéierte Fotellen ass nu emol och eng Rei doudeg Déieren inszenéiert. Sief et d’Sëtzgeleeënheet aus enger Hiezung mat zwee wahrscheinlech groe Fiiss, de fléiende Rack mam Kazeschwanz oder och de wäissen Hocker mat de klengen Déiercher am passende Faarftoun – d’Opreegung ass grouss. Iwwert d’Biller op de soziale Medien ginn dës Wierker als geschmaachlos, traureg an ouni Respekt viru Liewewiesen deklaréiert.

Och de Marc Goergen vun de Piraten ass mat engem Bréif vum 27. Mäerz op dës Thematik agaangen. Ëm wéi eng Aart vun Déier et sech handelt, vu wou si kommen a wéi de Message säitens der Kënschtlerin ze verstoen ass, hätt hien, a wuel och vill aner Visiteuren an Observateuren vun de soziale Medien gäre beäntwert.

Ma, nodeems d’Kritike grouss gi sinn, huet d’Kulturministesch Sam Tanson sech zu hirem eegene Beitrag geäussert an ënnersträicht, datt d’Fräiheet vun der Konscht elementar fir d’Demokratie ass. Et wier net hir Aufgab ze decidéiere wat Konscht wier a wat net, mee et sollt ee wëssen, datt Kënschtler mat hirem Wierken och schockéieren dierfen. Als Artist setzt ee sech natierlech och kritesch mat senger eegener Aarbecht auserneen. An jo, d’Sophie Jung géif oft Objete vu Floumäert notzen.

D’Saach mat der kënschtlerescher Fräiheet

Scho säit d’Konscht existéiert ass gewollt an ongewollt fir Opreegung gesuergt ginn. Schonn ëmmer sinn Traditiounen a Reegelen express gebrach ginn, fir an d’Gespréich ze kommen an de Spectateur zum Nodenken ze verleeden. A schonn ëmmer huet den Artist mat dësem Choix och de Risiko op sech geholl, net nëmme mat Kritik, mee och mat Beleidegungen ze rechnen.

Dobäi muss d’Konscht ëmmer op een Neits ee Stéck ze wäit goen fir esou déi eege Grenzen vun der Fräiheet auszehandelen. Et geet ëm Diskussioun a Reflexioun, dorëm am Gediechtnes vum Visiteur ze bleiwen an och emol iwwert d’Zil hinaus ze schéissen. Soulaang keen anert Individuum ënnert dem eegenen Handele leit, dierft ee jo eigentlech maachen, wéi ee wëll.

Am Fall vun der Expo They Might Stay The Night kann een elo nees den banneschten Déiereschützer eraushänke loossen a mam granzege Mob matzéien, oder et fänkt een emol un ze hannerfroen. Sollt d’Kënschtlerin nämlech, wéi sou oft an der Vergaangenheet, d’Déieren op engem Floumaart fonnt hunn, hätt si hinnen eng nei Funktioun geschenkt. Wier et besser, ee Liewewiesen ëmzebréngen an et duerno ewech ze geheien?

Ganz kloer ënnerstëtze mir keng Form vun Déierequälerei. Mat deem wat schonn existéiert sollt awer och een Artist d’Recht hunn, fräi schaffen ze dierfen. De Mord ass geschitt, an dat wahrscheinlech net mam Zil eng Expo ze organiséieren. D’Fro nom Sënn wäerte mir mat der Äntwert op dëse Bréif kréien.

Opmaacherbild: Biller vun der Expo They Might Stay The Night op Facebook bei der Kulturministesch Sam Tanson

Related topics Casino Forum d'Art Contemporain, Déieren, Fräiheet, Kadaver, Konscht, Marc Goergen, Opreegung, parlamentaresch Fro, Piraten, Sam Tanson, Sophie Jung, They Might Stay The Night
Next post Previous post