IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër
D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP passt sech den neien Erausfuerderungen un a
D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP passt sech den neien Erausfuerderungen un a
De groussen Theater an der Stad war gëschter Owend strubbelvoll,
Nodeems déi Lénk festgestallt hunn, datt déi zweet Etapp vun der Covid19-Testcampagne verschidde privat Firme vergi goufen, fuerderen si, datt de Kampf géint de Coronavirus ënner ëffentlecher Kontroll muss bleiwen.
Domat ass PwC souguer zweemol op der Lëscht vertrueden! Dobäi kënnt dann nach, datt „Laboratoires Réunis“ an d’Militärlogistiker Ecolog alles wat den Terrain ubelaangt dominéieren. (Hei sinn d‘Teststatiounen an d‘Laborënnersichunge gemengt)
Hei gëtt de Gesondheetsministère déi ganz Steierung, Kontroll a Kontakter an d’Hänn vun der privater Wiertschaft – an dësem Fall, sinn et déi grouss Firme vum Lëtzebuerger Finanzsecteur. Do ass d’Fro nawell berechtegt, ob dës Firmen iwwerhaapt qualifizéiert fir dës Aufgab sinn. Oder geet et nëmmen ëm d’Geld?
Dëst ass anscheinend eng Strategie vum Staat, déi nawell zënter Joren ugewannt gëtt. Et ass also kee Problem Kompetenzen, Verantwortungen a finanziell Mëttel aus der ëffentlecher an déi privat Hand ze verlageren.
Et ass also kee Wonner, datt déi lénk sech iwwert dëst Behuele vun der Lëtzebuergescher opreegen an eng Ännerung fuerderen. De Finanzsecteur däerf eis Awunner net esou kontrolléieren. Freet e sech nach wéi den normale Bierger op dës Neiegkeete reagéiert …
Well et ass ganz kloer, datt de Glanz vun der Glafwierdegkeet an och vum Large-Scale-Testing (LST) ufänkt Rëss ze kréien. déi lénk leenen dës Kaddoen un de Finanzsecteur kategoresch of a fuerderen eng ëffentlech Gesondheetspolitik, wou och Gemengen a sozial Ariichtungen e Wuert matzeschwätzen hunn.
Zesumme kéint een, am Interesse vun eis all, d’Date sammelen a sech der Selbstbestëmmung unhuelen. Ausserdeem kéinte schonn aktiv Acteure gestäerkt ginn.
De Premierminister Xavier Bettel huet eemol behaapt, hie géing wëssen, datt et sech bei der Abezéiung vun dëse Big Four-Vertrieder an d’COVID19-Task Force ëm Gratisbäiträg vun de Firmen handele géif. Dobäi schéngt et éischter als Investitioun geduecht ze sinn.
Do freet e sech, ob d’Entreprisen sech un d’Bedéngunge gehalen hunn, fir dës lukrativ Offeren u Land ze zéien.
Fir déi aus de Féiss ze schafen, fuerderen déi lénk prinzipiell d‘Verëffentlechung vun der wirtschaftlecher Verbindung vun allen, un der Covid19-Fuerschung an de Covid19-Moossname bedeelegte Persounen.
Amplaz de Big Four d’Täsche voll ze maachen, missten déi Lëtzebuerg Bierger*innen an hirem Handelen ënnerstëtzt gi fir zesumme géint dës Pandemie virzegoen. Déi Milliounen déi ewéi üblech un de Finanzsecteur ginn, wären an dësem Fall besser anzwousch anescht ugeluecht gewiescht.
Illustratioun: © Kira auf der Heide / unsplash