Search

You may also like

Marghem géint Dieschbourg – Een nukleaart Mëssverständnes?
Neiegkeeten

Marghem géint Dieschbourg – Een nukleaart Mëssverständnes?

Nodeems d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung,

Behëlt sech de Client dernieft, bezilt de Cafetier d‘Rechnung
Neiegkeeten

Behëlt sech de Client dernieft, bezilt de Cafetier d‘Rechnung

E Gerant vun engem Bistro war net iwwerzeegt, d‘Verantwortung fir

Cactus: Mangel u sozialer Verantwortung féiert zur Schlichtungsprozedur
Neiegkeeten

Cactus: Mangel u sozialer Verantwortung féiert zur Schlichtungsprozedur

Beim Cactus leet ee grousse Wäert drop datt de Client

Ee neie Kader fir den Télétravail?

Patronat a Gewerkschafte schéngen sech eens ze sinn, an hunn een Accord ugekënnegt

Ee neie Kader fir den Télétravail?

Wann d‘Regierung beim Debat zur Petitioun 1556 der Saach éischter déi „kal Schëller“ gewisen huet, an der Meenung ass et bréicht kee Gesetz, dat engem Salarié en Usproch op Télétravail soll garantéieren, esou schéngt en alternative Wee méiglech.

Datt sech den Homeoffice an alle Wirtschaftsberäicher „bewisen“ huet, an et kaum een dierft ginn, deen et wëll a Fro stellen, dat ass Gewosst. Esou d‘Chamber – eegenen Aussoe folgend – hätt et ouni den Télétravail an der Kris (an och elo nach ëmmer, wann och manner) net iwwert d‘Ronne kritt. Dat hunn se elo och bei der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen (UEL) erkannt, an et soll e eng Concertatioun mat de Gewerkschafte LCGB an OGBL ginn hunn.

Mam previsibelen Accord, tëscht der UEL an de genannte Gewerkschaften, geet et net ëm een op d‘Kris ausgeriicht Ofkommes, mee ganz kloer drëms, ee Kader fir dës Aarbechtsform festzeleeën. Woubäi et do scho Grondsätz gëtt, déi 2006 an engem éischten Accord festgehale goufen. Vill vun deem muss elo aktualiséiert ginn. Am neien „Ofkommes“ gëtt dann och tëscht „geleeëntlech“ a „reegelméisseg“ am Kontext vum Homeoffice differenzéiert.

Déi éischt Variant war an ass fir onvirgesinn Ëmstänn geduecht. Fir als „geleeëntlech“ betruecht ze ginn, dierf den Télétravail als solches, net iwwer 10% vun der Aarbechtszäit erausgoen. Wann et da soll zur „Reegel“ ginn, muss et vertraglech festgeluecht ginn. Hei soll sech den Employeur dann och verflichten, dem Salarié déi fir den Homeoffice noutwenneg Ausrëschtung zur Verfügung ze stellen. Den Télétravail ass zudeem eppes Fräiwëlleges.

Wat de fiskale Volet betrëfft, dee jo besonnesch fir d‘Grenzgänger eng Aschränkung duerstellt, esou erwaarden d‘Vertragspartner vun der Regierung, entspriechend Accorde mat den Noperen ze fannen an am Sënn vun allen Interesséierten duerchzesetzen. Dat dierft net einfach ginn, well se alleguerte verschidden Usiichten hunn, a mam Homeoffice änlech schlecht ëmgi wéi der Covid19-Pandemie. Mee d‘Hoffnung stierft och a Krisenzäiten als lescht.

Illustratioun: Jo net iwwerall dierft sech den Télétravail esou flott gestalte wéi hei duergestallt, mee datt dës Aart ze schaffen och vill Virdeeler huet, dierft net zur Diskussdioun stoen. © Luke Peters / unsplash

Related topics Homeoffice, Petitioun 1556, Serge Remy, Télétravail, UEL
Next post Previous post