Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn
Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat
Um Donneschdeg huet Facebook bekannt ginn, datt d‘Posts vu 14
Op der leschter Komiteessëtzung vum SIGI virun der Summervakanz, waren
Den OGBL (Majoritéitsgewerkschaft vum Secteur a Spriecher bei de Verhandlungen) an den LCGB hunn op dësem Freideg, mat den dräi ëffentleche Fuerschungsariichtungen: LIH, LISER a LIST d‘Kaderkonventioun fir Salariéeën aus dem Secteur vun der ëffentlecher Fuerschung renouvelléiert.
Dës Konventioun huet eng Lafzäit vun dräi Joer (1. Januar 2018 – 31. Dezember 2020) an ass déi eenzeg senger Aart zu Lëtzebuerg. Si war eng éischte Kéier 2016 fir eng Dauer vun zwee Joer ënnerschriwwe ginn. Si bestëmmt déi gemeinsam „Mindestuferderunge“ fir déi dräi Strukturen.
Et soll derzou bäidroen d‘Aarbechtskonditiounen an d‘Astellungsbedingunge vum Personal ze harmoniséieren, während d‘Gehälter, d‘Carrièren an Uwennungsmodalitéiten individuell an all Fuerschungsariichtung verhandelt ginn. D‘Gespréicher haten den 13. September 2017 ugefaangen.
Ugesiichts dësem Datum, stellt ee fest, datt et net einfach war e Konsens ze fannen. Et war esouguer am Februar zu engem Sondage beim Personal komm, fir ze ermëttelen, wéi eng Fuerderunge vun de Gewerkschaften, déi gréissten Ënnerstëtzung géifen erhalen. 5 Fuerderunge sinn ermëttelt ginn:
Nom „Sondage“ konnten d‘Verhandlungen an engem konstruktive Klima weidergefouert ginn, an et ass een bei all den uewe genannte Punkte Schratt fir Schratt viru komm. Esou konnt schliisslech en Accord fonnt ginn, dee ganz, der zumindest partiell de Fuerderunge vum Personal entsprach huet:
Zudeem erhéicht sech mat der Kaderkonventioun, d‘Mindestzuel vu Congésdeeg vun 28 op 32, esou wéi dat schonn op méi niddregen Niveau an de verschiddene Strukturen ugewannt ginn ass.
Eng Rei weider Punkte sinn an der Kaderkonventioun bäi komm. Si betreffen d‘Proufzäit, den aussergewéinleche Congé (Gläichstellung vu Bestietnes an PACS), d‘Méiglechkeet fir d‘Salariéeë mat engem auslafende CDD, fräigestallt ze gi fir e Virstellungsgespréich féieren ze kënnen.
Déi individuell Schutzausrëschtung muss vum Patron gestallt ginn, an dee muss sech och um M-Pass bedeelegen. Net ze vergiessen, den neien Artikel dee bäikomm ass, a sech der spezifescher Situatioun vun den Doktoranden a sougenannte „Post-Docs“ mat engem CDD, unhëlt.
Säitens dem OGBL gëtt awer bedauert, datt et zu onnéidege Verzögerunge komm ass. Datt elo, ee Joer nodeems déi éischt Kaderkonventioun ausgelaf ass, endlech konnt ënnerschriwwe ginn, wou een sech eigentlech schonn am Juli op bal alle Punkten eens war.
Foto: courtesy SEW-OGBL / LCGB