Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Virbildlech Noperen
International Neiegkeeten

Virbildlech Noperen

Et ass wuel nëmmen een eemolege Gest, fir deen sech

Den „Etat de Crise“ gëtt ëm dräi Méint verlängert
International Neiegkeeten

Den „Etat de Crise“ gëtt ëm dräi Méint verlängert

Samschdeg 14 Auer um Krautmaart: All déi an der Chamber

Weltsommet fir d‘Impfung
International Neiegkeeten

Weltsommet fir d‘Impfung

Um haidegen Donneschdeg organiséiert d‘EU-Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Weltgesondheetsorganisatioun

Ab wéini ass Gewaltuwennung disproportionéiert ?

Ab wéini ass Gewaltuwennung disproportionéiert ?

De 17. August huet de Schüler Kadir G. (15 Joer) sech zu Hamburg mat 8 Polizisten ugeluecht, si hunn e missen iwwerwältegen. E Video an de sozialen Netzwierker suergt fir vill Kritik. Et ass vu Policegewalt riets. De Journalist Tarak Baé huet sech dem Fall ugeholl an en Interview mam Kadir gefouert. Mir kruten d’Erlabnis et an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen.

Wéi ass d’Virgeschicht vum Video? Wéi koum et zu där Situatioun, an deene Polizistinnen a Poliziste ronderëm Iech stinn?

Kadir G.: Ech war mat engem e-Scooter ënnerwee a sinn um Trottoir gefuer. Ech géif gär erwänen, datt ech an Hamburg dausende Mënsche mat deene Scooter um Trottoir gesinn. Se ginn do geparkt an dono kann een direkt lassfueren. E Polizist huet mech ugehalen an huet mir gesot, ech dierft net um Trottoir fueren. Ech sot, datt sech kee gestéiert fillt. Dunn sot hunn, mir kéinten och diskutéieren an ech soll vum e-Scooter erofklammen. Dat hunn ech gemaach. Banne kuerzer Zäit stoungen dunn zwou Polizistinnen an zwee Poliziste ronderëm mech. Si wollte meng Personalien. Den éischte Polizist sot, datt ech, opgrond vun enger Uerdnungswiddregkeet eng Strof bezuele muss. Meng Fro, wat dat kascht a genee heescht, huet de Beamten net beäntwert.

Kadir

D’Police erkläert an enger Pressematdeelung, si hätten Iech méi ewéi eemol opgefuerdert, sech auszeweisen. Kënnt Dir dat bestätegen?

Kadir G.: An dëser Duerstellung wëll ech e puer Punkte kloerstellen. Ech si 15 Joer al. Eréischt ab de 16 Liewensjoer besteet an Däitschland eng Auswäisflicht. Dat weess ech. Ech hunn dem Polizist mäin Alter matgedeelt. Ech hunn och haart an däitlech mäin Numm gesot. Den e-Scooter, mat deem ech gefuer sinn, hat ee Kennzeechen, iwwert dat e mech ouni Problemer hätt kéinte fannen. Déi muss e jo ënnert dem richtegen Numm lounen. D’Police wollt onbedéngt, datt ech meng Karte d’Identitéit virweisen. Mä ech hat se net dobäi. Ech hunn hinnen ugebueden, mäi Papp unzeruffen, fir dat hien d’Kaart bréngt, mä dat hunn se net erlaabt. Ech duerft och net u meng Posch, déi um Buedem louch. Dunn soten si mir, ech mat op de Policebüro goen. Ech wollt awer net, well ech meng Personalien dach schonn s gesot hunn, a souguer ugebueden hunn d‘Carte d’Identité bréngen ze loossen. Dunn huet d’Police ugefaange mech festzehalen.

Ass dat de Moment, an deem d’Video ufänkt an déi véier Beamtinnen a Beamte probéieren, Iech festzehalen an Dir protestéiert?

Kadir G.: D’Polizisten hunn einfach ugefaange mech unzegräifen an ech hunn net verstanen, wat dat soll. Ech krut Doudangscht, wéi eng Polizistin mat enger Gummishändsche mir de Mond zougehalen huet. Déi ganzen Zäit.

Ech hunn gemengt, ech erstécke geschwënn. Waart Dir schonn eemol an enger Situatioun, an där Dir net verstitt, firwat Dir esou ugegraff gitt. Ech war richteg iwwerfuerdert. Am Video héiert een, wéi schwéier ech ootmen, an et gesäit ee wéi ech schweessen an net weess wou hannen a vir ass. Ech hunn gemengt, ech hätt alles richteg gemaach, mä e bemol ëmzéngelen se mech a gi mat den Hänn u mäi Gesiicht. An dunn sinn nach méi Poliziste komm.

Villäicht seet sech dat elo einfach, mä firwat hutt Dir deen Ament net gemaach, wat vun Iech erwaart gouf?

Kadir G.: Ech hunn Plazangscht. An Asthma. Schonn am Stoe konnt ech net méi gutt ootmen a Panik kritt. Ewéi d’Verstäerkung op mech lassgaangen ass, duecht ech, ech misst stierwen. Ech hunn geduecht, dat ass ewéi bei de Videoen am Amerika, ewéi beim George Floyd an déi mengen, ech wär bewaffent. Ewéi ech mäin ieweschten Deel ausgedoen hunn, fir datt se gesinn, dass ech näischt hunn, sinn se op mech geklommen an hunn mech widder de Buedem gedréckt. Ech hunn Knëppelschléi gespuert an e Knéi am Genéck.

Dir huet e Knéi am Genéck an de George Floyd zur Sprooch bruecht. Op der Mauer, virun där Dir zu Buedem bruecht gouft, steet “I can ‘t breathe”, den tragesche Saz vum George Floyd aus sengem Video. Ass dat Iech dee Moment opgefall?

Kadir G.: Ech hunn et méi spéit um Video gesinn. An do ass mir opgefall wéi vill Mënschen do waren. Ech erënnere mech nëmmen, ewéi ech um Buedem louch a geduecht hunn, ech erstécke gläich. Ech hunn Stëmmen héieren, déi soten “hie kritt keng Loft”. Ech hunn mech kuerz gefillt ewéi an engem Film, ewéi an engem Video. Eent vun deene ville Videoen, wou d’Police Jugendlecher op de Buedem dréckt oder Schwaarzer an Amerika. Ech kennen dat just aus de soziale Medien. Eréischt virdru gouf et esou e Video aus Düsseldorf, wou e Jugendleche vu Poliziste mat Knéi op Kapp a Genéck festgehale gëtt. Ech hunn guer net gecheckt, datt mir dat wierklech passéiert.

D’Video ass mat Iech um Buedem eriwwer. Wat ass dono passéiert?

Kadir G.:D’Police huet mech mat op d’Wuecht geholl an an eng Zell gestach. Mäi Papp huet ass mech siche komm.

Wat ass an der Tëschenzäit geschitt? Ewéi hunn se Är Eltere kontaktéiert a gouft Dir medezinesch ënnersicht?

Kadir G.: Ech gouf vu Sanitäter kuerz ënnersicht, fir ze kucken, ob ech blesséiert sinn. Ech war nach ëmmer voller Adrenalin an hunn de Moment guer net realiséiert, wat lass ass. Ech hunn d’Péng net gespiert. Ech wollt mäi Papp uruffen, konnt awer net. Dat huet d’Police gemaach. Ewéi ech erauskomm sinn huet en festgestallt, datt ech blesséiert sinn. Ech hat mäi Genéck wéi, un den Äerm, de Been an och an den Ae wéinst dem Pefferspray.

Iech gouf net erméiglecht en Erzéiungsberechtegten ze kontaktéieren? Huet d’Police Iech da Méiglechkeet ginn, Plainte géint déi bedeelegt Polizistinnen a Polizisten ze féieren?

Kadir G.: Ech verstinn net, firwat ech net direkt mäi Papp uruffe konnt, wann d’Police e scho selwer urifft, fir datt e meng Carte d’Identité laanscht bréngt a mech siche kënnt. An nee, mir huet kee gesot, dass ech mech bei der Police beschwéiere kann oder eng Plainte maache kann.

D’Police verbreet d’Informatioun, Dir wäert schonn e puer mol verwarnt ginn an och an der Vergaangenheet sollt Dir opfälleg gewiescht sinn. Stëmmt dat?

Kadir

Kadir G.: De Polizist, dee mech do ugehalen huet; ech erënnere mech net, datt ech eemol soll mat him geschwat hunn.

Ech si just eemol an Altona vun der Police wéinst Fuere vun engem e-Scooter ugesprach ginn. An dat war et. Elo stellt ee mech ewéi e Kriminellen duer. Ech hunn keng Virstrofen. Et hätt een anescht mat mir schwätze kéinten, et hätt net missen eskaléieren. Si hunn mech direkt an en Eck gedrängt a wéi e Verbriecher behandelt.

An der BILD steet, Dir wäert fënnef mol wéinst Boxen ugeklot ginn an Dir wäert Boxer beim SV Polizei. D’Police berifft sech op Äert aggressiivt, bedreelecht Optrieden an är Polizeibekanntheet. Ass dat dann net wouer?

Kadir G.: Datt fënnef mol eng Plainte gemaach gouf, stëmmt net. Esou eppes misst ech dach am beschte wëssen, oder? Wéi wann ech Intensivtäter wier. Ausserdeem sinn ech net beim SV Polizei, ech boxe beim SC Condor. E Journalist vun der BILD huet mech op menger privater Nummer ugeruff – keng Anung, vu wou en déi hier huet – an e sot, ech kann ëm vertrauen. An da kënnt dat dobäi eraus. Ech liesen iwwerall vu Plainten, Problemer an der Schoul an elauter Verwarnungen. Ech verstinn net, firwat munch Leit probéieren, dat alles géint mech ze verwenden. Esou eppes ass mir nach ni passéiert. Ech hat nach ni Problemer mat der Police. An da ginn ech wéinst engem e-Scooter op de Buedem gedréckt. D’Polizisten hunn dach eng Ausbildung a Kampfsport. Aacht vun deenen hunn Angscht virun engem Jugendlechen? Sinn se net an Deseskalatioun ausgebilt?

Et gëtt Debatten ëm Racial Profling an eng duerch d’Inneministère ofgesote Studie dozou. Denkt Dir, datt Är Festnam an den Ëmgang domat, och eppes mat Ärem Ausgesinn ze dinn huet?

Kadir G.: Mir kënnen elo erausgoen, egal wéini, a kucken ob e-Scooter op dem Trottoir fueren. Et gesäit een et iwwerall. Sou e richtegen Zoufall, datt ech ugehale gouf, kann et net sinn. A mir kënne jo och kucken ewéi aner Mënsche behandelt ginn, wann se mol ugehale ginn. Leien se da mam Gesiicht um Buedem? Ech fannen, datt ech d’Recht hunn, datt dat ënnersicht gëtt. Mir wäerten eis en Affekot huelen.

De Fall erhält elo däitschlandwäit Opmierksamkeet. Kritt Dir dat mat? A wat wënscht Dir Iech u Konsequenzen a Verännerungen?

Kadir G.: Mir gesinn, dass sech munch Politiker asetzen a soen, datt esou eppes net geet. Ech wënsche mir, datt et net méi zu Gewalt géint Jugendlecher oder Mënsche mat Migratiounshannergrond kënnt. Ech si 15 Joer an däitsche Staatsbierger, ech sinn Hamburger. Ech wëll einfach nëmmen een normaalt Liewen. So wéi all Mënsch. Et kann een och einfach soen, datt et e Feeler war. Oder et kann een et wéinstens richteg ënnersichen. Wann een näischt ze verstoppen huet, firwat gëtt et dës Studie dann net méi?

Villmools Merci fir d’Gespréich

(*fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch)

Titelfoto: Tarek Baé

Ähnlech Sujeten Däitschland, e-Scooter, Mannerjäreg, Pefferspray, Policegewalt, Widderstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel