Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt eng Lasagne

money
Editorial: Maximale Schutz fir Groussgrondbesëtzer?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Maximale Schutz fir Groussgrondbesëtzer?

Dat dës Kris, sech net eleng um Réck vum Salariat

Chantier um Boulevard Royal (04.-07.09.2020)
Kultur Neiegkeeten

Chantier um Boulevard Royal (04.-07.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg a LUXTRAM informéieren doriwwer, datt um Boulevard Royal,

De Käerjenger Chrëschtmaart – Vu Freides bis Sonndes op der Claus Cito Plaz

De Käerjenger Chrëschtmaart – Vu Freides bis Sonndes op der Claus Cito Plaz

D’Gemeng Käerjeng invitéiert häerzlech op säin traditionelle Chrëschtmaart, deen an dësem Joer vum 6. bis den 8. Dezember op der Claus Cito Plaz stattfënnt. Dobäi gëtt all Dag een individuelle räichhaltege Programm gebueden.

De Käerjenger Chrëschtmaart huet nees vill ze bidden: Vu Kanner-Animatioun am Zelt, ëm Verkaf vu Chrëschtbeemercher mat Heemliwwer-Service oder och der immenser Offer un de verschiddene Stänn ass hei ee flotten Nomëtteg an Owend virprogramméiert. Zum Verkaf stinn ënnert anerem Bijouen, Deko-Artikelen, Blummenarrangementer a Chrëschtbullen, Bastelsaachen, Stréck-an Handaarbechten oder och Fairtrade Produiten.

Net nëmme fir d’Aen an d’Häerz gëtt gesuergt, mee och fir de Mo. Zuelräich Stänn bidden ee richtegt Freedefeier u kulinaresche Leckereien, déi vun der normaler Grillwurscht a Fritten, iwwert Raclette, Kuddelfleck, Flammekuchen an Nuddelen, bis hin zu Smokerfleesch Kürbiszopp oder och Gyros reechen. Souwuel fir de Carnivor, wéi och fir de Vegetarier ass hei genuch Offer gebueden. An dobäi dirf natierlech ee gudde Glühwäin, een Apple Jack oder och ganz klassesch ee Béierchen net feelen.

De ganze Programm mat den Zäiten an de Stänn fannt Dir op www.kaerjeng.lu oder och direkt HEI fir den Download.

Ähnlech Sujeten Chrëschtbullen, Chrëschtcadeau, Claus Cito Plaz, Fairtrade, Gemeng Käerjeng, Glühwäin, Iessen a Gedrénks, Käerjenger Chrëschtmaart, Stand, Wantermaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel