Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Logementskris: Ministesch Sam Tanson weess Rot
job speed dating fragen

Logementskris: Ministesch Sam Tanson weess Rot

Geet et der Logementsministesch Sam Tanson (déi gréng) no, da

how to fix early dating mistakes
job speed dating fragen

Aktiounswoch fir de Klima: Den OGBL ënnerstëtzt dëse Schrëtt!

Fir d’Woch vum 20. September op de 27. September rifft

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss
job speed dating fragen

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss

De 27. September 1937 gouf op der klenger indonesescher Insel

Käerjenger Député-Maire weist Kritik no Tornado zréck

Et kann een net alles un engem Mann festmaachen, soss bréicht et keng administrativ Strukturen

Käerjenger Député-Maire weist Kritik no Tornado zréck

Si waren net fein mam Michel Wolter (CSV), Buergermeeschter vu Käerjeng ëmgesprongen. Him virzewerfen datt hien zum Ament vum Tornado am Ausland war, a sech net begannt hätt zréck a seng Gemeng ze komme fir „alles ze regelen“, ass domm an hëlleft bei der Behiewung vum Schued absolut net. Zudeem liewe mir haut an enger konnektéierter Welt, wat och op de Politiker zoutrëfft.

Erënnere mir dann och an dësem Kontext dorunner, datt de Schäffe Fränk Pirotte an Absence vum Buergermeeschter d‘Koordinatioun iwwerholl huet an de Michel Wolter regelméisseg iwwert déi ënnerschiddlech Moossnamen um lafende gehale ginn ass. A wien schonn emol eppes „méi wäit“ Vakanz gemaach huet weess eigentlech, datt et net esou einfach a bëlleg ass, séier heemzekommen.

En Dënschdegnomëtten da war de „Mischi“ – wéi déi an der Gemeng deenen hir Stëmm sech de Michel Wolter ka sécher sinn, hie nennen – nees op sengem Posten. Hien huet dunn awer net einfach „iwwerholl“ mee weider mat sengem Schäffen d‘Äerm eropgekrämpelt. Wat schonn um lafe war ass weider „rulle“ gelooss ginn, an de Buergermeeschter ass och an den Asaz gaangen.

Hien huet seng Buergermeeschter-Kollegen am Land kontaktéiert, mat hinne gekuckt op wéi eng Manéier si him zur Hand goe kënnen. Camionen, Container an alles wat eben an esou Situatioune gebraucht gëtt, huet de Michel Wolter organiséiert kritt. Hie verweist awer net eleng op déi reell a wichteg Solidaritéit tëscht de Gemengen. D‘Land a seng Bierger hätten sech beispillhaft gewisen.

Et gëtt vill Positives, mee net nëmmen

Zanter dem Méindeg gëtt et ee koordinéierte Spendenopruff, dee mat de Vereenegungen „Käerjeng hëlleft“ an „Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng“ lancéiert ginn ass. Déi aner Woch soll et dann och zu Reunioune mat der Familljeministesch, dem Roude Kräiz an der Caritas an eben de genannte Veräiner kommen, bei där d‘Hëllef effizient an intelligent strukturéiert soll ginn.

Et hat schonn eng Rei Informatiounsversammlunge ginn, an et wäerten der wuel nach e puer musse geplangt ginn. Dem Michel Wolter ass et wichteg, datt all Mënsch voll ëmfänglech Informéiert ass, net eleng iwwert dat wat de Staat oder d‘Gemeng u Verflichtungen huet, mee och wou d‘Assurance mussen hirer Verantwortung gerecht ginn. An déi si bekanntlech ganz gutt am Reklamm maachen…

Wann et heescht dem Client „hëllefen“ lafen d‘Definitiounen aus dem Rudder. Aus dësem einfache Grond huet de Buergermeeschter mat senger Ekipp entscheet, datt eng Struktur muss opgestallt gi wou den Affer vum Tornado, beim Ausfëlle vun den Formulairen a soss Pabeieren objektiv gehollef gëtt. Vill Leit géifen hiren Agent net kennen, anerer hunn nach net emol d‘Assurance kontaktéiert.

Dat kann ee vir „onméiglech“ halen, ass awer esou. De Michel Wolter ass dann och däitlech: „Et ass versprach ginn, dat keen am Ree stoe gelooss gëtt, an dat ass méi wéi eng Verflichtung“. Wéineg Mënschen hunn mat deem administrative Volet dee mat esou enger Naturkatastroph verbonnen ass, keng Erfarung. Mee déi Dokumenter si wichteg, fir säin Usproch op Hëllef geltend ze maachen.

Vun den Assurancen „enttäuscht“

An dat dréngend soll prioritär an Ugrëff geholl ginn. Et ass nach ee knappe Mount bis d‘Schoul nees ugeet, an et muss gekuckt ginn, wéi eng Persoune musse relogéiert ginn. De Michel Wolter wëll dann och nach um haidege Freideg mat de verschiddenen Assurance schwätzen a virun allem mat dësen e Rendez-vous ausmaachen, fir iwwert d‘Situatioun ze beroden. Et muss viru goen…

D‘Vertrieder vun den Assurance sollten sech op en „decidéierte“ Buergermeeschter astellen, well op dat spréchwiertlecht „Gepiddels“ léisst sech de Mischi net an. An et sinn net d‘Assurancen eleng déi sech op de Politiker virbereede sollten. Och de Fonds du Logement muss agebonne ginn. Woubäi hei jo schonn Offere virgeluecht gi sinn, fir Famillen am Besoin en daach iwwert de Kapp ze ginn.

Wat awer d‘Assurance betrëfft, do léisst de Michel Wolter keng zweiwel zou: „Mir kommen elo un d‘grenze vun deem wat eng Gemeng an de Staat leeschte kënnen. Dat heescht datt d‘Assurance och musse Verantwortung iwwerhuelen, an hei keng Fisematente maachen dierfen!“. An datt de Michel Wolter esou opbruecht ass, huet seng Berechtegung. Hien huet e verständlecht Beispill zitéiert:

„An enger Strooss stinn dräi Haiser, déi all zur selwechter Zäit gebaut goufen an och déi selwecht Diecher hunn. D‘Proprietaire vun den Haiser hu sech, mat dräi identeschen Devisen, bei hirer Versécherung gemellt. Zwou Assurancen hunn den Devis ugeholl, déi drëtt huet statuéiert, datt den Devis ze héich ausgefall wier, an eng besser Propose misst virgeluecht ginn. Dat geet guer net!“.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Assurancen, Käerjeng, Logement, Michel Wolter, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel