Search

You may also like

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz
Stories

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz

Eigentlech sollten de Pierre Melina an de Michel Wolter en

Covid19: „Mir loossen alles wéi et ass“ (kommentéiert)
Stories

Covid19: „Mir loossen alles wéi et ass“ (kommentéiert)

Wärend an der Chamber déi Deputéiert Gesetzer gestëmmt, EU-Direktiven ëmgesat

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Stories

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer

Och zum Schluss vum Joer muss een Highlight gesat ginn.

Kaffi oder Téi?

No wat engem am léifsten ass, bestëmmt d‘Genetik

Kaffi oder Téi?

Wat ass Schold dorunner, datt mir de Kaffi dem Téi virzéien? Laut enger australescher Etüd, déi um Site „Scientific Reports“ virgestallt gouf, géif d‘Genetik matbestëmmen, no wat engem am léifsten ass.

Den Dokter Daniel Liang-Dar Hwang, vun der Universitéit Brisbane, Coauteur vun der Studie, war et wichteg ze betounen, datt d‘Etüd „ee ganz breeden Echantillon genotzt huet, fir ze beleeën, datt d‘Perceptioun vun de Batterstoffer Afloss op de Konsum vu Kaffi oder Téi huet“.

Interessant bei dëser Etüd: „déi Mënschen déi am sensibelsten op de battere Geschmaach vum Kaffi reagéieren, si paradoxerweis déi, wou es am meeschten drénken. Dat suggeréiert, datt déi Leit, déi Kaffi drénken, e Goût oder d‘Kapassitéit entwéckelen, de Koffein auszemaachen“ esou d‘Marilyn Cornelis, Professer fir Preventivmedezin, a Coauteur vun der Studie.

KaffiDen Dokter Daniel Liang-Dar Hwang erkläert: „D‘Genetik huet liicht méi Gewiicht, wann et ëm d‘Perceptioun vun der Batterstoffer geet, wéi beispillsweis der Perceptioun vum Séissen“. Woubäi d‘Perceptioun vum Goût och vun eisem Comportement beaflosst gëtt.

„Och wann de Mënsch vun Natur aus Batterstoffer net gären huet, esou kënne mir léiere batter Liewensmëttel ze appreciéieren. Kaffidrénker si géintiwwer dem battere Geschmaach, generell manner sensibel wéi Téidrénker,. Si hunn et dann och eppes méi liicht, d‘Batterstoffer vun anere Liewensmëttel, wéi gréngt Geméis, ze appreciéieren“, amuséiert sech de jonke Wëssenschaftler.

D‘Etüd huet sech op déi genetesch Date vun enge 438.000 Brite bezunn, déi un dëser Etüd deel geholl hunn. D‘Auteure verweisen allerdéngs drop, dat dës Etüd sech net einfach op aner Länner a Kulturen iwwerdroe léisst. Interessant ass et awer…

Related topics Batterstoffer, Briten, Genetik, Kaffi, Téi
Next post Previous post