Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer
como usar dating

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer

Dat weltwäit bekannten Event vun den Internationale Filmfestspiller vu Cannes

https://moien.lu/dating-apps-lists/
como usar dating

cancer dating site uk

Wann ee bedenkt, datt 2013 nach all eis politesch Parteien

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!
como usar dating

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!

Zum Gesetzesprojet zur “Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch” ginn et

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!

Et gi leider och traureg Nouvellen...

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!

Et war um Mëttwochmuere fir d‘Éischt, datt sech de neie Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg mat der Press op e Kaffi getraff huet, vir iwwert d‘Aktualitéit vun der Haaptstad ze diskutéieren. Et ass villes an der Maach, an d‘Prioritéiten déi een sech an der Koalitiounserklärung ginn huet, ginn och ugepaakt.

Ugefaangen hat de Moien dann awer mat enger traureger Nouvelle. Um Virowend, esou d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP), war et bei enger Kommissiounssëtzung zu engem trageschen Tëschefall komm. Den engagéierte LSAP-Politiker a fréiere President vum Gaasperecher Interesseveräi François Dahm, ass engem Häerzinfarkt erleeën.

All Versuch, den als „Buergermeeschter vu Gaasperech“ bekannte Mann ze reaniméieren, war ëmsoss. D‘Lydie Polfer, déi der Famill d‘Bäileed vum Schäfferot zougedroen huet, betount, datt et fir d‘Stad et grousse Verloscht ass. De Verstuerwenen hätt mat sengem Engagement fir d‘Stad Lëtzebuerg eng wäertvoll Aarbecht geleescht, a géif esou och an Erënnerung gehale ginn.

D’Lëtzebuerger sinn zwar di gréisste Fraktioun an der Populatioun, maachen awer net en Drëttel vun den Awunner aus

Dat gesot huet een awer missen zur Dagesuerdnung zréckfannen, an als éischte Punkt ass sech der Populatioun ugeholl ginn. Zum 31. Dezember 2017 waren an der Stad 116.328 Awunner ugemellt. Dovunner sinn der 33.924 Lëtzebuerger, an et gëtt méi Hären (51,19%) wéi Dammen (48,81%). Alles an allem goufen an der Stad 167 Nationalitéite gezielt.

Et sinn och méi Leit an der Stad op Welt komm (1.197) wéi der vun eis gaange sinn (630). 379 Koppelen hu sech d‘Jo-Wuert op der Gemeng ginn, mee et huet och 620 Scheedunge ginn. Beim „Pacs“ ass de Bilan dogéint positiv: 507 Koppelen hu sech versprach openaner Uecht ze dinn, fir 86 ass een eleng anscheinend besser drun.

Betruecht een d‘Nationalitéiten am Detail, esou stellen d‘Lëtzebuerger mat 33.924 Persounen (29,16%) nach déi gréisste Fraktioun, direkt gefollegt vun de Fransousen déi zu hirer 20.102 sinn (17,28%). Op der drëtter Plaz kommen eis portugisesch Matbierger mat 12.435 Persounen (10,69%). An der Stad liewen dann och nach 2.214 Briten (1,90%).

Wat d‘Quartieren ubelaangt, esou ass festzehalen, datt Bouneweg (Norden a Süden zesummegeholl) mat 16.756 Bierger déi gréissten Awunnerzuel stellt. Als zweetgréisste Quartier kënnt dann de Belair (11.397) an dann d‘Gare (10.487) mam Lampertsbierg (10.435). De Quartier Cents, ass dann awer dee leschten, wou d‘Lëtzebuerger nach an der Majoritéit sinn (50,80%).

Am ëffentlechen Transport beweegt sech villes

Zu de Prioritéiten déi sech de Schäfferot gesat huet, zielt d‘Mobilitéit. Fir déi eppes iwwer 4.000 Mataarbechter fir den ëffentlechen Transport ze sensibiliséieren, huet de Schäfferot beschloss, jidderengem den „mPass“ unzebidden. Bis ewell hunn sech dee 570 Leit ugefrot, a fir datt och kee ka soen en hätt näischt dovunner gewosst, läit beim nächste Paiziedel e Formulaire derbäi.

Den „mPass“ gëtt integral vun der Gemeng bezuelt

Den „mPass“ gëtt dann och integral vun der Gemeng bezuelt, an doduerch erhofft ee sech och e gréisseren Zousproch. Dem Schäffe Patrick Goldschmit (DP) geet et mat dëser Mesure awer net eenzeg an eleng dorëms, d‘Mataarbechter vun der Gemeng ze iwwerzeegen. Hie wëll esou och e Virbild fir d‘Entreprisen aus der Stad sinn, vun deenen ee sech erhofft, datt och si hir Leit fir den ëffentlechen Transport motivéiert kréien.

De Schäffen huet och nach op Ännerungen am Busverkéier higewisen. Ab dem 19. Februar fiert d‘Linn 21 net méi iwwert de P&R-Süd op Gaasperech. Dat hänkt mam neie Lycée Vauban zesummen, wat de Virdeel mat sech bréngt, datt den Trajet bis op d‘Cloche d‘Or sech ëm fënnef Minutte verkierzt.

De Streckeverlaf vun der Linn 22 gëtt iwwert d‘Gare verlängert, fiert dann iwwert den neien Arrêt „Francophonie“ (all 10 Minutten) bis op den Terminus P&R-Süd. Den Arrêt „Gerhard Mercator“ um Boulevard Raiffeisen gëtt bäibehalen. Well d‘Linn 21 net méi bis op de P&R-Süd fiert, kënnt eng nei Linn bäi. Déi provisoresch Linn 32 iwwerhëlt den Uschloss: Cloche d‘Or – P&R-Süd. Datt allerdéngs nëmmen an de Spëtzestonnen.

Datt ee fir Konscht net ëmmer gläich an de Musée muss, weist d’Strategie vun der Stad, op urban art ze setzen

Déi urban Konscht ze fërderen an hir am ëffentleche Raum eng Plaz anzeraumen, ass wuel elo net direkt nei, mee dréit zur Attraktivitéit vun der Stad Lëtzebuerg bäi. Esou kréie reegelméisseg Artiste Flächen zougestanen, wou si sech kënschtleresch ausdrécke kënnen.

Esou zum Beispill den David „the Plug“ Brognon, dee säi Wierk am Passage tëscht dem Zenit an dem Royal Hamilius fäerdeggestallt huet. Eng Fresk vu 40 Meter, déi de Slogan „Engage le jeu que je le gagne“ bildlech duerstellt. Den Artist huet op chroméiert Faarwen zréckgegraff, wat de Passage méi Hell mécht. De Projet huet 14.500 Euro kascht.

Um Knuedler gëtt de Ventilatiounstuerm all dräi bis véier Méint nei gestalt.

An där Projete gëtt et der méi. Um Knuedler gëtt esou de Ventilatiounstuerm all dräi bis véier Méint nei gestalt. Aktuell ass den Artist Alain Welter derbäi sech ze veréiwegen. Mee och am Tunnel Helfenterbréck (Stick) an op der Mauer bei der Grondschoul zu Dummeldeng (Chiara Dahlem), kann ee sech un urbaner Konscht erfreeën.

Wien eng Iddi huet a kënschtlerescht Talent matbréngt, dierf a soll sech beim Comité fir urban Konscht mellen. Do gëtt den interesséierte Kënschtler iwwert d‘Konditiounen informéiert, déi ze berécksiichtege sinn fir matzemaachen. Et ass dann awer betount ginn, datt ee sech net an d‘Kreatioun selwer wäert amëschen.

Hale mer nach kuerz fest, datt et zur Geleeënheet vum europäesche Joer vum kulturelle Patrimoine am Tunnel zum Lift am Grond, eng Expo zu de klasséierte Site vun der UNESCO gëtt. Déi fënnt statt vum 23. Januar bis Enn Mäerz an dréit de schéinen Numm „A youthful vision“. Nieft ville Wierker aus dem Ausland, ass dann och e Konschtwierk ze gesinn, datt d‘Kanner aus der Grondschoul vum Lampertsbierg realiséiert hunn.

Fir ofzeschléissen erlabe mir eis drun ze erënneren, datt et och 2018 d‘Forume fir déi Jonk gëtt: Lëtz‘Discuss – Gëff d‘Stëmm vun denger Stad. Hei sinn all déi jugendlech tëscht 13 an 18 Joer häerzlech ageluede matzemaachen an hir Virstellungen, Wënsch a wou néideg och hir Reklamatioune virzedroen.

Foto: De neie Schäfferot: (v.l.n.r.) Patrick Goldschmit (DP), Lydie Polfer (DP) a Serge Wilmes (CSV). © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Lydie Polfer, Mobilitéit, Patrick Goldschmit, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, Urban Art
Nächsten Artikel Virrechten Artikel