Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot
alaskan bush family dating

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot

https://moien.lu/allison-harvard-dating/
alaskan bush family dating

online dating and its evils

De President vun der Chamber huet um Muere vum 20.

Piratepartei: „D’Regierung hält näischt vun Transparenz!“
alaskan bush family dating

Piratepartei: „D’Regierung hält näischt vun Transparenz!“

Dës Woch soll d’Gesetz 6810 zur „Administration transparente et ouverte“

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot

Vun enger Plage ouni Mier, Chantieren déi liicht ustrengend sinn a wat soss nach alles op eis duer kënnt

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot

Et ass ëmmer nees e Pleséier, emol de Mount um freie Mëttwochmueren, déi Stater Aktualitéit an enger frëndlecher an ongezwongener Atmosphär virgeluecht ze kréien. Et gëtt jo och genuch ze erzielen, an et geet net nëmmen ëm den Tram.

D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) huet aus Zäitgrënn nëmmen déi grouss Theme vum Dag iwwerflunn, a hir Schäffe sinn uschléissen an den Detail gaangen. Déi hunn op déi geplangten Animatiounen an d‘Valorisatioun vu markante Plazen an der Stad higewisen. Esou d‘Aféierung vun engem Gastronomeschen Duerf, dat all Mëttwoch mam Maart zesummen opgeriicht gëtt.

Sënn an Zweck vum, wéi et an der offizieller Beschreiwung heescht „Food Truck Village“, ass et engersäits de Maart selwer ëm eng Attraktivitéit ze erweideren, an anersäits de Leit eng reell gastronomesch Alternativ unzebidden. An dësem Kontext ginn dann och interesséiert Betriber gesicht. Wien sech hei wëll bedeelegen, soll seng Kandidatur op der Gemeng areechen.

Aus Theaterplaz gëtt Theaterplage

Datt et dem Schäffe Serge Wilmes en Häerzensuleies ass, den ëffentleche Raum méi attraktiv ze maachen, da ass net eréischt säit der Aktioun „Art on the Street“ der Entwécklung vun der urbaner Konscht bekannt. An esou ass de Projet vum Reamenagement vun der Theaterplaz och nach ëmmer aktuell. 2018 war dëse Raum jo schonn iwwert de Summer a fir Chrëschtdag liicht verännert ginn.

Ma dëse Summer soll dat net anescht ginn (a fir de Wanter gëtt et och nees e Chrëschtmaart, iert et zur definitiver Ëmgestaltung kënnt) woubäi se sech dës Kéier eng flott afale gelooss hunn. Gutt Lëtzebuerg huet elo net direkt eng Ubannung un d‘Mier, mee d‘Loscht seng Féiss der Sonn entgéint ze strecken, déi gëtt et schonn. An dësem Sënn hu si sech eppes Flottes afale gelooss…

Esou gëtt aus der Theaterplaz, vu Juli bis September, d‘Theaterplage. Vill Sand, Sonnepräbbelien a Ligestill suerge fir eng Atmosphär wéi op der Plage. Dozou soll et Animatioune ginn… Detailer ginn nach nogereecht, schliisslech Start dat Ganzt eréischt am Juli. Et dierft awer richteg Flott ginn an d‘Plaz selwer huet net nëmmen e grousse Parking, mee ass och esou gutt erreechbar.

Schëffelcher zu Märel a Light-Show op der Plëss

Am Summer sinn déi Stater Parken eng Plaz wou et gutt deet sech opzehalen. Op et ass fir sech am Schied vun de Beem ze relaxéieren, oder mat de Krapperten déi eng oder aner Spillplaz onsécher ze maachen, d‘Offer ass immens an se gëtt nach besser. Esou ginn am Mäerelerpark (géinteniwwer dem Kolléisch) fir eis Butze Schëffelcher um geraimege Waasserpull agesat. Esou geet Vakanz…

E weideren Highlight bitt dann och d‘Plëss un. Hei ginn eng 40.000 LEDen un d‘Beem gespéngelt, mat deenen sech visuell Animatioune gestalte loossen. Den Optakt gëtt e Freideg um 22.30 gemaach an dat dierft schonn eng klengt Event sinn, dat, de Fall gesat et ass ee souwisou an der Stad, ee sech net sollt entgoe loossen. An Nee, mir verroden näischt, loosst iech iwwerraschen.

Nationalfeierdag an den Tram mat senge Chantieren

Iwwert de Weekend gëtt an der Stad Nationalfeierdag zelebréiert, an do gëtt fir d‘Automobiliste richteg enk. Och d‘Foussgänger wäerten, wéinst dem Freedefeier eventuell mussen en Ëmwee a Kaf huelen. Näischt dat net ze bewältege wier, a well den ëffentlechen Transport um Gebitt vun der Stad iwwert dee ganze Weekend gratis ass, wier ee schéin domm, net vun dëser Offer ze profitéieren.

Erfreet war d‘Buergermeeschtesch, datt LuxTram S.A. vun der Aarbechtsinspektioun gréng Luucht kritt huet an esou net mam Kollektivcongé geplot ass. An och dat mécht Sënn. Schliisslech ass an der Schoulvakanz de Verkéier net ganz esou erdréckend, an d‘Entreprise kann dës Zäit notzen, fir sech de „schwierege“ Plazen unzehuelen. Den Detail hunn d‘Häre vun der LuxTram erläutert.

Hale mir nach kuerz fest, datt den Dach vun der Gemeng elo och renovéiert gëtt. Hei gëtt vum Reamenagement vum Knuedler profitéiert, an esou sollt déi grouss Stee déi nom Nationalfeierdag opgeriicht gëtt och net all ze vill stéieren. Mat Behënnerungen op der Plaz selwer, ass awer nëmme während dem Opbau – a spéiderhin dem Ofbau – a Moossen ze rechnen.

E multilingualen Internetsite…

Neies gëtt et dann och aus der „virtueller Gemeng“. Säit dem 7. Juni ass de Site https://www.vdl.lu an de Sproochen: Däitsch, Franséisch an Englesch disponibel. Fir d‘Iwwersetzung ass mat externen Entreprisen zesummegeschafft ginn. De Schäffe Patrick Goldschmidt huet, well nach ass net alles perfekt, zum Choix vun de Sproochen och ee puer Erklärunge ginn.

Zum enge geet et der Stad Lëtzebuerg och drëms am Ausland méi Visibilitéit ze hunn, zum anere steet natierlech de Wonsch, vum méiglechst allen Awunner verstanen ze ginn. Et géif dann och séier wéineg Lëtzebuerger, déi net op mannst eng vun den dräi ugebuedene Sprooche géif beherrschen. Et soll dann awer zu engem spéideren Zäitpunkt op d‘Nationalsprooch zréckgegraff ginn.

Hei sollt een awer bedenken, datt fir d‘Gestioun vun all Sprooch, bis zu dräi Leit am Service musse schaffen. Zudeem gëtt et nach vill „Onkloerheeten“ wat déi offiziell Schreifweis betrëfft. Hei ass also nach eppes Gedold ubruecht. Dat de Site och sollt op portugisesch opgestallt ginn, dat dierft éischter net de Fall sinn. Och dofir bréicht et dräi weider Mataarbechter a vill Zäit kascht et och.

… an den Eecheprëssessiounspënner

Dat e kléngt Déierchen – riseg ass den Eecheprëssessiounspënner jo elo net – fir vill Ongemaach suerge kann, dat hu mir dëst Joer schonn e puer mol missen erwähnen. Wou déi optrieden ass et fir Mënsch an Déier geféierlech, firwat eng Rei Spillplazen hu missen temporär gespaart ginn. De Serge Wilmes confirméiert, datt déi zoustänneg Servicer zolidd mat dëser Raup beschäftegt sinn.

Bis ewell hunn déi, 288 Näschter entweder „geplënnert“ oder wou et net anescht méiglech war „geraumt“. Et sollt dann och esou lues mat der Plo op en Enn goen, ëmmerhin handelt et sech bei dësen Eecheprëssessiounspënner (Thaumetopoea processionea) – als Endprodukt zumindest – ëm e Päiperlek, e sougenannten Nuets-Pimpampel, dee ënnert de Flantermais geschätzt gëtt.

D‘Stad Lëtzebuerg huet dann och entspriechend Warnungen opgehaangen a jiddereen deem esou e suspekt Insekt an „organiséierter Form“ (déi bilde wahnsinneg grouss Gruppen) soll et wann ech gelift mellen. Hei am „Leitfaden zu Eindämmung des Eichenprozessionsspinners“ vum hollänesche Verbraucherschutzministère, gëtt erkläert wéi ee sech dat Ongemaach vum Pelz hale kann.

War soss nach eppes?

Am Kontext vum Schutz vun eisem Patrimoine – mir erënneren un déi schänterlech Virgoensweis un enger Rei Haiser um Lampertsbierg – huet de Kolleg vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek op e Mëssel op der Kräizung vun de Stroossen „Semois“ a „Jardiniers“ higewisen. Hei stinn Haiser aus den 30er Jore mat erhalenswierdege Fassaden, firwat déi och am „Inventaire supplementaire“ agedroe sinn, a wou net ouni Erlaabnes vu „Site & Monuments“ dierf dru gefréckelt ginn.

Dat ugeschwaten Haus soll awer ofgerappt ginn an et géif fir dat Ganzt och eng Baugeneemegung. Elo ass dat de Ressort vun der Buergermeeschtesch, déi d‘Fro an Absence net beäntwerte konnt. De Serge Wilmes, konnt awer bestätegen, datt säitens dem zoustännege Service vun der Gemeng, de Promoteur entspriechend instruéiert ginn ass, also Bescheed weess dat et Contrainte gëtt.

Op et do elo „Problemer“ gëtt, a falls jo wéi domatter ëmgaange gëtt, dat konnt de Schäffen dann och net beäntwerten. Dëse Sujet dierft awer garantéiert beim nächste Kaffisdësch am Juli nach emol „opgerullt“ ginn. Elo wou mir alleguerte virwëtzeg gemaach goufen, stellen sech och genuch Froen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chantieren, Kaffisgespréich, Luxtram SA, Nationalfeierdag, Stater Schäfferot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel