Search

You may also like

Neien Aktiounsplang fir d‘Egalitéit tëscht Fra a Mann
International Neiegkeeten

Neien Aktiounsplang fir d‘Egalitéit tëscht Fra a Mann

Wann d‘Gläichheet tëscht Fra a Mann längst gesetzlech festgeluecht ginn

Walfer Bicherdeeg 2019: Een halleft Joerhonnert fir d’Buch!
International Neiegkeeten

Walfer Bicherdeeg 2019: Een halleft Joerhonnert fir d’Buch!

Um 16. a 17. November steet eent vun de bedeitendste

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!
International Neiegkeeten

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!

De Lëtzebuerger Singer-Songwriter Daniel Balthasar iwwerzeegt duerch seng vill verschidde

Kalifornesche Schüler erschéisst zwee Komeroden

Nom „Amoklaf“ op der Saugus High School gëtt nees ee verschäerft Waffegesetz gefuerdert

Kalifornesche Schüler erschéisst zwee Komeroden

Et kléngt wéi en Trappewitz vun der Geschicht: während zu Santa Clarita op der Saugus High School e 16 järege Schüler zwee Komeroden erschoss huet a uschléissend Selbstmord begoe wollt, huet zu Washington eng Senatssëtzung zu schäerfere Waffegesetzer Stattfonnt.

Während der Sëtzung huet en Huissier dem demokratesche Senateur Richard Blumenthal eng Notiz iwwerreecht. Deen huet d‘Sëtzung ënnerbrach an der Ronn matgedeelt: „Genee zu dësem Ament gëtt et eng Schéisserei zu Santa Clarita a Kalifornien. Mir si matschëlleg wa mir elo net handelen. Et ass geet net nëmmen ëm politesch Verantwortung. Et ass ee moraleschen Imperativ“.

SchülerOch de Minoritéitsleader vun den Demokraten am Senat, Chuck Schumer, huet dorops hin den US-President an d‘Republikaner opgeruff, enger Ofstëmmung fir méi streng Waffegesetzer zouzeloossen. Eng Fuerderung déi ëmmer nees gestallt gëtt, mee keng realistesch Chancen huet gehéier ze fannen. Zum engen ass et ee Grondrecht, zum aneren ass d‘Waffelobby iwwermächteg.

Wa Kanner sech erschéissen

A während zu Washington Politik gemaach gouf, huet zu Santa Clarita ee 16 järegem zwee Matschüler (ee Meedche vu 16 an e Jong vu 14 Joer) erschoss. Si sinn am Spidol hire Verletzungen erleeën. Zwou weider Schülerinnen a a Schüler tëscht 14 a 15 Joer si bei der Schéisserei blesséiert ginn. Esouwäit de Bilan wéi e vun de Police vu Santa Clarita virgeluecht ginn ass.

Den Täter war um Donneschdeg 16 Joer jonk ginn, an huet versicht sech no der Dot selwer an de Kapp ze schéissen. Den FBI, deen d‘Ermëttlunge begleet, huet wësse gelooss, datt et zur Zäit keng Hiweiser op e Motiv oder eng „Ideologie“ gëtt, déi zur Dot gefouert hätten. D‘Autoritéiten haten uschléissend am Bezierk, aus Respekt virun den Affer, all d‘Schoulen zougemaach.

Schüler sinn net a Sécherheet

Schlëmm un dësem Virfall ass d‘Feststellung, datt et eigentlech „nëmmen e Fait divers“ ass, an ouni d‘Senatssëtzung, sech an de leschte Säite vun den Zeitunge verluer hätt. D‘Lëscht vun de Schosswiessel an amerikanesche Schoulen ass méi laang wéi dem Kleesche säi Baart an de Gouverneur vu Kalifornien, Gavin Newsom freet: „Wéi vill Schéissereie musse mir nach erdroen?“

SchülerDe fréiere President Bill Clinton huet an engem Interview kritiséiert, datt den Donald Trump sech net genuch géif asetzen. Huet heibäi awer ënnerschloen, datt hien et selwer emol an der Hand hat, an och virun der Waffelobby an der iwwermächteger NRA an d‘Knéie gaangen ass. Politesch ass ee verschäerft Waffegesetz an den USA net wierklech duerchzesetzen. Et dierf weider gestuerwe ginn.

mat indymedia/lax

Foto: D‘Elteren hunn hir Kanner no de Schéisserei ofgeholl. D‘Trauer steet jidderengem am Gesicht geschriwwen an et gëtt nees op eng Verschäerfung vun de Waffegesetzer higewisen, déi einfach net méiglech ze si schéngt. Wéi vill Affer muss et nach ginn, bis d‘US-Regierung de Mutt Opbréngt eng wuel onpopulär méi noutwenneg Reglementéierung ëmzesetzen. © Jose Salvador

Related topics Kalifornien, Santa Clarita, Saugus High School, Schosswaffegebrauch, Waffegesetz
Next post Previous post