Search

You may also like

Lëtzebuerg: Ab haut kann een nees d’Stad „Iwwerblécken“
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg: Ab haut kann een nees d’Stad „Iwwerblécken“

De „City Skyliner“, deem et un Erfolleg am leschte Joer

D‘Doleance vum ACL
International Neiegkeeten

D‘Doleance vum ACL

Fir de Jean-Claude Juchem, President vum ACL, war et gëschter

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“
International Neiegkeeten

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“

Gëschter Owend ass d’Rockhal sengem Numm trei ginn an huet

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala, huet de kalifornesche Süden zolidd duerchgerëselt. Déi amerikanesch Agence fir geologesch Iwwerwaachung USGS huet d‘Biewe mueres um 10.24 Auer (Lokalzäit) an enger Déift vun 8 Kilometer enregistréiert. Den Epizenter huet an der Wüsteregioun (Searles Valley), eng 250 Kilometer nordëstlech vu Los Angeles, geleeën.

Kalifornien

Dëst Biewen ass zanter 25 Joer dat stäerkst, dat a Kalifornien ze notéieren ass. Am kräftegste soll de Bueden zu Ridgecrest, enger Klengstad beim Nationalpark „Death Valley“ geziddert hunn, mee d‘Biewe war och zu Los Angeles däitlech gespuert ginn. Zu Ridgecrest huet et Schied u Gebaier ginn an d‘Pompjeeë vum Kern County hunn Rettungsmannschaften an d‘Klengstad geschéckt.

Kalifornien

Laut den zoustännegen Autoritéiten wier kengem Mënsch e Leed geschitt, mee mat Nobiewe gëtt gerechent. Dat lescht gréissert Biewe mat wäitreechende Folgen hat et viru 25 Joer ginn. Beim Äerdbiewe vun Northridge (Januar 1994), dat mat 6,7 Grad op de Richterskala notéiert gouf, ware 57 Persoune gestuerwen. De Schued war sengerzäit an d‘Millioune gaangen.

Kalifornien

Elo sinn Äerdbiewen a Kalifornien éischter „normal“ wéi ongewéinlech, wat senger geographescher Situatioun geschëlt ass. Kalifornien läit um Andreas-Gruef, an dësen zitt sech op enger Längt vun 1.300 Kilometer duerch den US-Bundesstaat. Hei iwwerlappt déi pazifesch Plack mam Kontinent an dréckt an nordwestlecher Richtung, woubäi et zu Reiwunge mat der amerikanescher Plack kënnt.

Dat schlëmmst Äerdbiewen an der Geschicht vum US-Bundesstaat hat sech den 18. Abrëll 1906 zu San Francisco zougedroen. Dëst Biewen hat d‘Küstestad an d‘Ëmgéigend zolidd erwëscht an hei sinn duerch d‘Bränn an aner Awierkungen iwwer 3.000 Mënsche gestuerwen Dëst Biewe gouf mat enger Stäerkt vun 8,4 op der Richterskala notéiert a war vum Oregon bis an den Nevada ze spieren.

mat indymedia/lax

Related topics Äerdbiew, Death Valley, Kalifornien, Ridgecrest, USGS
Next post Previous post