Search

You may also like

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch
International Money Neiegkeeten

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch

Déi israelesch Arméi huet bestätegt an der Nuecht vum Dënschdeg

Mam gudde Beispill virgoen
International Money Neiegkeeten

Mam gudde Beispill virgoen

Nodeems bekannt gouf, datt sech de franséische President Emmanuel Macron

Däitschland trëtt der Allianz vun de Kuelenausstiigslänner bäi
International Money Neiegkeeten

Däitschland trëtt der Allianz vun de Kuelenausstiigslänner bäi

Esou d‘Ukënnegung vun der däitscher Ëmweltministesch Svenja Schulze e Sonndeg

money

Kalifornien: Gudde start an d‘neit Joer mat legalem Cannabis

Kalifornien: Gudde start an d‘neit Joer mat legalem Cannabis

„Mir sinn ganz opgereegt an och ee bësschen nervös. Et sinn dräimol esouvill Leit hei üblech“, erzielt eis d‘Nicole Salisbury (35), Besëtzerin vum „Green Pearl Organics“ zu Desert Hot Springs, wou een zanter dem 1. Januar och Marihuana fir de rekreative „Genoss“ ka kafen.

Et ass den éischten Dag wou a Kalifornien de Verkaf an de Konsum vu Cannabisprodukter als „Genossmëttel“ legal ass. Kalifornien, de Staat mat der gréisster Awunnerzuel, gëtt esou de gréisste „Coffee-Shop“ op der Welt. Hei gëtt et de medezinesche Cannabis awer och schonn zanter 1996.

Säit Wochen huet dem Nicole säin Telefon sech net méi mat schelle ginn. Awunner aus anere Staaten hunn ugeruff, just fir „Bescheed“ ze soen, datt si an d‘Vakanz wäerte kommen, a wësse wëllen, op de rekreative Cannabis och bei him ze kafe gëtt.

Aacht US-Staaten, dorënner Colorado a Washington, hunn de Cannabis scho legaliséiert. Woubäi dat lëschtegt Kraut op federalem Niveau weiderhin illegal bleift. An uechtert de ganze „Golden State“ konnt ee bei de Geschäfter Mënscheschlaange bei de „Coffe-Shops“ gesinn.

Grousst Sortiment

Bei „Green Pearl Organics“ ass d‘Equip scho säit aacht Auer Mueres op de Been. Hei ginn d‘Cliente iwwer déi ënnerschiddlech Produiten informéiert an opgekläert. Als „Kraidermëschung fir ënnert den Tubak“, als „Konzentrat“, fir ze berouegen oder monter ze maachen, als Téi oder Kichelchen, d‘Sortiment beim Nicole ass gewalteg.

Datt den Mueren nom Feierdag eppes méi roueg war hat ee sech erwaart, an entspriechend Voll war et dann am Nomëtteg. Et huet och net laang gebraucht bis et béi verschiddene Produiten zum Enn gaangen ass. Besonnesch d‘Kichelcher an den Téi ware begiert.

E Fakt dee besonnesch deene Leit, déi op medezinesche Cannabis „ugewise“ sinn, géint de Stréch gaangen ass. Si komme scho säit Joren a si sichtlech genervt, elo mussen „unzestoen“. Iwwerhaapt hunn der vill gefuerdert, de Cannabis just op Ordonnance ze erlaben.

Brutal Taxen

D‘Nicole Salisbury weist dann nach drop hin, datt et och Onzefriddenheet gëtt: „Vill Leit bekloen sech a wiere frou gewiescht, wann de Cannabis weider als Medezin gehandhaabt gi wier. Aner sinn onzefridde wéinst den héijen Taxen“. A Kalifornien läit „d‘Grassteier“ bei iwwer 20%.

Gutt dofir kann all erwuessene Mënsch iwwer 21 Joer, dee gülteg Pabeiere ka virleeën, egal aus wéi engem Staat hie kënnt, sech de gewënschte Produit kafen. Am Geschäft begéinen sech dann och Männer a Fraen aus allen Altersklassen. Et si vill Stammcliente déi sech bei „Green Pearl Organics“ hir Wuer siche ginn.

Kalifornien

D‘Nicole Salisbury leet grousse Wäert op Qualitéit an iwwerpréift och emol selwer, wéi et domatter ausgesäit. Bei Green Pearl Organics a Kalifornien ee ganz wichtege Kritäre. © Robyn Beck/AFP

„Et ass super datt ee net méi bei den Dokter muss“ freet sech den Andrew Jennings (32). De Mann aus Texas ënnersträicht, datt et a sengem Ursprong-Staat „keng Plaz gëtt, wou ee legal Cannabis kafe kann, op mat oder ouni Ordonnance vum Dokter“.

Jidderengem säint

„Vill Leit mengen, datt Marihuana anzehuelen dozou féiert apathesch um Canapé ze sëtzen an d‘Tëlee ze kucken. Dat stëmmt esou net. Et hänkt dovunner of wéi eng Zort an wéi vill dovunner e konsuméiert. Jee nodeem kann et der Konzentratioun hëllefen“ erkläert eis ee Bäertegen an der kuerzer Box dee mat senger Frëndin akafe komm ass.

„Ech verstinn, datt et Leit gëtt déi der Meenung sinn, de Konsum vum Marihuana wier geféierlech. Mee wann een Alkohol legal verkeeft, da muss dat och fir Cannabis gëllen. Net ze vergiessen, datt et dem Staat uerdentlech Steieren abréngt, an de Konsument sech iwwert eng gutt a kontrolléiert Qualitéit kann erfreeën. Esou gewënnt bei dëser Saach jiddereen“.

D‘Christina (50), eng Therapeutin, ass komm fir déi verschidden Ueleger ze probéieren. Si erhofft sech e bessert hormonellt Gläichgewiicht an eppes géint Angschtgefiller ze fannen. „Ech versichen dës natierlech Medezin, well déi konventionell Medikamenter ze vill onerwënscht Niewewierkungen hunn“.

An eigentlech geet et just ëm de Goss…

Wann „Desert Hot Springs“ (zwou Stonnen ëstlech vu Los Angeles) och wäit manner glamouréis wéi seng „Nopesch“ ass, esou erhofft sech d‘Stad eng vun den „Adressen“ ze ginn, fir all déi wou léiwer „kiffen a fléien, statt drénken a fueren“. Et ass een deemno bereet dat ganzt Land bei sech opzehuelen.

An et feelt och net un Interessi. E sëllechen Entrepreneure kafe Lagerhale fir dat besonnescht Kraut unzebauen. Bei „Green Pearl Organics“ gëtt de Cannabis am Hannerbuttek geziicht, mee och mat ausgewielten Ziichter zesummegeschafft.

Dobäi stinn esouwuel d‘Gemeng selwer wéi och d‘Police dëser „Industrie“ ganz positiv géinteniwwer. Bei „Arcview“ geet een dovunner aus, datt dësen neie „Secteur“ dem Staat Kalifornien bis 2021 sollt bis zu 5,8 Milliarden US-Dollar abréngen. Fir d‘Geschäftsleit dierft et sech also och rentéieren…

mam Véronique Dupont/AFP

Foto: Eng Touristin aus dem Arizona richt sech duerch déi verschidde Variante vu Cannabis. Bei Green Pearl Organics zu Desert Hot Springs ass de Choix grouss. © Robyn Beck/AFP

Related topics Cannabis, Kalifornien
Next post Previous post