Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bitcoin: Déi zweet offiziell Währung vu Lëtzebuerg?
https://moien.lu/dating-saudi-arabian-girl/ Neiegkeeten

eh dating website

Vum Bitcoin gëtt an der Làscht vill geschwat. China huet

best dating places london
https://moien.lu/dating-saudi-arabian-girl/ Neiegkeeten

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem

En amerikanesche Riichter huet um Méindeg eng Sammelklo (Class Action)

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?
https://moien.lu/dating-saudi-arabian-girl/ Neiegkeeten

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?

Et ass nach 2017 a bis zu de Chamberwahle sinn

Kalifornien kämpft mat déidleche Bëschbränn, a Griicheland klëmmt de Bilan

Kalifornien kämpft mat déidleche Bëschbränn, a Griicheland klëmmt de Bilan

12.000 Pompjeeën hunn e Sonndeg géint Bränn a Kalifornien gekämpft. Hei gi sechs Affer beklot, mee erratesch Wänn an déi dréche Loft dreiwen d‘Feier onkontrolléierbar virun. Zur gläicher Zäit hunn d‘Pompjeeën a Griicheland, de Bilan nom Feier an der Attika missen no uewe korrigéieren.

„D‘Situatioun mat enger héijer Hëtzt an enger batterer Dréchent, bleiwen op der Westküst de ganze Sonndeg iwwer bestoen. D‘Konditioune ronderëm d‘Feier ‚Carr‘ bei Redding a Kalifornien bleiwe weider favorabel, fir eng séier Progressioun an Auswäitung vun de Bränn“, mellt um Sonndeg de Wiederdéngscht NWS.

D‘Pompjeeë vun der Grofschaft Shasta, wou d‘Feier säit dem 23. Juli säin Onwiesen dreift, hunn op Twitter erkläert: „erratesch Wänn, waarm an dréchen atmosphäresch hunn d‘Konditiounen op der Front vum #CarrFire verschäerft hunn“. Säit dem 26. Juli sinn 2 Pompjeeë bei de Läschaarbechten ëm d‘Liewe komm. E Fra vu 70 Joer an hir Enkelkanner vu 4 a 5 Joer, sinn an hirem Mobilhome, dee vum Feier ëmgi war, verbrannt.

Laut dem leschte Bilan deen eis virläit (14 Auer lokal) huet d‘Feier mat de Bezeechnung „Carr“ iwwer 36.000 Hektar Land an Äsche verwandelt. Alles an allem sinn 517 Gebaier ganz zerstéiert, an 135 schwéier beschiedegt ginn. D‘Feier selwer war bis heihinner nëmmen zu 5% agedämmt. An der Grofschaft Shasta, sinn 38.000 Leit evakuéiert ginn.

D‘Evakuatioun ass ugeuerdent ginn, nodeems de Gouverneur Jerry Brown de Noutstand fir dës Grofschaft ausgeruff huet. Dat hat de Gouverneur um Samschdegowend scho fir d‘Grofschafte vu Lake, Napa a Mendocino gemaach. Den US-President huet sengersäits e Samschdeg en Dekret ënnerschriwwe, deen der FEMA den Uerder gëtt d‘Autoritéite vu Shasta ze ënnerstëtzen.

Wou een hikuckt, Feier…

E Feier datt als „Mendocino Complex“ bezeechent gëtt, huet säi e Freideg 9.800 Hektar zerstéiert. Seng Fläch war séier ugewuess an um Sonndeg ware grad emol 10% vum Brand ënner Kontroll. Beim Feier „Ferguson“ (no um Yosemite Nationalpark) dogéint, kommen d‘Pompjeeë besser virun. Dëst Feier huet sech ëm nëmmen 800 Hektar an der Nuecht „vergréissert“.

Kalifornien

Flame vum Groussbrand „Carr“ erreechen ongeahnt Héichte beim Stiedche „Whiskeytown“. Duerch ee sech stänneg verännerende Wand an der extremer Dréchent, ass et fir d‘Pompjeeë ganz schwiereg d‘Feier ënner Kontroll ze kréien. © Josh Edelson/AFP

D‘Feier beim Nationalpark huet zanter dem 13. Juli 21.700 Hektar zerstéiert, an ass zu 30% ënner Kontroll. „Ferguson“ huet bis elo een Affer ënnert de Pompjeeë gemaach, 7 Mënsche goufe verletzt. En anere Groussbrand, de „Cranston Fire“ hat zur Evakuatioun vu 7.000 Awunner gefouert. D‘Feier dat vu Mënschenhand geluecht ginn ass, huet 5.300 Hektar Land zerstéiert.

Laut dem Urgence-Service (Cal OES), hunn um Sonndegmuere 17 Groussbränn Kalifornien am Grëff behalen. 12.000 Pompjeeë sinn am Asaz. De Service huet matgedeelt, datt d‘Verstäerkung aus 13 Bundesstaaten ukomm ass, oder am Begrëff ass unzekommen. Alles Fräiwëlleger déi deels vu wäit hir kommen, wéi aus dem New Jersey, Florida oder dem Maryland op der Ostküst.

Den nationalen Zenter fir d‘Brandkoordinatioun NIFC huet um Sonndeg 39 Groussbränn uechter Amerika gemellt. Aktuellen Zuelen no, si 97.000 Hektar Bësch a Wunnraum vun dëse Feier zerstéiert ginn. Eng Berouegung vun der Situatioun gëtt am Moment net erwaart. D‘Hëtztwell soll sech nach iwwert déi ganz Woch halen.

A Griicheland muss de Bilan korrigéiert ginn

Beim Groussbrand an der Attika bei Athen, wou d‘Stad Mati leschte Méindeg méi oder wéineger ganz zerstéiert ginn ass, hunn d‘Pompjeeën de Bilan vun den Affer no uewe korrigéieren. Wéi et d‘Spriecherin Stavroula Malliri matgedeelt huet, sinn op mannst 91 Mënsche Verstuerwen, 25 Leit ginn nach vermësst. No de genauen Ursaache vum Feier gëtt nach gesicht.

Et hat aus der Bevëlkerung vill Kritik un den Autoritéite ginn, well déi och sechs Deeg nom Feier nach keng konkret Informatioune ginn hunn. Wat déi vermësste Persoune betrëfft, esou ass et gutt méiglech, datt si sech ënnert den 28 Affer befannen, déi nach vun de Geriichtsmedeziner mussen identifizéiert ginn, preziséiert de Spriecher vum Zivilschutz, Spyros Georgiu.

D‘Stavroula Malliri bestätegt, datt 59 Affer identifizéiert konnte ginn, déi entweder karboniséiert oder erdronk ware wéi se sech an d‘Mier rette wollten. Véier Persoune sinn un hire Verletzungen am Spidol verstuerwen. D‘Tragedie huet en nach net festgeluechten Zuel u Kanner betraff. Esou zwou Zwillingsschwëstere vu 9 Joer, Gesëschter vun 11 an 13 Joer, mee och e Bëbee vu 9 Méint.

Kalifornien

Am Duerf vu Neos Voutzas bei Athen, ass e Mann derbäi „opzeraumen“. De Groussbrand an der Attika, dat d‘Stad Mati méi oder wéineger ganz zerstéiert huet, huet 91 Mënschen d‘Liewe kascht, 25 Persoune ginn nach vermësst. © Angelos Tzortzinis/AFP

An de Feier vu Mati sinn och Auslänner verstuerwen: e jonken Ir op Hochzäitsrees, eng polnesch Mamm mat hirem Bouf, an e Belschen Tourist, deem seng Duechter konnt gerett ginn. Wat elo d‘Gestioun vun der Kris ugeet, esou gëtt déi fir e politeschen Debat mëssbraucht. D‘Oppositioun ënnerstellt der Regierung an enger éischter Phas d‘Zuele vun den Affer zréckgehalen ze hunn.

Um Sonndeg hunn d‘Pompjeeën an d‘Police hir Recherche weidergefouert, fir d‘Ursaachen hannert dem Feier ze fannen. Athen geet vun engem kriminellen Akt aus, woubäi et an der Dageszeitung Kathimerini heescht, datt en Awunner de Groussbrand ausgeléist huet, wéi dësen doudeg Äscht a Blieder verbrannt huet.

mat AFP

Foto: E Motorrad, als stommen Zeie vum Groussbrand „Carr“ dat sech hei duerch den Distrikt vun de Lake Keswick Estates bei Redding a Kalifornien säi Wee gesicht huet. © Josh Edelson/AFP

Ähnlech Sujeten Griicheland, Groussbrand, Hëtztwell, Kalifornien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel