Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wann de Jughurt sauer schmaacht
vibe dating site

example of a well written dating profile

Et ass e Virbiewen vum Wahlkampf, wann sech zwee Ministeren

luxy dating sites
vibe dating site

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft

Déi saudesch Monarchie ass wéinst senger traureger Roll am Jemen,

Indoor World Series am Bouschéissen, dëse Weekend zu Lëtzebuerg
vibe dating site

Indoor World Series am Bouschéissen, dëse Weekend zu Lëtzebuerg

Vum 22-24. November 2019 organiséiert de Guillaume Tell Strassen déi 7. Editioun

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt um Buedem leien. Et ass virun allem de Geroch vu verbranntem gemëscht mam séisslechen Doft vun Alkohol dee bestécht. D‘Raimlechkeeten an deene fréier degustéiert konnt ginn, e verkuelten Trëmmerfeld…

„Paradise Ridge“ op enger Kopp vu Santa Rosa geleeën, ass ee vu ville Wënzerbetriber am Norde vu Kalifornien, déi vun der Feierwalz net verschount bliwwe sinn. Säit dem Sonndeg gräift d‘Feier an der kalifornescher Wäigéigend ëm sech. Eng grouss Zuel vu Wéngerten, deels mat iwwer honnert Joer ale Riewe sinn d‘Affer vun de Flame ginn. D‘Lies ass bedréit.

„Ech schaffen elo scho 25 Joer hei, mee esou eppes hat ech nach net gesinn“, esou den Christian Butzke, Önolog op der Akerbauschoul vu Purdue. „D‘Leit si geschockt iwwert d‘Vitesse mat där sech d‘Feier ausgebreet huet“, esou de Butzke weider, dee bedauert, datt esou vill Leit d‘Liewen heibäi verluer hunn. Gewosst ass bis elo vu 15 Affer, mee iwwer 200 Persoune ginn nach vermësst.

De Ray Johnson, Direkter vum Wäininstitut op der Universitéit vu Sonoma, schwätzt an enger Mail un d‘AFP vun engem groussen „Impakt“. D‘Wäinindustrie vun der kalifornescher Nordküst wäert Jore brauche fir sech vun dëser Katastroph ze erhuelen.

Grouss Nimm betraff

An et huet se all getraff, och déi grouss Nimm. Esou „Stag‘s Leap Cellars“ déi sech 1976 eng Renommée gemaach hunn, wéi se héich klasséiert franséisch „grand Cru“ beim Paräisser „Jugement“ iwwertraff hunn. De Betrib huet missen evakuéiert ginn, an aktuell kann iwwert d‘Héicht vum Schued nach keng Ausso gemaach ginn. Et geet een awer dovunner aus, datt schonn um Samschdeg d‘Aarbecht nees kann opgeholl ginn.

De Wënzerbetrib „Signorello Estate“ dogéint ass nach just Äschen. Den Direkter Ray Signorello Jr. huet op Facebook matgedeelt, datt d‘Personal wuel alles versicht hätt d‘Feier an d‘Gitt ze kréien, mee huet missen opginn, wéi d‘Gebai bis betraff war. Dat selwecht Schicksal huet och de Bio-Wënzer Frey getraff.

Et mengt een et wier e Bommenugrëff gewiescht

Joe Nielsen, Wënzer

„Et mengt een et wier e Bommenugrëff gewiescht“, stellt bedréckt den Joe Nielsen vum Wënzerbetrib „Donelan“am San Francisco Chronicle fest. „Et stinn nach just d‘Kamäiner, de Rescht si verkuelte Karkasse vun Autoen an d‘Äsche vun de Beem. De Cushing Donelan, deem d‘Wéngerten nach net verbrannt sinn, ass awer weider nervös. Säi Wéngert läit matten an der Evakuatiounszon, de Wand hëlt nees zou an näischt weist drop hin, datt d‘Gefor eriwwer wier.

Déi berühmten „Beltane Ranch“, eng Herberg a Wënzerbetrib säit 1900, huet och missen evakuéiert ginn. Mat de Kéi an de Päerd. Wéi d‘Proprietären awer an de sozialen Netzwierker konnte matdeelen, sinn déi historesch Gebaier ënnert dem Asaz vu ville Fräiwëllege virum Feier gerett ginn.

De Schued ass immens

An den Albdram war um Dënschdegowend dann och nach net eriwwer. D‘Awunner an d‘Wënzer vun dëser paradisescher Wäigéigend kënnen eenzeg an eleng de Flamen nokucken, während d‘Evakuatioune weider gaange sinn. Iwwer 2.000 Wunnengen a Strukture ware bis dohinner schonn d‘Affer vum Feier ginn.

De Butzke ass sech dann och am kloren, datt et e grousse Verloscht ass. „Et wäert Joerzéngte brauchen, bis d‘Wéngerten nees esou an der Sonn sti wéi mir dat bis ewell gewinnt waren“, esou den Önolog. Wann et och richteg ass, datt de Gros vun de Wéngerte gelies ass, esou muss awer beduecht ginn, datt de „Merlot“ an de „Cabernet“ ëmmer méi eppes méi spéit am Joer erageholl ginn.

„Déi Drauwe kéinten ënnert dem Damp gelidden hunn“, well deen an d‘Drauf anzéie kann, wat sech op d‘Produktioun auswierke géif an de Präis während zwee bis dräi Joer no uewen dréckt. De Butzke wéist awer drop hin, datt vun den insgesamt 60.000 Hektar Wéngerten, nëmmen e klengen Deel affektéiert ass. De Schued hält sech deemno a Grenzen an op den Tourismus dierft et keen Afloss huelen.

mam Julie Charpentrat an dem Véronique Dupont/AFP

Foto: Napa, Kalifornien: Ausser dem Kamäin huet d‘Feier näischt stoe gelooss. © Ezra Shaw/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Feier, Kalifornien, USA, Wäin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel