Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie
International Neiegkeeten

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie

Virun enger Woch gouf déi éischt Phas vun der „neier

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen
International Neiegkeeten

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen

Während am Frankräich d‘Lag op der Wiederfront éischter „bedreelech“ ass,

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“
International Neiegkeeten

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“

Déi „Bëllia Bratzelgecken“ haten sech 2016 eng besonnesch afale gelooss

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus

Bëschbränn an extrem Wiederkonditiounen zwéngen 180.000 Mënschen aus hiren Haiser

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus

Dréchent Wieder a staarke Wand bereeden den Autoritéiten zolidd Suergen. D‘Feier ass den Ament net ënner Kontroll ze bréngen, firwat de Gouverneur de Noutstand ausgeruff huet. Zur Sécherheet hunn a Kalifornien 180.000 Mënsche missen evakuéiert ginn.

KalifornienAus dem Büro vum Gouverneur Gavin Newsom heescht et, datt all verfügbar Ressource agesat gëtt fir d‘Bëschbränn ze bekämpfen. Fir weider Feier ze vermeiden ass groussflächeg de Stroum ofgeschalt ginn. De marode Stroumreseau, dee vun de Bedreiwer schlecht bis guer net ënnerhale gouf, wier d‘Ursaach fir d‘Katastroph. A bei där Dréchent geet dann och e Fonken duer…

Vun den Evakuéierungsmoossname betraff ware Staddeeler vu Santa Rosa. Dës Stad war scho virun zwee Joer duerch e Bëschbrand verwüst ginn. Via Twitter huet de Sheriff vu Sonoma County gesot: Et ass déi gréissten Evakuéierung un déi sech iergendeen erënnere kann“. 90.000 Mënschen hunn e Samschdeg d‘Haiser misse verloossen. Betraff war d‘Wäibaugebitt vu Healdsburg bis Bodega Bay.

KalifornienD‘Bränn waren e Mëttwoch ausgebrach. Bis ee Sonndeg hunn Rettungsdéngschter grad emol 10% vum Feier ënner Kontroll kritt, esou d‘Forstverwaltung. 79 Haiser sinn de Flame bis ewell zum Affer gefall, vu Blesséierten ass nach näischt gemellt ginn. CalFire huet gewarnt, datt de staarke Wand zu onberechenbarem Verhale féiere kann an d‘Leit einfach sollten d‘Géigend verloossen.

Vum Stroumversuerger PG&E gouf bestätegt, datt aus „Sécherheetsgrënn“ a 36 Bezierker de Stroum fir op mannst 48 Stonnen ofgeschalt ginn ass. Betraff vun dëser Moossnam wieren zur Stonn 940.000 Clienten. PG&E a SoCal Edison stinn zanter längerem an der Kritik, wëll si de Reseau verkomme gelooss hunn. Ob si zur Verantwortung kënne gezu ginn, dat weess keen…

mat indymedia/lax

Foto: © Asta N (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Flächebrand, Kalifornien, Noutstand, Sonoma County, Stroumnetz, Wäibaugebitt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel