Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dëse Lëtzebuergesch-Quiz ass näischt fir Ufänger!
ip address hookup Neiegkeeten

dating services in dubai

Dës Woch hu mer eis d’Zäit geholl, an d’Noriichten duerchgelies.

golden dating site friendship
snowboarding singles dating
ip address hookup Neiegkeeten

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!
ip address hookup Neiegkeeten

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!

Am Kader vun der nationaler Strategie zur Fërderung vum gesonden

Kalifornien verbrennt

Dausende Pompjeeë stellen engem Gigantesche Feier entgéint

Kalifornien verbrennt

En Dënschdeg, sechsten Dag vun enger Katastroph där hiert Ausmooss nach net ze iwwerblécken ass. Zu dausende sinn déi amerikanesch Pompjeeë beméit d‘Bëschbränn ënner Kontroll ze kréien. Zur selwechter Zäit, hunn Rettungsequippen no weideren Affer gesicht.

Den traurege Bilan läit bis ewell bei 50 Doudegen. „Mir hunn haut d‘Iwwerreschter vu sechs weidere Persounen zu Paradise fonnt“, esou de Sheriff Kory Honea. D‘Stad Paradise, wou 26.000 Leit hiert doheem haten, ass „vun der Kaart verschwonnen“

Keng Zäit ze verléieren

Am Norde vum Bundesstaat, huet d‘Feier mat der Bezeechnung „Camp Fire“ bis haut 50.600 Ha verbrannt, a gëtt zu 35% kontrolléiert, heescht et an enger kuerzer Matdeelung vun de kalifornesche Pompjeeën (Cal Fire) um Dënschdegmueren.

Kalifornien

Eng Feierplaz an de Kamäin… méi huet „Woolsey Fire“ vun dësem Haus um „Busch Drive“ zu Malibu net iwwreg gelooss. © Frederic J. Brown/AFP

Säit dem Ausbroch vum Feier, sinn 6.500 Wunnengen an nach emol 260 Betriber de Flammen zum Affer gefall. Eleng fir dëst Feier – dat déidlechst an der Geschicht vu Kalifornien – sinn 5.100 Pompjeeën an den Asaz geuerdert ginn.

E riskanten Asaz. Wéi aus dem Bulletin vu Cal Fire ze enthuelen ass, mussen sech d‘Pompjee ville Risken an Geforen aussetzen, well a ville Zonen den Terrain „ganz schwiereg“ ass, wat d‘Aarbecht op der Plaz net erliichtert. An d‘Camp Fire ass net déi eenzeg Suerg…

Feier och am „Süden“

E puer honnert Kilometer südlech vu Paradise, ass et d‘Feier „Woolsey Fire“ dat an der Géigend vu Los Angeles fir Angscht a Schrecke suergt. Hei sinn 39.300 Ha Land de Flamen zum Affer gefall, an op mannst zwou Persounen si verstuerwen.

Dëst Feier hunn d‘Pompjeeën zu 40% ënner Kontroll. D‘Feier war bei Thousand Oaks ausgebrach, hat sech séier Richtung Süden entwéckelt, an huet um Samschdeg d‘Küstestad Malibu bedreet. 3.600 Mann kämpfe mat de Flamen, déi och Haiser vun Hollywood-Staren „opgefriess“ hunn.

Iwwer 260.000 Awunner an der Regioun ëm Sacramento a Malibu, hunn den Uerder erhalen ze evakuéieren. A béide Fäll gëtt nach ëmmer no der Ursaach vum Feier gesicht. D‘Dréchent hält sech säit Joren, a Reene soll et – esou de Meteo-Service – net virun nächster Woch.

Identifikatioun

All d‘Pompjeeë mussen an Alarmbereetschaft bleiwen, well de Wand, och wann dëse „schwaach bis mëttel staark ass – ëmmer nees Brandnäschter entfacht. Déi dréche Biedem, verbonne mat engem schwierege Gelänn, maachen et de Pompjeeën, och net méi einfach.

Kalifornien

Zu Paradise, wou de Bilan elo scho bei 50 Affer geleeën ass, sinn d‘Autoritéiten op der Sich no weidere Persounen, déi dem Feier net entkomme konnten. „Camp Fire“ geet als dat déidlechst Feier an d‘Geschicht vu Kalifornien an. © Josh Edelson/AFP

D‘Pompjeeë ginn op der Plaz vun Anthropologen, Hondsstaffelen an engem mobillen DNA-Labo ënnerstëtzt. Hir Aufgab ass et, Affer opzefannen an ze identifizéieren. Eng komplizéiert Affär, well vu villen Affer net wierklech eppes iwwreg bliwwen ass.

An dësem Kontext huet d‘Arméi zwou Militär-Morguen opgestallt, fir d‘Affer ze regroupéieren. Bei der Police sinn iwwer 1.500 Appellen agaangen, wou Persounen als vermësst gemellt goufen. Hei besteet awer d‘Hoffnung, datt déi a Refugen oder Opfanglager en Ënnerdaach fonnt hunn.

Brigangen ënnerwee

D‘Autoritéiten hunn awer net nëmme mam Feier ze kämpfen. D‘Police kritt stänneg Uriff, well geraibert gëtt. De Sheriff Kory Honea vun der Grofschaft Butte huet informéiert, datt si eleng 139 „seriéis Virfäll“ gemellt kruten, dorënner 16 Fäll, wou Haiser ausgeraibert goufen.

Malibu ass vollstänneg evakuéiert ginn, mee d‘Awunner sollte schonn e Sonndeg nees an hir Haiser dierfen. Vill Prominent Awunner hunn an de sozialen Netzwierker, de Schued „dokumentéiert“, an de Pompjeeë fir hiren Asaz Merci gesot.

Den Acteur Gerard Butler huet op Instagram Biller vu senger verbrannter Garage gepost, a kommentéiert: „Zréck am Haus no der Evakuatioun. Et sinn déi Momenter déi engem d‘Häerz zeräissen. Mir hate Gléck, eist Haus ass nëmmen zum Deel ofgebrannt“.

mam Laurent Banguet an dem Cyril Julien/AFP

Foto: Zu Malibu bekämpfen d‘Pompjeeën d‘Woolsey Fire an gënnen sech kaum eng Paus. © Sandy Huffaker/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Camp Fire, Kalifornien, Katastroph, Pompjeeën, Woolsey Fire
Nächsten Artikel Virrechten Artikel