Search

You may also like

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad
International Neiegkeeten

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad

Zanter elo 25 Joer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office

Oppositioun an der Chamber
International Neiegkeeten

Oppositioun an der Chamber

Nodeems e Mëttwoch d‘Regierung an der Presidentekonferenz ëm „Diskretioun“ gebueden

Zesumme géint Kanneraarbecht: Séiss ënnerwee mat Fairtrade!
International Neiegkeeten

Zesumme géint Kanneraarbecht: Séiss ënnerwee mat Fairtrade!

Sponsored Story – Och Schockela huet eng batter Säit: D’Kanneraarbecht

Kalifornien verbrennt

D‘Bränn un der US-Westküst hu längst en Ausmooss ugeholl, datt ee sech kaum esou virstelle kann

Kalifornien verbrennt

Impressionnant Biller: Den Himmel iwwert dem US-Bundesstaat Kalifornien ass „Orange“, d‘Sonn kann den Damp net méi duerchbriechen, da ganzen Dag iwwer bleift et däischter. D‘Bëschbränn am Bundesstaat hu scho méi wéi 12.500 Quadratkilometer zerstéiert – dat ass ronn 500 mol d‘Fläch vu Lëtzebuerg – an d‘Feiersaison nach net emol richteg ugefaangen.

Kalifornien

Zu San Francisco hunn d‘Autoritéiten d‘Mënschen opgeruff sech doheem opzehale well den Damp zum Risk fir d‘Gesondheet ginn ass. Wien dann awer aus dem Haus geet, dee kritt direkt mat wat hei gemengt ass: d‘Ae fänken direkt mat tréinen un, et kraazt am Hals an och d‘Ootme fält engem no ee puer Meter richteg schwéier. An awer huet et Leit, déi net kënnen doheem sëtze bleiwen.

Wie ka mécht Homeoffice – d‘Covid19-Pandemie ass jo hei och nach allgéigewäerteg – mee dat gëllt dann nees éischter fir eng privilegiéiert Mëttel- an Uewerschicht. Fir all déi aner heescht et schaffe goen, et sief d‘Entreprise ass souwisou zou. D‘Bësch- a Buschbränn vun dësem Joer sinn iwwerdimensionéiert, an och wann sech de Phenomen all Joers widderhëlt, et ass nees besonnesch.

KalifornienVun der mexikanescher bis zur kanadescher Grenz… iwwerall brennt et. Sechs vun den aktuelle Bränn, zielen elo schonn den 20 gréisste Feier an der Geschicht vum Bundesstaat. Déi ginn zanter den 30er Jore ganz akribesch verfollegt an dokumentéiert. Ronn 15.000 Pompjeeë sinn zanter Wochen am Asaz, mindestens 23 Affer sinn ze bekloen an de Schued léisst sech net bemoossen.

Am Norde vu Kalifornien ass et de staarke Wand deen d‘Läschaarbechte bal onméiglech mécht. De sougenannte „North Complex Fire“ deen d‘Männer vu CAL Fire um Dënschdeg zu 50% ënner hir Kontroll bruecht haten, ass mëttlerweil nees ausser Rand a Band. D‘Leit aus Butte County, Plumas County a Yuba County sollten evakuéiert ginn, besonnesch déi wou an de Bierger wunnen.

Kalifornien

Mee et huet och gutt Noriichten. Esou sinn dräi gréisser Feier ronderëm San Francisco zënter dem Donneschdeg wäitgoend ënner Kontroll. Op verschidde Plaze loossen d‘Pompjeeën et weider brennen, dat awer an éischter Linn fir d‘Ënnerholz ze vernichten. Dat ganz kloer fir ze verhënneren, datt et hei erneit zu engem Brandausbroch komme kann. Si hunn Erfarung a wësse wéi et geet.

An et brennt dann och net nëmmen a Kalifornien. D‘Bundesstaaten Oregon a Washington, sinn och vu massive Bëschbränn bedreet. Esou stinn eleng am Oregon 3.600 Quadratkilometer Land a Brand an och hei goufen elo gutt 500.000 Mënschen opgefuerdert, just dat néidegst anzepaken a sech aus der Geforenzon ze verfuussen. Elo gëtt op eng besser Meteo a méi gnädeg Temperature gehofft…

mat indymedia/lax/sfo

Related topics Bëschbränn, Cal Fire, Kalifornien, Klimawandel, USA
Next post Previous post