Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur
https://moien.lu/dating-apps-lists/ dating site subreddits

dating sites farnborough

Den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal stécht a schlechten Dicher. Wann een

https://moien.lu/faucet-hook-up-hose/
https://moien.lu/dating-apps-lists/ dating site subreddits

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

Vill wichteg Saache sinn zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert geschitt.

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA
https://moien.lu/dating-apps-lists/ dating site subreddits

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA

Schonn den 23. Februar hat den Donald Trump via Twitter

Kalifornien verbrennt am gréisste Feier vu senger Geschicht

Kalifornien verbrennt am gréisste Feier vu senger Geschicht

Iwwer 14.000 Pompjeeën aus ganz Amerika, an esouguer Australien an Neiséiland, hunn um Dënschdeg déi wäitleefeg Feier bekämpft, déi zanter elo engem Mount Kalifornien am Grëff halen.

Dorënner och dat gréisste Feier dat jeemools an dësem Staat enregistréiert ginn ass. De Rekord war eréischt virun e puer Méint gefall, an elo muss een deen dem Feier vum „Mendocino Komplex“ zouschreiwen. E Feier datt sech op schwieregem Gelänn, ronderëm de Clear Lake, am Norde vu San Francisco, iwwer ronn 120.000 Hektar ausgebreet huet.

Laut engem virsiichtege Bilan vu de Pompjeeë vu CalFire (Dënschdeg 14 Auer Lokalzäit), huet d‘Feier säit dem 27. Juli 117.638 Hektar Land verbrannt. D‘Feier, datt sech als Mendocino Komplex seng Plaz an de Geschichtsbicher gemaach huet, besteet eigentlech aus zwee grouss Bränn, déi nieftenee lafen: de Ranch Fire, an de River Fire.

Keng natierlech Hürden, wéi d‘Baachen oder kënschtlech amenagéiert Grief, konnten d‘Ranch Fire ophalen. D‘Feier gëtt vum Buedem, mee och aus de Loft bekämpft, an dat mat massive Moyenen: zwee „Waasserbomber“ vum Typ McDonnell Douglas DC10 an eng Boeing 747.

„Wier de Mendocino Komplex eng Stad, da wier et déi 14. gréisste Stad vun den USA. Méi grouss wéi New York, Chicago, Philadelphia oder Houston“, heescht an engem Tweet vun der Cal OES, de Service vun den Urgence vum kalifornesche Gouverneur. De Rekord hat bis dohinner d‘Feier mat der Bezeechnung „Thomas“, dat am Dezember 2017, 114.078 Hektar an Äsche verwandelt huet.

De ganze Bundesstaat ass betraff

Bis ewell ginn eng Dosen Affer beklot, dorënner wéinstens véier Pompjeeën. De Fierschter-Service vum Staat Kalifornien, hunn um Dënschdeg 8 Groussbränn gemellt. Dobäi en neit Feier dat sech am Süden ausgebreet huet.

Eppes nërdlech vum Mendocino Komplex, hunn d‘Pompjeeën och nach mam Carr Fire schwéier ze dinn. Et ass d‘Nummer 12 vun de grousse Bränn, an hei goufen zanter dem 23. Juli gutt 68.000 Hektar Land, an 1.600 Gebaier wouvunner eng dausend Familljenhaiser, zerstéiert. D‘Feier, esou déi leschten Informatiounen, wier zu 47% agedämmt.

Op der Plaz sinn 4.700 Pompjeeën, dorënner Equippen aus Australien an Neiséiland. Hir primär Aufgab ass et, d‘Stad Redding ze schützen. D‘Läschaarbechte gestalten sech och hei immens schwiereg. „D‘Feier ass an géie Schluchte geleeën a ganz ënnerschiddlech dem Wand ausgesat, wat et de Pompjeeën op der Plaz onmoosseg schwéier mécht“, erkläert CalFire.

Fir et ze verbildlechen: D‘Situatioun ass esou intensiv, datt et, no engem mechanesche Versoen un engem Gefier, wouduerch et zu Fonke komm, an op der Plaz wéinst der dréchent direkt zu engem Brand komm ass. Ugedriwwe vum Wand, huet sech bannent Sekonnen en Trëndel generéiert deen engem „Feier-Tornado“ ähnlech ausgebreet huet.

De Yosemite Nationalpark fir de Public gespaart

Wat d‘Ferguson Fire betrëfft, wéinst deem de Yosemite Nationalpark matten an der touristescher Héichsaison partiell huet missen zougemaach ginn, esou kommen d‘Pompjeeën endlech eppes besser virun. D‘Feier, dat zanter dem 13. Juli iwwer 36.000 Hektar Land verwüst huet, ass elo zu 40% agedämmt. Dausende leit hu missen evakuéiert ginn.

De Scott McLean, de Chef-Adjoint vu CalFire: „Dës Feier sinn extrem séier, aggressiv a geféierlech (…) Et muss ee sech ukucke wéi et sech an de leschten Deeg entwéckelt huet. A kuckt iech un mat wéi enger Vitesse d‘Feier vum Mendocino Komplex am Klassement vun de Sinister gestigen ass“.

Kalifornien

De 15 järegen Alex Schenck versicht mat Waassereemeren säin Doheem ze retten, während d‘Ranch Fire (Mendocino Komplex) sech iwwert d‘New Long Valley Road, bei Clearlake Oaks, ëmmer méi séier ausbreet. © Noah Berger/AFP

Um Sonndeg huet den US-President d‘Situatioun a Kalifornien als „Naturkatastroph“ deklaréiert, wat zu engem federale Bäistand fir déi lokal Autoritéite féiert. Et sinn och Fonge fräigesat ginn, fir de sëlleche Leit aus der Grofschaft Shasta „ënnert d‘Äerm“ ze gräifen, déi am Carr Fire alles verluer hunn. Schonn de 29. Juli hat d‘FEMA den Uerder erhalen, d‘Autoritéiten ze ënnerstëtzen.

An e puer Tweets déi den Donald Trump e Méindeg an d‘Welt geschéckt huet, mécht hien de Waassermangel verantwortlech, wouduerch eng Bekämpfung vum Feier esou schwiereg wier. Hie réit de Pompjeeën „Beem ze schloen“ fir d‘Lag ënner Kontroll ze kréien. Domatter verstéisst de Milliardär géint Ëmweltoplagen, vun deene gewosst ass, dat hie wéineg dovunner hält.

Klimawandel? Laut Trump eng Erfindung…

Fir den US-President, deen de Klimawandel beschtefalls als eng Erfindung vun de Chinesen hält, läit d‘Schold un de kalifornesche Groussbränn, an de „schlechten Ëmweltgesetzer, déi et net zouloossen, enorm Quantitéiten u Waasser ze benotzen“, obwuel se liicht zougänglech sinn.

„Dat Waasser gëtt an de Pazifik ëmgeleet, an dat muss sech änneren. Et muss een och Beem schloe fir ze verhënneren, datt sech d‘Feier ausbreede kann“, esou den Donald Trump, deen entweder grad schlecht berode gëtt, oder säi Wëssen aus enger Virwëtztut huet. Net ze vergiessen, datt den US-President 2017, d‘USA aus dem Paräisser Klimaofkommes geholl huet.

An de Daniel Berlant, nach e Chef-Adjoint bei CalFire, erkläert géinteniwwer de Kollege vun der New York Times: „A Realitéit hu mir méi wéi genuch Waasser fir géint d‘Feier ze kämpfen. Mee hei muss awer däitlech gemaach ginn, datt et duerch d‘Verännerunge vum Klima, zu ëmmer méi a virun allem heftege Bränn kënnt. D‘Ausmooss vun de Feier sollt engem ze denke ginn“.

mam Josh Edelson an dem Elodie Mazein/AFP

Foto: Sougenannte „Wasserbomber“ am Asaz. Hei eng Opnam vum 5. August, wou een erkenne kann, wéi mat chemesche Mëttel versicht gëtt, d‘Feier opzehalen. Déi grouss Dréchent an d‘Loft déi stänneg d‘Richtung wiesselt, mécht de Pompjeeën d‘Liewe schwéier. © Noah Berger/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Feier, Kalifornien, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel