Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?
International Neiegkeeten

QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland
International Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland

Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen
International Neiegkeeten

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen

Datt sech den Donald Trump drop konzentréiert zeréckgewielt ze ginn,

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall

83 Container mat 1.600 Tonne Knascht sollen zréck un den Ofsender

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall

Am Mee haten d‘Philippinnen „de Stecker gezunn“ an no engem jorelaange Sträit mat Kanada, ganzer 1.300 Tonnen Offall zréckgeschéckt. Et ass net dat eenzegt südostasiatescht Land, dat zu dëser Mesure gegraff huet an elo schléisst sech och nach de Kambodscha un.

Datt déi sougenannten Industrielänner mat hirer Konsumwut hiren Dreck net ënner Kontroll kréien, dat war nach Rezent e Problem deen si den „Entwécklungslänner“ iwwerdroen hunn. Déi sinn es dem Dreck midd, an elo huet och déi kambodschanesch Regierung dem Import vu Plastiksoffall de Krich erkläert. Am presente Fall geet et ëm net manner wéi 83 Container mat 1.600 Tonne Knascht.

PlastiksoffallOffiziell ass den Inhalt vun de genannte Container als „Recycling-Rohstoffer“ deklaréiert ginn. Déi stinn elo am Hafe vu Sihanoukville, nodeems bei der Kontroll duerch d‘Autoritéite festgestallt ginn ass, datt et sech beim Inhalt ëm Plastiksoffall handelt, huet den Ëmweltministère kloer Moossnamen ergraff. D‘Container sollen un den Ofsender zréckgoen. 70 stamen aus den USA, 13 aus Kanada…

Vum Spriecher aus dem Ëmweltministère, Neth Pheaktra, kommen däitlech Wierder: „Kambodscha ass keen Dreckseemer wou aner Länner hiren alen Elektroschrott entsuerge kënnen“. Hien huet och drun erënnert, datt de Kambodscha scho viru gutt 20 Joer den Import vu Plastiksoffall verbueden huet. D‘Container sollen zréck an den Importateure wäert eng gehéiereg Strof net erspuert bleiwen.

Eisen Dreck sollt och eise Problem bleiwen

Et sinn natierlech net eleng d‘USA a Kanada déi hiren Dreck net méi am Grëff hunn. Och Europa mécht bei dësem „knaschtegen“ awer extrem lukrative Geschäft mat. Esoulaang et sech och ëm tatsächlech recycléierungsfäegen Offall gehandelt huet, war dësen „Handel“ fir all d‘Acteuren eng valabel wirtschaftlech Transaktioun. A bis Ufank 2018 war China de gréisste „Client“ am Geschäft.

Plastiksoffall

Nodeems Peking dann am Januar vum leschte Joer en Importstopp duerchgesat huet – virrangeg fir déi eegen Ëmweltbilanz ze verbesseren – hunn d‘Länner sech anerwäerts missen ëmkucken, an hu sech wahrscheinlech geduecht, ee puer Dommer fonnt ze hunn. Esou domm, datt een deenen dann all méiglechen Dreck als Recycling-Rohstoffer op d‘A gedréckt huet. Domadder soll Schluss sinn.

Ob déi Länner richteg oder falsch handelen, hänkt natierlech och dovunner of, aus wéi engem Bléckwénkel een et betruecht. Déi industrialiséiert Länner hu sech Wirtschaftsmodeller operluecht, déi strikt op de séieren a kuerzliewege Konsum ausgeriicht sinn, wat entspriechend Offall mat sech bréngt. Si hunn sech streng Ëmweltstandarden operluecht, firwat de „Problem“ outgesourct gëtt.

mat indymedia/glb

Foto: Dës Foto, déi vum kambodschaneschen Ëmweltministère gëschter de Medien zur Verfügung gestallt ginn ass, datéiert op de 16. Juli 2016. Den Inhalt vun de Container verstéisst géint geltend Recht, mee och d‘Réckféierung vun dësem Offall léisst net iwwer Nuecht realiséieren. © Cambodian Ministry of Environnement

Ähnlech Sujeten Kambodscha, Offall-Export, Plastikskris, Plastiksoffall
Nächsten Artikel Virrechten Artikel