Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!
International Neiegkeeten Stories

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!

ENG – Noc-Turn, TIPTIL a CCSA si stolz Iech Fabrik

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?
International Neiegkeeten Stories

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?

De geféierlechen TR4 Pilz bedreet den Ubau vun der Banann

ULC: Eng Charta zur Reegelung vu Cadeausbongen
International Neiegkeeten Stories

ULC: Eng Charta zur Reegelung vu Cadeausbongen

Eng laangjäreg Fuerderung an d’Beméiung vun der ULC hisiichtlech enger

Kambodschaner no véier Deeg aus Fielsspalt gerett

Kambodschaner no véier Deeg aus Fielsspalt gerett

Um Sonndeg ass ee 28 Joer jonke Kambodschaner tëscht zwee Fielse gerutscht a konnt sech net méi selwer befreien. Nodeems de Mann um Dënschdeg gesicht, duerno och fonnt ginn ass, hunn 200 Leit wärend 10 Stonnen dru geschafft, hien aus der mësslecher Situatioun eraus ze kréien.

Eigentlech wollt de Sum Bora aus Kambodscha an enger Hiel vum Chakrai Bierg just d’Ausscheedunge vu Fliedermais sammelen. De sougenannte Fliedermaus-Guano gëtt duerch säin héijen Undeel u Stéckstoff als wäertvollen Dünger verkaaft. Um Wee bei d’Hiel ass hien um Sonndeg tëscht zwee Fielse gerutscht.

Fielsspalt

© Battambang province Authority Police

Ouni Iessen a Waasser hat hie sech op de Wee gemaach, allerdéngs hätt dat dem Mann och net viru gehollef an dëser Positioun. Um Dënschdeg huet seng Famill sech op d’Sich nom Sum Bora gemaach. Ee Kolleg, deen oft mat op d’Guano-Sich geet, huet den 28 Järege schliisslech fonnt.

„Ech hat d’Hoffnung verluer um Liewen ze bleiwen a wann ech ee Messer bei mir gehat hätt, hätt ech mech ëmbruecht“, sou de Bora. D’Entrée vun der Hiel war esou enk, datt ee speziellt Rettungsteam per Helikopter huet missen ageflu ginn. Um Mëttwoch huet ee schliisslech missen Deeler vun der Hiel zerstéieren, fir de Mann ze erreechen.

Fielsspalt

© Battambang province Authority Police

No der Rettung vun 10 Stonnen ass hien direkt an d’Spidol bruecht ginn. D’Koeun Sothea deelt mat, datt hire Mann Blessuren um Kapp, Knéi a Broscht erlidden huet. De Kambodschanesche Premierminister Hun Sen huet der Famill uschléissend 2,500 $ gespent.

Fir ähnlech Virfäll an Zukunft ze verhënneren ass d’Betrieden vun der Hiel elo verbueden.

Ähnlech Sujeten Accident, Fielsspalt, Guano, Kambodschaner, Rettung, Sum Bora
Nächsten Artikel Virrechten Artikel