Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft
Kultur Neiegkeeten

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft

Et ass zur Traditioun ginn, datt sech d‘Handelskummer fir seng

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer

Hien war ee franséische Moler, Matbegrënner an Haaptvertrieder vum Impressionismus.

surprise
D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!
Kultur Neiegkeeten

D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!

Um Mëttwoch hunn sech déi „Alliéiert“ vum Irak am Kader

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!

De Moien um 7 Auer gouf et op der Gare e Schmaus fir d’Oueren

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
Den LCTO-President Marc Angel iwwerrecht hei ganz symbolesch dem Saxophon-Quartett Saxitude hir Instrumenter, mat deene si uschléissend d'Gare mat flotter Musek beliewen. © Melvin Hatto/moien.lu
“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
© Melvin Hatto/moien.lu
“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
(v.l.n.r.) Patrick Goldschmidt, Sandy Nonnweiler, Marc Angel, Marc Scheer. © Melvin Hatto/moien.lu
“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
Saxitude suergen an de fréie Mueresstonne fir gutt Laun. © Melvin Hatto/moien.lu
“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
© Melvin Hatto/moien.lu
“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
© Melvin Hatto/moien.lu
“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
"Haaptstad vun der Musek " als Slogan vun der dësjäreger Editioun. © Melvin Hatto/moien.lu

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie 7 Auer, wou vill Leit um Wee fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul mat Musek op der Stater Gare empfaange gi sinn. Wärend enger Woch ginn uechter d’Land gratis Concerte gespillt. Den Ufank vun dësem Museksfest ass an der Stad an zu Diddeleng, awer och zu Wellesteen a Schengen leeën d’Museker haut scho lass.

Fir vill Leit war et an der Fréi mam Moiesstress e wéineg besser gaangen, wéi d’Saxophon-Quartett Saxitude mam Ed Sheeran sengem “Shape of You” fir e verschéinerte Start an den Dag gesuergt an niewebäi déi dësjäreg Fête de la Musique lancéiert huet.

Haut ass an de Stater Quartiere bis Mëtternuecht méi eng lass wéi soss. Iwwer 60 Bands spillen op 23 verschidde Plazen, souwuel am Stadzentrum wéi och an den uleiende Véierel Gare, Kierchbierg, Märel-Belair, Hollerech P&R Bouillon, Pafendall a Gronn.

Fête de la Musique

© LCTO

Interessant dann och den Owend um 19.30 Auer um Knuedler. Do steet dann en ëffentleche Karaoke um Programm. Op enger grousser Leinwand ginn Texter vu bekannte Lidder projezéiert, déi vun der Militärmusek an der INNEC virgedroe ginn. Jiddereen soll dann och sou gutt et geet matsangen – ëmmerhin verbënnt Musek!

D’Fête de la Musiqu ass iwwregens Deel vum Programm Summer in the City.

Weider Informatiounen op fetedelamusique.lu.

Fête de la Musique

© LCTO

Opmaacherfoto: Den LCTO-President Marc Angel iwwerrecht hei ganz symbolesch dem Saxophon-Quartett Saxitude hir Instrumenter, mat deene si uschléissend d’Gare mat flotter Musek beliewen. © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Concert, Fête de la musique, LCTO, Marc Angel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel