Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?
Fail Neiegkeeten

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?

Fir den 90 järege Jean-Marie Le Pen, rietsradikale Politiker, Grënner

money
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
Fail Neiegkeeten

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet
Fail Neiegkeeten

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet

Et war schonn esou eppes wéi e „politescht Äerdbiewen“ nodeems

dislike

De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op

Duerch en EU-Reglement gi bestoend Reegele weider offizialiséiert

De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op

Et héiert een ëmmer nees dovunner: Den Acrylamid gëllt als geféierlech fir d’Gesondheet. De Gehalt vum Acrolamid gëtt schonn zënter 2004 zu Lëtzebuerg kritesch betruecht. Zënter dem 11. Abrëll 2018 ass den EU Reglement 2017/2158 vun der Kommissioun aktiv, deen eng Reduktioun vum Acrylamid a Liewensmëttele soll weider begrenzen. Den DP-Deputéierten Gilles Baum freet an enger parlamentarescher Fro no, wat dëst bedeit.

D’Ministesch fir Gesondheet Lydia Mutsch (LSAP), erkläert, datt virun allem Liewensmëttel mat vill Kuelenhydrater an Asparagin heivunner betraff sinn. Am Uewe gebroden oder frittéiert kann do Acrylamid entstoen. Och betraffe si Produiten aus Kären a Kaffisbounen. Zu Lëtzebuerg wiere vun dësem Reglement virun allem Bäckereien, Traiteuren a Restaurante betraff.

Zu Lëtzebuerg ginn et scho länger Virgabe, wat den Acrylamid ugeet

Éischt Recommandatiounen, wéi mat dësem Problem ëmzegoe wier, si schonn 2007 vun der europäescher Kommissioun komm.  Zënter 2012 ginn et um Site www.securite-alimentaire.lu outilen, fir de Betriber aus dem Privatsecteur ze erliichteren, d’Niveauen vun Acrylamid niddreg ze halen.

D’Hygiene-Reglement aus dem Joer 2004 verflicht d’Etablissementer dozou, d’kritesch Punkte, wou eng Kontroll absolut noutwenneg ass, fir dës Gefor ze bannen, ze identifizéieren. Dës Punkte missten kontrolléiert ginn an et misste Géigemesure geholl ginn, falls festgestallt gëtt, datt Mängel herrschen. D’Handhabung ass souwuel am Guide vun de Bonnes Pratiques vun der Chambre des métiers enthalen, wéi och am Guide vun der HORESCA vun 2014.

Streng geholl offizialiséiert d’EU-Reglement also d’Virschrëfte vun deem, wat schonn am Hygiene-Reglement festgehalen ass. Et geet dobäi haaptsächlech ëm d’Kontroll vun der Matière première. Als Beispill kann een hei d’Gromper huelen, wou drop higewise gëtt, datt een Grompere soll huelen, déi fir d’Frittéiere gekennzeechent sinn. Déi géife manner Kuelenhydrater enthale, wat de Risiko vun der Acrylamid-Bildung reduzéiert. Mee och d’Zäit an d’Temperatur, béi beim Broden oder Frittéieren ugewannt gëtt, gëtt do gereegelt. A gewësse Fäll sinn och Kontrollen zur Analys ugesat.

Laut der Äntwert vun der Gesondheetsministesch kann och op Faarf-Tabellen zeréck gegraff ginn. Do kann een un der Faarf vun de Fritten, vum Brout oder Kichelcher erkennen, op se ze laang gaange sinn. Vun dëse Reegelunge sinn och d’Stänn um Mäertchen an der Schueberfouer betraff.

Ähnlech Sujeten Acrylamid, Gesondheet, Gilles Baum, Lëtzebuerg, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel