Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan
International Neiegkeeten

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan

Se war gutt gemengt, mee et ass nach net wierklech

What the Fakt – d’Gebuert vum Raiffeisen a säi Finanzmodell!
International Neiegkeeten

What the Fakt – d’Gebuert vum Raiffeisen a säi Finanzmodell!

Mat 38 Agencen am Grand-Duché gehéiert d’Raiffeisen-Bank och bei eis

Vereedegung vun zwee Buergermeeschteren a véier Schäffen
International Neiegkeeten

Vereedegung vun zwee Buergermeeschteren a véier Schäffen

Um 25. Oktober 2019 hunn um Inneministère a Presenz vun

Kampf ëm Idlib: Tierkesch Zaldote stierwe bei Loftattack

Kampf ëm Idlib: Tierkesch Zaldote stierwe bei Loftattack

Bei enger Loftattack am syreschen Idlib sollen 33 tierkesch Zaldoten hiert Liewe verluer hunn. Als Äntwert dorops hunn d‘Besatzungtruppe vum Sultan syresch Regierungstruppen ugegraff a vun der NATO Ënnerstëtzung ugefrot. Kënnt déi net, soll de Flüchtlingen d‘Grenzen opgemaach ginn…

D‘Tierkei, no geltendem Vëlkerrecht eng Besatzungsmuecht, wëll sech dem Regime vun Damaskus entleedegen, gëtt dorunner awer vun de Russen, déi dem Bashar al-Assad politesch a militäresch ënnert d‘Äerm gräifen, gehënnert. Damaskus wëll awer och nees d‘Kontroll am eegene Land iwwerhuelen. Esou stinn sech d‘Tierke mat de Rebellen an déi syresch Arméi géinteniwwer.

Idlib

Et wëll ee wéinstens den Androck hannerloossen, et géif ee sech beméien eng humanitär Kris ze verhënneren. Mee d‘Muecht vum UN-Sécherheetsrot ass längst gebrach.

Zanter elo gutt 18 Méint versichen dem Bashar al-Assad seng Truppen sech der Provënz nees ze ermächtegen. Elo wou d‘Tierken – ouni Krichserklärung un Damaskus – de syreschen Norden iwwerfall a besat hunn, dat mam primären Zil d‘Kurden aus der Regioun ze verdreiwen oder auszeläschen, war et just eng Fro vun der Zäit, wéini et éischt tierkesch Affer géi ginn.

Och kleng Schrëtter féieren zum Zil

An esou kënnt et, datt Ankara den Dout vun 33 Zaldoten – et huet nach 36 weider Blesséierter ginn – der syrescher Arméi zouschreift. Den Ömer Celik, militäresche Spriecher vun der AKP fuerdert den Asaz vun der NATO während dem President Recep Tayyip Erdogan säi Spriecher Fahrettin Altun wësse gelooss huet, datt déi tierkesch Arméi elo ripostéiert an déi syresch Arméi ugräift.

Idlib

No Syrien huelen si sech Libyen an dann de Recht vun der Welt…

Datt hei alles dru gesat gëtt een handfeste Konflikt ëmzesetzen an deem een och nach seng NATO-Partner wëll verwéckelen, ass zimlech ersiichtlech. Esou seet den Ömer Celik vun der AKP: „Dee mäerderesche Regime an déi. déi dësen Ënnerstëtzen (dat wieren dann d‘Russen an d‘Iraner NvdR) wäerten de Präis fir dës nidderträchteg Dot deier bezuelen“. Mee eleng ass dat net ze maachen…

Esou ergëtt et sech, datt d‘Tierkei sech mat Moskau (an deels och dem Iran) uleet, an net wierklech iwwerzeegt schéngt, sech dësem Géigner aus eegener Kraaft entleedegen ze kënnen. An dat erkläert och firwat de Fahrettin Altun ganz offiziell déi „international Gemeinschaft opgeruff huet hir Flicht ze erfëllen“. Gemengt ass: sech hannert Ankara stellen an de mäerdereschen Optrag ënnerstëtzen.

Mir hunn d‘Mëttel är Hëllef ze erzwéngen

Déi presidentiell Flaachzang Ömer Celik huet dann och nach den Europäer eng Warnung mat op de Wee ginn. Déi si jo och „NATO“ a eigentlech vertraglech un de Sultan gebonnen. Géintiwwer der Noriichtenagence Anadolu huet hie gesot: „Ons Flüchtlingspolitik bleift onverännert mee mir hunn hei eng Situatioun an kënnen d‘Flüchtlingen net méi halen“. An dat alles wéi ebe keng Feststellung.

Idlib

Ouni eppes Staatspropaganda kann een de Krich net gewannen.

Hei huet dem Sultan seng Spriechblos der EU ganz kloer domatter gedreet, eis d‘Flüchtlingen „eriwwerzeschécken“. An de soziale Medien – wat wuel éischter eng orchestréiert Provokatioun wéi biergerlecht Engagement ass – gouf et an der Nuecht dann och scho Rumeuren, datt sech déi éischt op de Wee gemaach hätten. Mee esou séier mécht d‘Tierkei seng Grenzen awer net op.

Et ass awer eng iwwerdäitlech Kloerstellung wat d‘Absichte vun der tierkescher Regierung ugeet. Vu Bréissel gouf och reagéiert, allerdéngs war et net déi fréier däitsch Krichsministesch an haideg EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi d‘Wuert ergraff huet. Et war der NATO hire Generalsekretär Jens Stoltenberg, dee jo och ugeschwat gouf, deen an der Nuecht reagéiert hat.

Keen huet d‘Absicht den Fridden erbäizeféieren

Datt him dës „Situatioun“, wéi dat vun Ankara bezeechent gëtt, géint de Stréch geet ass virstellbar an awer kann hien dat „esou“ net soen. Also gëtt et dat üblecht eidelt Gebraddels: „Dir musst dës geféierlech Lag entschäerfen an eng Verschlëmmerung vun der humanitärer Lag verhënneren“ soll de Jens Stoltenberg sengem Frënd, dem Ausseminister Mevlüt Cavusoglu um Telefon gesot hunn.

Idlib

Wa schonn de President vun der „Union of International Democrats“ esou Topegkeete via Twitter verbreet, muss ee vu Gléck schwätzen, datt d‘Tierkei ni der EU bäigetrueden ass.

Et ass allerdéngs net dovunner auszegoen, datt déi vun Ankara geaffert Zaldoten zum Asaz vun der NATO féiert. Zum enge kann een hei net wierklech behaapten, et wier e Bündnispartner ugegraff ginn – deen ass schliisslech selwer Aggressor – an zum anere bréicht et dofir och d‘Zoustëmmung vum eigentleche Chef, dem amerikanesche President Donald Trump. An de Fan wëll grad net…

Idlib ass dat lescht Rebellegebitt am Biergerkrichsland. Ankara ënnerstëtzt déi islamistesch Milizen a Moskau déi syresch Regierungstruppen. Tierken a Russen haten sech op d‘Ariichte vun enger Deseskalatiounszon verstännegt an et goufen och Observateuren op der Plaz agesat. Zudeem sollt et eppes wei eng Wafferou ginn. Dat geet sech net op, wann een nees d‘Kontroll iwwerhuele wëll….

mat indymedia/tlv/mow

Ähnlech Sujeten Ankara, Besatzung, Biergerkrich, Géigeschlag, Idlib, Iwwerfall, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel