Search

You may also like

Prix Servais 2019 fir d’Elise Schmit – “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”
International Neiegkeeten

Prix Servais 2019 fir d’Elise Schmit – “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”

D’Fondation Servais zeechent d’Elise Schmit mam Prix Servais 2019 fir

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen
International Neiegkeeten

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen

Den OGBL (Majoritéitsgewerkschaft vum Secteur a Spriecher bei de Verhandlungen)

Aarbechten un de Beem tëscht dem Echangeur Briddel a Mamer (11.10.2020)
International Neiegkeeten

Aarbechten un de Beem tëscht dem Echangeur Briddel a Mamer (11.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Säit laanscht d’Autobunn A6,

Kampf ëm Idlib: Elo stinn sech d‘Tierken an d‘Syrer géinteniwwer

Kampf ëm Idlib: Elo stinn sech d‘Tierken an d‘Syrer géinteniwwer

Syrien, datt sinn de Baschar al-Assad a seng russesch Alliéiert engersäits, d‘Kurden, d‘Rebellen an déi tierkesch Arméi anersäits. D‘Tierkei géif sech gären de Grenzberäich (an eigentlech de ganzen Norden) averleiwen a versicht de Regime vun Damaskus dovunner ofzehalen, d‘Provënz Idlib nees zréckzegewannen. Elo stinn sech déi syresch an déi tierkesch Zaldote géinteniwwer… interessant.

De Sultan vun Ankara huet elo dem Baschar al-Assad ganz onverhuelen de „Krich ugebueden“, falls hie seng Truppen net aus der Regioun géif ofzéien. Datt Damaskus – och wann de Regime duerchaus ëmstridden ass – nach ëmmer souverän iwwer Syrien herrscht, an de syresche Rebelle vill Terrain nees konnt ofhuelen, notzt d‘Tierkei aus fir en neien, anere Konflikt ze provozéieren.

IdlibEsou huet de Recep Tayyip Erdogan der syrescher Regierung en Ultimatum gestallt, bis Enn vum Mount d‘Provënz ze verloossen an déi zeréckeruewert Gebidder nees hir ze ginn. Géif sech dat esou net bestätegen, da misst Damaskus sech de Konsequenze stellen. Datt dat awer och eng Menace fir Moskau duerstellt, an hei eng geféierlech Eskalatioun dreet, dat schéngt fir Ankara niewesächlech.

Wouhier dee ganze Stress?

Hei muss een dann nees drun erënneren, datt d‘Tierkei – déi de Regime a Syrien zanter Jore stierze wëll – säit 2017 eegen Zaldoten a fréier IS-Kämpfer an der syrescher Provënz Idlib ënnerhält. No der Entscheedung vum Donald Trump d‘Kurden der Tierkei auszeliwweren, hunn déi sech nees dem al-Assad zougewennt, firwat d‘Russen sech hu missen amëschen a mat den Tierke verstännegen.

Idlib2017 haten sech dann op Aluedung vum Vladimir Putin, d‘Staatscheffe vun der Tierkei an dem Iran zu Sotchi getraff, fir d‘Richtlinnen no Beendegung vum Konflikt de beroden. Dat huet Ankara net dru gehënnert 2018 seng Operatioun „Olivenzweig“ duerchzesetzen. Dat huet op neits zu engem Sommet Erdogan/Rohani/Putin gefouert wou dann alt erëm d‘Zesummenaarbecht gefeiert gouf.

Et ass einfach verréckt

Wat „déi“ awer ënner Zesummenaarbecht verstinn ass net ze beschreiwen. Moskau an Teheran sti geschlossen hannert dem Baschar al-Assad, während Ankara soi-disant gemässegt Milizen (fréier Kämpfer vum islamesche Staat) bewaffent a militäresch forméiert. Déi solle schliisslech hëllefen, d‘Kurden aus Nordsyrien, wa schonn net ze liquidéieren se zumindest endgülteg ze verdreiwen.

IdlibVerréckt dann och datt sech d‘Russe mam Iran an der Tierkei drop verstännegt hunn (2017) Ankara ze erméigleche Militärbasen anzeriichten, déi natierlech just d‘Wafferou iwwerwaache sollen. Et gouf sech dann 2019 och nach drop gëeenegt, dat déi politesch Eenheet, wéi och déi territorial Integritéit vu Syrien erhale bleiwe muss. D‘Präsenz vun tierkeschen Zaldote widdersprécht deem.

Klärung vun de Muechtverhältnisser

Et huet – bezunn op de „Memorandum of Understanding“ – ni zur Diskussioun gestanen, datt de Regime vun Damaskus net nees all Quadratmeter vum Land ënner seng Kontroll bréngen dierf a si dobäi vun de Russe géifen ënnerstëtzt ginn. Esou huet de Krich an der Provënz Idlib eigentlech ni opgehalen. A mat der russescher Hëllef konnt déi syresch Arméi gréisser Beräicher zeréckhuelen.

Idlib

Bei dëse Virstéiss goufen allerdéngs eng Rei tierkesch Militärbasen agekesselt, isoléiert a vum Ravitaillement ofgeschnidden, et soll och Affer an de Reie vun der tierkescher Arméi ginn hunn. Dorops hinn huet de Sultan 5.000 Mann zur Verstäerkung geschéckt. Honnerte Panzer hu sech esou op de Wee gemaach. Dat beweist dann och, datt d‘Tierkei duerchaus mat Zesummestéiss rechent.

Wéi soll et weidergoen?

Eigentlech war et dem tierkesche President säi Plang, schon 2011 mam Ausbroch vum arabesche Fréijoer den al-Assad ze stierzen. D‘Agräife vun de Russen an den Iraner huet dat verhënnert. Als zweete Plang hat sech de Sultan virgeholl de kurdeschen Afloss a Nordsyrien ze verhënneren an déi als Terroriste bezeechent Kurdemiliz YPG auszeläschen, wat och vun de Russe verhënnert gëtt.

D‘Tierkei wëll jo och mindestens eng Millioun syresch Flüchtlingen aus der Tierkei am Norde vu Syrien installéieren. Dat allerdéngs net aus engem humanitären Elan eraus, mee fir d‘Demographie zu Laaschte vun de Kurden ze veränneren, well déi allermeeschte syresch Flüchtlingen an der Tierkei sinn Araber. Elo hunn awer weder d‘Russen nach d‘Tierke wierklech Loscht op e Konflikt.

Wann deem esou ass, brauch et dréngend esou eppes wéi Deseskalatioun, wat mam tierkesche Säbbelgefuchtels esou net direkt ersiichtlech ass. Woubäi een natierlech unhuele kann, datt de Sultan seng Bedreeung als „Verhandlungsargument“ notze wëll. Dat awer gëtt vun Experten eppes an Zweiwel gezunn, vu datt d‘Tierkei mat sengem Libyen-Deal ganz aner Absichten erkenne léist.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Ari S.

Related topics al-Nusra, Erdogan, Idlib, Iran, Putin, Rohani, Russland, Syrfien, Tierkei
Next post Previous post