Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou
International Neiegkeeten

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou

Et ass scho vill Tënt gefloss an esou munch Tastatur

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten
International Neiegkeeten

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten

Den Innokenty Tobonov rammt seng Harpun an e laangen Äisblock,

Galerie: Mam Minister bei de Rettungsdéngschter
International Neiegkeeten

Galerie: Mam Minister bei de Rettungsdéngschter

No der Protex vu Lëntgen, de Pompjee vu Miersch an

De Kampf ëm Venezuela: Hëllefsgidder fir Dissidenten

De Kampf ëm Venezuela: Hëllefsgidder fir Dissidenten

De selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido huet e clevere Schachzuch gemaach, wéi hien „humanitär Hëllef“ ugefuerdert huet, well hie sech sécher konnt sinn, datt säi Géigner, de gewielte President, Nicolas Maduro, déi net an d‘Land géif eraloossen.

Bei dësem Spill ass et d‘Bevëlkerung déi ze leiden huet, an och dat ass esouwuel beabsichtegt, wéi noutwenneg. Et gewënnt een eng Schluecht wéi déi eleiten net um Verhandlungsdësch. Woubäi hei vun de Medien ënnerschloe gëtt, datt et weder u Liewensmëttel nach u Medikamenter feele géif, hätt et do net déi onséileg US- an EU-Sanktioune géint de Regimm vu Caracas ginn.

Et ass och irrelevant, op et aus eegener Iwwerleeung oder op Rot vu bausse war, datt humanitär Hëllef ugefuerdert ginn ass, well gewosst war, datt déi net kann ukommen. Et ass een deemno an der Propagandaphas ukomm, mat där de politesche Géigner als „Däiwel“ un d‘Mauer gemoolt gëtt, fir dann, an engem nächste Schratt e bewaffenten Agrëff zum Schutz vun de Bierger ze justifiéieren.

Dat erkläert och déi vun der Maduro-Regierung getraffen Entscheedung, d‘Militär ze beoptragen eng Grenzbréck zu Kolumbien „ze spären“. Rieds ass hei vun der gutt siichtbarer Bréck „Tienditas“ bei der Grenzstad Jan Jose de Cucuta (Kolumbien), déi mat Remorquen an eppes Drot blockéiert gëtt. E Militär, dat (nach) hannert dem rechtméissege President steet…

„Mir si keng Bidsteller!“

Natierlech huet dee vun Europa an den USA „unerkannten“ Juan Guaido d‘Situatioun entspriechend politesch genotzt. „Wat do geschitt, ass eng absurd Reaktioun vun engem Regimm dee sech net ëm seng Bierger suergt!“, esou de President vun der nationaler Assemblée. E Message dee besonnesch un d‘Zaldoten an hir Offizéier geriicht ass, déi d‘Oppositioun zu eegenen Zwecker asetze wëll.

De Nicolas Maduro, nach vu Russland, China an enger Rei anerer Natioune gestäipt, ass net gewëllt Venezuela den amerikaneschen an europäeschen Industriellen ze iwwerloossen, déi nëmmen un den natierleche Ressource vum Land interesséiert sinn. Kulturell a Gesellschaftlech Entwécklung kënnt hiren Ziler net entgéint, dat „bessert Liewen“ dat de Juan Guaido versprécht ass net fir jiddereen…

An dann trëtt de gewielte President un de Mikro, vu wou aus hien d‘Hëllefsliwwerunge ofweise muss, wëll deen eenzegen Zweck deen se ze erfëllen hunn: d‘Virbereedung vun enger militärescher Interventioun ass. Dofir nach emol: Et ass de Mangel un Devisen, an d‘Sanktiounen déi zu enger Kris bei der Versuergung gefouert huet. An de Maduro dozou: „Mir si keng Bidsteller!“

Hannert dem Rideau

Während d‘Weltgemeinschaft op dee nächsten – aus politescher a wirtschaftlecher Motivatioun – entstoende Konflikt a provozéiert humanitär Kris bléckt, treffen sech am Uruguay Europäer mat Vertrieder vu latäinamerikanesche Länner, fir „e Wee aus der Kris“ ze fannen, déi si selwer, zumindest mat initiéiert hunn. Sënn an Zweck vun dësem Sommet: eng Regierung stierzen.

Zu Montevideo gesinn sech haut d‘Diplomaten aus véier latäinamerikanesche Länner an aacht europäesche Länner. D‘EU gëtt vu senger Kommissärin fir Aussenugeleeënheeten, Frederica Mogherini vertrueden, wien d‘Interesse vun den USA vertrëtt, ass net gesot ginn, vläicht fir den Androck ze erwächen, déi géifen sech aus dësen Diskussiounen eraushalen. Maachen se net!

A si sinn eleng schonn dowéinst mat derbäi – ganz egal op inoffiziell – well si entscheede wëllen, wien d‘Geschécker vun dem Land mat de grousse Pëtrolsreserven zukünfteg leet. Offiziell heescht et, datt sech dëse Grupp am Uruguay trëfft, fir bannent dräi Méint Neiwahlen am Venezuela ze organiséieren. Wahlen déi „demokratesch ofgeséchert a fair“ ofgehale solle ginn.

Ähnlech Sujeten Europa, Hëllefsgidder, humanitär Hëllef, Juan Guaido, Kolumbien, Nicolas Maduro, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel