Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger bei schwéieren Onwieder an den USA
Meenung Neiegkeeten

Doudeger bei schwéieren Onwieder an den USA

Tornadoen a Onwieder hu vill Gebaier zerstéiert, deels ass et

Pipo Peng: Schëppen Damm
Meenung Neiegkeeten

Pipo Peng: Schëppen Damm

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!
Meenung Neiegkeeten

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

De Kampf géint de Chômage sollt iewescht Prioritéit hunn

De Kampf géint de Chômage sollt iewescht Prioritéit hunn

Den Zuele vun der ADEM no ass am Abrëll 2020 d’Zuel u Chômeuren ëm 4.800 Unitéiten – also 31,3 % – an d’Luucht gaangen, am Verglach zum Joer virdrun. Den Taux klëmmt soumat op 6,9 %. Den OGBL stellt fest, datt dës Erhéijung souguer d’Zuele vun der Finanzkris 2008 iwwertrëfft. Et wier een net méi just verschäerft vum Chômage bedreet, mee scho richteg domat konfrontéiert.

Dës massiv Erhéijung vum Chômage kënnt virun allem duerch d’Baisse vun disponibele Plazen. Bis ewell gouf et keng Massen-Entloossungen, duerch d’Decisioun vun der Regierung fir a quasi alle wirtschaftleche Secteuren d’Zeréckgräifen op de partielle Chômage ze vereinfachen an auszebreeden. Ouni dës Entscheedung wiere mir ouni Zweiwel mat enger vill méi héijer Zuel u Chômeure konfrontéiert.

Den OGBL ënnersträicht, datt een elo oppasse muss, datt de verbreeten Accès op de partielle Chômage net zu enger bedeitender Hausse beim Taux vum Chômage féiert. Et muss ee verhënneren, datt Aarbechtsplaze verluer ginn an déi sozial Kris sech ausbreet.

Mat „Neistart fir Lëtzebuerg“ gesäit d’Regierung eng Rei Moossname fir. Et geet ëm ee spezielle Regimm vun engem vereinfachte strukturelle partielle Chômage fir all déi Secteuren, déi am meeschte vun de Fermeture betraff sinn (Horesca, Evenementer, Tourismus, …) mat der Verflichtung een Opfangplang ze presentéieren oder och ee Plang auszeschaffen, datt Aarbechtsplaze behale kënne ginn. Et schéngt, wéi wann de Choix den Entreprisen iwwerlooss gëtt.

Chômage

© Ante Hamersmit / Unsplash

An dësem Kontext profitéieren déi concernéiert Entreprise vun Hëllefen, déi d’Aarbechtsplaze rette sollen. Si kënnen dobäi d’Aiden behalen, och wann ee Véierel vum Personal entlooss gëtt. Genee dëse Punkt ass fir den OGBL net akzeptabel. Eng reell Politik, an där Aarbechtsplaze geschützt solle ginn, muss dëse Schutz och ëmsetzen an net d’Entloossung autoriséieren. All Entloossung stellt een individuellen Drama duer, deen et absolut ze verhënnere gëllt.

Aus dësem Grond réit den OGBL zu engem vereinfachte Recours op de konjunkturelle Chômage, net nëmme fir déi am meeschte betraffe Secteuren, mee fir all Secteuren, déi duerch déi sanitär Kris beaflosst gi sinn. Den OGBL ass der Usiicht, datt d’Schwieregkeeten deenen d’Entreprisen ze begéinen hunn, och an Zesummenhang mat der Reduktioun vun hiren ekonomeschen Aktivitéiten wärend dem Confinement stinn an sech net op strukturell Problemer bezéien

Dobäi muss een och berécksiichtegen, datt de partielle Chômage duerch héijer Gewalt nom Enn vun der Krisenzäit fir verschidde Secteure muss kënne verlängert ginn, wa si vun de Fermeturen betraff sinn, déi de Staat duerch seng Moossname fuerdert.

Den OGBL begréisst awer, datt d’Regierung virgesäit bis zum Enn vum Joer de Prinzip bäizebehalen, no deem d’Entschiedegung vum partielle Chômage net ënnert dem soziale Mindestloun leien dierf, och wann ee sech wënscht, datt dëse Prinzip am Code du Travail definitiv verankert sollt ginn. Op mëttelfristeg Dauer muss d’Entschiedegung vum partielle Chômage op 100 % vun der Paie (nom aktuelle Stand 2,5 Mol de soziale Mindestloun) erhéicht ginn, fir esou konsequent Perten beim Revenu ze vermeiden, sollt de partielle Chômage an den nächste Méint nach viru bestoen.

Chômage

© Jametlene Reskp / Unsplash

Nieft dem partielle Chômage stellt den OGBL fest, datt d’Regierung all net-remboursabel Zorte vun Hëllefe virgesäit, fir esou d’Liquiditéit fir d’Entreprisen ze garantéieren. Am Prinzip stellt sech den OGBL hei net géint dës Hëllefen,mengt awer, datt ee si u verschidde Konditioune banne muss, fir esou d’Aarbecht an d’Paie vun de Salariéen ze garantéieren, sou wéi och d’Net-Bezuele vun Dividenden. Ginn dës Konditiounen net respektéieren, esou sollen d’Entreprisen verflicht sinn d’Hëllefen zeréck ze bezuelen.

Generell erënnert den OGBL drun, datt de Plang fir Aarbechtsplazen bäizebehale fundamental muss reforméiert ginn. Oft leeft et hei op ee Prolog zur Verhandlung vun engem Sozialplang eraus. D’Recht op Verhandlunge vun de Syndikater muss gestäerkt ginn, sou datt et eng reell Obligatioun zur Verhandlung fir den Employeur gëtt, eng Logik zur Prospektioun a Preventioun agefouert gëtt, fir esou all Verloscht vun Aarbechtsplazen ze verhënneren, dat och um sektoriellen Niveau.

Donieft mussen och d’Mëttel vum Sozialplang reforméiert ginn Virun allem geet et heibäi ëm d’Erhéijung vun den Delaien fir Verhandlungen. Och déi d’Aktiounsméiglechkeet vun de Syndikater muss verbessert ginn, sou wéi d’Rechter vun de Salariéen am Fall vun enger Faillite vun der Entreprise.

Wat d’Persounen op der Sich no Aarbecht ugeet, esou huet d’Regierung d’Period vum Krisestaat fir d’Rechnung vun der Period, déi iwwert d’Ausbezuele vun Entschiedegunge vum Chômage bestëmmt, neutraliséiert. Dës Moossnam ass gutt, mee duerch déi sensibel Baisse vun de fräien Aarbechtsplazen, riskéiert d’Mesure net duerzegoen. Den OGBL fuerdert dofir, datt d’Period fir d’Indemnitéite vum Chômage auszebezuelen op 12 Méint, ab dem 16. Mäerz 2020, ka verlängert ginn.

Déi bescht Méiglechkeet, fir eng weider Hausse vum Chômage an den nächste Méint ze verhënneren, ass eng rapid Reprise vun der wirtschaftlecher Konjunktur, sou den OGBL. Dofir muss virun allem op eng konsequent Ënnerstëtzung vun der banneschter Demande, an domadder och op d’Stäerkung vun der Kafkraaft vun de Salariéen, Pensionéierten an hire Famille gesat ginn.

Den OGBL begréisst, datt d’Regierung d’Allocation de Vie Chère an d’Subventioun vum Loyer erhéicht huet, wat op zwou vun de Fuerderungen äntwert. Weider Efforte mussen awer gemaach ginn, fir d’Kafkraaft vun den déiwen a mëttleren Salairen ze stäerken, esou d’Demande ze kräftegen an déi ekonomesche Aktivitéiten ze relancéieren.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsplazen, ADEM, Allocation de vie chère, Kafkraaft, Konjunktur, OGBL, Paie, Pandemie, partielle Chômage, Regierung, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel