Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet
International Neiegkeeten

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet

Um Donneschdeg waren d‘Katalanen zur Wal opgefuerdert ginn. D‘Resultat dierft

De patrioteschste vun alle Feierdeeg
International Neiegkeeten

De patrioteschste vun alle Feierdeeg

Et ass sécherlech net verkéiert um nationale Feierdag eppes den

Wat gëtt et Neies op Netflix am Dezember?
International Neiegkeeten

Wat gëtt et Neies op Netflix am Dezember?

Am kalen Dezember kann een sech waarm Gedanke maachen, fir

En neien europäesche Kampfjet fir de Fridden

Däitschland, Frankräich a Spuenien hunn d‘Verträg ënnerschriwwen an en 1. Modell gëtt et schonn

En neien europäesche Kampfjet fir de Fridden

Et ass net déi éischt Kooperatioun am Kontext vun der Waffenentwécklung an et entsprécht och dem franséische Gedanke vun enger vereenter europäescher Arméi. Dofir ass et den 1. Accord am Rëschtungsberäich, dee vun dräi Fraen ënnerzeechent ginn ass. D‘Verdeedegungsministerinnen aus Däitschland, Frankräich a Spuenien hunn sech e milliardeschwéiert Kaderofkommes geleescht.

D‘Florence Parly (F) hat hir Homologinnen Ursula vun der Leyen (D) an Margarita Robles (E) am Kontext vu grousse Fliger-Foire um Paräisser Fluchhafen „Le Bourget“ zesumme mam President Emmanuel Macron empfaangen. Während der „Zeremonie“ gouf en éischte Modell vum Kampfjet virgestallt. D‘Entwécklung vum „Zukunft-Loftkampfsystem“ (FCAS) soll 8 Milliarde kaschten.

Kampfjet

Fir d‘Beschafung an de Betrib vum FCAS (Future Combat Air System) ginn eng 100 Milliarden Euro ugesat. Wie profitéiert vum „Deal“? An éischter Linn sinn den europäesche Konzern Airbus déi dëse Projet zesumme mam franséischen Dassault-Konzern realiséiert, déi grouss Gewënner vun dësem Accord. Leeft alles wéi et geduecht ass, da soll de FCAS schonn ab 2040 asazfäeg sinn.

Zumindest si se net presséiert

Obwuel et schonn e Modell gëtt, soll d‘Entwécklung vum neien „Kampfjet“ nach iwwer 20 Joer virugedriwwe ginn. Dobäi sinn déi (nach) aktiv Tornadoe vun der Bundeswehr nëmme bedéngt asazfäeg an zudeem ural, den fréier héich gehandelten Eurofighter (eng éischt Koproduktioun un där sech Airbus bedeelegt huet) ass pannenufälleg, a Frankräich brauch Ersatz fir de „Rafale“.

Datt sech dat mat der „Entwécklung“ iwwer 20 Joer hinzéie soll, ass domatter verknäppt, datt dësen Zukunft-Loftkampfsystem, nëmmen eng Komponent vun engem gréissere Waffesystem wäert sinn. Als Ergänzung zu de Fliger, solle spéiderhin och Dronen a Satellitte mat dësem System gesteiert ginn. Gëschter ass zudeem duerchgedrongen, datt et schonn 2016 éischt Testflich kéint ginn.

Kampfjet

Dräi Frae fir ee Rëschtungsprojet. Si wëlle méi Kooperatioun ënnert den Europäer bei der Entwécklung vu Waffesystemer a d‘Opstelle vun engem gemeinsamen europäesche Bündnis zur Verdeedegung. Oprëschte fir de Fridden? (Archiv 14. Februar 2019) © NATO

Begrënnt gëtt d‘Investitioun an d‘Entwécklung vun engem Waffesystem, mat enger Welt déi vun Dag zu Dag e Stéck méi onsécher gëtt. Déi dräi Frae schéngen iwwerzeegt dovunner, datt nach méi Waffesystemer d‘Welt nees kéinte sécher maachen. D‘Florence Parly mengt esouguer: „Et ass ee beweis dofir, datt d‘EU an der Lag ass sech de grousse strategeschen Erausfuerderungen ze stellen“.

Hannergrond…

Datt d‘EU-Memberlänner sech zesummendi fir d‘Verdeedegungskapassitéiten ze verbesseren an d‘Entwécklungskäschte fir nei Waffesystemer op méi „Schëlleren“ verdeelen, dat ass grondsätzlech eng gutt Iddi. Dat haten Däitschland a Frankräich schonn 2017 an der Unioun esou vertrueden, a sech op de Bau vun engem gemeinsame Kampfjet verstännegt. Elo bedeelegt sech och Spuenien.

Interessant awer och, datt am Kontext vun dësem „Accord“, déi däitsch Verdeedegungsministesch nach emol un eng Rei Fuerderungen erënnert huet. D‘Ursula vun der Leyen geséich et gären, datt et endlech gemeinsam an europawäit gülteg Regele fir de Waffenexport gëtt. Dat aus guddem Grond: nom Mord um Jamal Khashoggi, huet Berlin missen en Exportstopp fir Saudiarabien verhänken…

Kampfjet

Nei ass de Projet FCAS net, mee op d‘Briten nom Brexit nach dierfe matmaachen, dat ass éischter a Fro gestallt. Dofir sinn elo d‘Spuenier mat vun der Partie.

Et geet de Ministerinnen awer ëm méi wéi nëmmen d‘Entwécklung vun engem neie Waffesystem. Engersäits soll et derzou bäidroen sech eppes méi onofhängeg vun den USA ze maachen, déi mam Donald Trump zum „schwierege Partner“ verkomm sinn. Dat well Verträg kuerzlieweg sinn. An et geet natierlech ëm Aarbechtsplazen, en Argument fir dat vill Mënschen nach ëmmer iwwerzeegt.

mat indymedia/par/ber/bru

Foto: Grousse Kino um Paräisser Fluchhafen „Le Bourget“. Am Kader vun der grousser Fluchschau hunn d‘Verdeedegungsministerinnen aus Däitschland, Frankräich a Spuenien en Accord fir d‘Entwécklung vun engem neie Waffesystem ënnerschriwwen. © Alicia Jensen/YPFPB Brussels

Ähnlech Sujeten Däitschland, FCAS, Florence Parly, Frankräich, Kampfjet, Margerita Robles, Spuenien, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel