Search

You may also like

Mat 25 Joer, ass den Eric Thill de jéngste Bezierkspresident an der DP
Neiegkeeten

Mat 25 Joer, ass den Eric Thill de jéngste Bezierkspresident an der DP

D‘DP-Norden huet mam Eric Thill e neie President. Um Regionalkongress

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“
Neiegkeeten

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“

Um Dënschdeg huet d’EU-Parlament sech géint d’Fësche mat elektreschem Impuls

Amerika wëll d‘Autonomie vun Hong Kong retten
Neiegkeeten

Amerika wëll d‘Autonomie vun Hong Kong retten

Am Sträit ëm d‘Autonomie vun der chinesescher Sonnerverwaltungsregioun Hong Kong,

Chamber: Kanada ass wéi Lëtzebuerg, just eppes méi grouss

Chamber: Kanada ass wéi Lëtzebuerg, just eppes méi grouss

Den Ausseminister wollt den Debat am Kontext vun de Gesetzer 7454 a 7460 (CETA) vum Vott zäitlech trennen a vergësst dobäi, datt béides fundamental zesummegehéiert. D‘Oppositioun ass insistéiert béides op d‘Zäit nom „Etat de Crise“ ze verleeë fir der Zivilgesellschaft d‘Méiglechkeet zum Protest anzeraumen, deen Deal war net méiglech.

Nodeems de Jean Asselborn (LSAP) seng „Deklaratioun“ virbruecht huet an nees op ee Report vum Vott higewisen huet, gouf et eppes (berechtegt) motzeg Reaktiounen. Fir de Marc Baum (déi lénk) ass dës Propos Bizar a bemängelt, datt esou eppes net op demokratesche Prinzipie fundéiere kann. Hien huet op d‘Flut vun e-Mailen higewisen, déi vun der Majoritéit ignoréiert ginn, an ee Report vum Debat an dem Vott als Zeeche vum Respekt géintiwwer der Zivilgesellschaft bezeechent.

Fir d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen ass et bedauerlech, datt d‘Regierung – obschonns et absolut keng Urgence gëtt – sech deraart onméiglech géintiwwer der Zivilgesellschaft behëlt. De Sven Clement (Piraten) war siichtlech erfreet, datt hien net eleng iwwer 850 Zouschrëften huet misse beäntwerten an de Fernand Kartheiser (ADR) stellt fest, datt dem Ausseminister seng Propos weder Fësch nach Fleesch ass. Esou ee Beholl kéint een dann och net als demokratesch verstoen.

De LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel wëll sech vun der Zivilgesellschaft keng Fesselen uleeë loossen an huet eng Rumeur iwwert eng Rumeur an de Raum gehäit. Et wier him zu Ouere komm, datt d‘Oppositioun geschlossen de Sall kéint verloosse fir de Quorum ze verhënneren. Dat huet fir eng Rei Ënnerbriechungen an Tëscheriff gesuergt. Den Ausseminister huet intervenéiert an kloer gestallt dat D‘Regierung der Chamber näischt virschreiwe wëll, wat jo rechtlech guer net geet.

Hie versteet d‘Opreegung allerdéngs net, schliisslech wier de Fräihandelsaccord CETA zu 95% säit zwee Joer a Kraaft, an hei géif et just ëm en Detail goen, nämlech de Punkt mat de Schiidsgeriichter wou een däitlech Verbesserungen errongen hätt. De Gast Gibéryen (ADR) bleift sech trei an fält net op dem Stengeforter seng rhetoresch Tricken eran a verweist nach emol drop, datt kengem en Zack aus der Kroun gefall wier, wann een „Gréisst“ gewisen hätt, an op d‘Oppositioun agaange wier.

En Accord mat 2.300 Säiten

Nodeems da gekläert war datt et näischt ze kläre ginn huet an d‘Koalitiounspartner hir Wëlle géint d‘Oppositioun an d‘Zivilgesellschaft duerchgesat krut, Konnt de Rapporter Yves Cruchten (LSAP) op d‘Gesetz agoen. Hien huet nach emol versicht däitlech ze maachen, datt et beim Debat guer net ëm de Fräihandelsaccord CETA u sech geet, dee wier säit 30 a Kraaft. Hei géif et eenzeg ëm den Investitiounsschutz (Gesetz 7457) an dat strategescht Partnerschaftsofkommes (Gesetz 7460) goen.

Et géif sech opgoen, béid Gesetzer zesummenzehuelen, schliisslech huet een dat och scho bei den Accorde mat Südkorea a Japan gemaach. Hie bedauert hei, datt den Debat ëm de CETA de Volet zum strategesche Partnerschaftsofkommes (APS) ënnert d‘Reider geroden ass, a weist nach emol drop hin, datt Kanada ee staarke Partner ass, deen déiselwecht demokratesch Wäerter wéi och Lëtzebuerg vertrëtt. Kanada wier zudeem ee ganz wichtege Partner beim Klima- an Ëmweltschutz.

Hien huet den Deputéierten och nees an Erënnerung geruff, datt all d‘Sondagen déi vun der EU-Kommissioun an Optrag gi goufen, gewisen hätten, datt zweedrëttel vun de Mënsche vun dësem Accord begeeschtert sinn. Wat d‘Schiidsgeriichter (Arbitrage) betrëfft, esou wier et gelonge vum verhaassten ISDS (Investor-State Dispute Settlement) – do kritt meeschtens dee Recht wou den déckste Portmonni huet – zum ICS (Investment Court System) iwwerzegoen, wat Genial wier…

Mam ICS géif séchergestallt, datt d‘Riichter onofhängeg sinn, d‘Sëtzungen an déi derzougehéiereg Dokumenter ëffentlech zougänglech wieren an esouguer e Recours méiglech ass. Zudeem wier esou och séchergestallt, datt net méi géint Gesetzer, déi vun de Regierunge geholl ginn, virgaange ka ginn. Zudeem géif net un de Standarde gefréckelt an et géif ee juristesch Pionéieraarbecht leeschten. No dëser Ausso ass gewosst, och de Rapporter huet déi 2.300 Säite beschtefalls duerchgebliedert.

En erstaunleche Plaidoyer

Nom Rapporter war et um Viviane Reding (CSV), déi zwar och géint den Debat/Vott war, well een d‘Zivilgesellschaft net zu Wuert komme gelooss huet. Verweist awer selwer drop hinn, datt laut „Eurobarometer“ 67% vun de Lëtzebuerger de CETA wëllen (an Europa 59%) firwat een sech dem CETA misst objektiv unhuelen. Am Resumé kann ee soen, datt déi fréier Europadeputéiert an EU-Kommissärin ee Plaidoyer fir de CETA gehalen huet, wat Regierung a Majoritéit begréisst hunn.

Et wollt een en Accord mat engem Partner fannen deen déiselwecht Wäerter vertrëtt an virun allem en Ofkommes, an deem den Handel sech net iwwert Aarbechtsrecht, Ëmweltschutz an national Gesetzgebung ewechsetzt. Si sot och, datt 129 Lëtzebuerger Entreprise Wueren am Wäert vu 532 Milliounen Euro exportéieren, den Import aus Kanada e Volumme vun 283 Milliounen ausmécht, mir also en däitlechen Exportiwwerschoss Opweises hunn. Den ICS fënnt si och eng gutt Saach.

Datt d‘CSV dann um Enn – also virum Vott – de Sall verlooss huet, ass nom Optrëtt vum Viviane Reding net méi ze erklären. De liberale Gusty Gras huet näischt bäigesteiert wat net schonn seng Virriedner opgegraff hätten, ausser vläicht den Detail, datt et Gewerkschafte soll ginn hunn, déi den CETA explizit gefuerdert hätten an dat ganzt Gestreits sech eigentlech méi op den TTIP bezitt. Hie fënnt et gutt, datt dësen Debat stattfënnt an deem Ganzen elo e Schlusspunkt zougefouert gëtt.

Fir de Mars du Bartolomeo misst et ersiichtlech sinn, datt de Fräihandelsaccord CETA ee besseren Accord ass wéi all déi wou bis ewell an der Chamber ouni Gedauschs ugeholl goufen. Hien erënnert drun, datt de CETA der LSAP ee Kongress wäert war, wou den „Accord-Mixte“ ugeholl gouf. Och hätt de CETA op der Dagesuerdnung vum 18. Mäerz gestanen, do ass awer den Noutstand ausgeruff ginn. Et wier falsch vun der Oppositioun ze behaapten et géif eppes iwwert de Knéi gebrach.

Verträg sinn ëmmer och Kompromësser“, esou den Diddelenger, dee dunn nach ënnersträicht datt Kanada kee Schurkestaat ass a sech massiv fir de Multilateralismus géif asetzen, wéi se och zum Paräisser Accord stinn. Den TTIP war ee Feeler an et muss ee bedaueren, datt dësen esou een Afloss op de CETA huet. Natierlech wier den Accord net Perfekt, mee en Nee zu de leschte 5% wier keng gutt Message. A Jo, och de Mars di Bartolomeo huet déi 2.300 Säiten net gelies, dat ass elo gewosst.

Jorelaang dergéint ugaangen an elo?

Fir d‘Fraktiounspresidentin vun déi gréng, Stephanie Empain, ass de CETA en historeschen Dossier mat ville Säiten, a si stellt och net a Fro, datt déi gréng laang dësem Accord feindlech gesënnt waren awer zesumme mat europäeschen Organisatioune gekämpft hunn, fir all déi Verbesserungen déi hinnen um Häerz geleeën un an dësem Accord ënnerzebréngen. Och déi jonk Politikerin huet nach emol betount, datt et beim Debat net ëm den Accord per se geet, mee een Artikel aus dem CETA.

Haut géif et just ëm de Kompetenzberäich vun de Länner an d‘Schiidsgeriichter goen. A wann den EuGH keng Incompatibilitéit zu europäesche Recht gesäit, wier dat jo och ee gutt Zeechen. Et géif ee bedaueren datt weder Organisatiounen oder Länner dëst Geriicht kënnen uruffen, mee wann een elo dëst Gesetz net unhëlt, datt bleift et de „private Geriichtsinstanzen“ (ISDS), an dat ka keen eeschthaft wëllen. De CETA-Accord u sech, dee steet a bleift bestoen, dofir muss een et unhuelen.

De Fernand Kartheiser (ADR) huet sengersäits Ënnerstrach, datt seng Partei net géint den Handel oder géint fräi Mäert ass. Allerdéngs wieren d‘Zäite vun de „globalen Accorden“ ofgelaf an et misst een elo endlech zu sektoriellen Accorden iwwergoen. Wann hie dem ICS eppes Positives ofgewanne kann, esou fërdert de CETA eleng den Handel tëscht Kanada a Lëtzebuerg net. Eng Ambassade ass do ee wesentlech bessere Vecteur, mee am Kanada hu mir weder eng Ambassade nach ee Konsulat.

Dat géif vu Washington oder New York aus lafen, a wann e bedenkt wéi laang CETA schonn zum Gespréich ginn ass, hätt een do dierfen eng ënnerhuelen. Hie weist dann déi gréng Politikerin drop hinn, datt hei net iwwert ee Kapitel ofgestëmmt gëtt, an datt d‘EU-Kommissioun alles Méigleches versicht hat, fir déi national a regional Parlamenter „auszeschalten. Hei géif also de facto schonn iwwert de CETA ofgestëmmt ginn. D‘Saache falsch duerzestellen huet keng Friichte gedroen…

Gi fundéiert Argumenter ënnerschätzt?

Den David Wagner (déi lénk) stellt fest, datt den CETA Fräihandelsaccord eng Mogelpackung, an d‘Zivilgesellschaft net vum Lämmes gebass ass- Wien dëse Gesetzer Zoustëmmt hätt weder d‘Kris verstanen nach Léieren aus dëser gezunn. Hei wéilt d‘Majoritéit sech engem lästegen Dossier entleedegen, deen – zumindest fir LSAP an déi gréng – eigentlech géint hir Prinzipie verstéisst. Hien huet dann och Bedenken, wat d‘Lecture an d‘Interpretatioun vun den Texter am Accord ugeet.

National an europäesch Organisatiounen hätte vill Zäit an Aarbecht opgewannt fir d‘Texter ze analyséieren. Et ass gewosst – well si dat esou och gesot hunn – datt keen sech d‘Méi gemaach huet déi immens komplizéiert a juristesch komplex Texter ze verstoen. An der Conclusioun „ de CETA brauch iech net, an dir braucht d‘Zivilgesellschaft net“, esou den David Wagner, deen en autoritäert Däiwelswierk gesäit, och wann ICS besser wéi ISDS awer méi schlecht ei Rechtsstaat ass.

Fir de Sven Clement (Piraten) ass den CETA reng Makulatur, a vill Argumenter sinn éischter aus der Loft gegraff wéi dat se fundéiert wieren. Mat dësem Fräihandelsaccord ginn nees déi grouss Konzerner (e brauch ee just déi ze erwähnen déi den Ausseminister nach nenne wäert) fir séier ze gesinn, datt et e Vertragswierk fir Konzerner a multinational Entreprisen ass. Kleng an/oder mëttelstänneg Betriber géifen net am CETA berécksiichtegt. Hei géif Desinformatioun bedriwwen.

D‘Pirate gesinn an dësem Manöver (de forcéierten Debat an de Vott) ee Vertrauensbroch mat der Demokratie an der Zivilgesellschaft. Hei géif een der ëmmer héich gehalener Konsenspolitik den Teppech ënnert de Féiss entzéien. A hien hätt et och gäre Gesinn, wann de Claude Turmes sech getraut hätt dësem Debat bäizewunnen. Et wier wesentlech méi gescheit méi Vertrauen an d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) ze stiechen, wou de Multilateralismus nach héich gehale gëtt.

Wann et Zil vum Handel ass de Fridden tëscht den Natiounen ze fërderen, da brauch ee keng Fräihandelsaccorden, mee en Transparenten ausgeglachene Multilateralismus. Och d‘Pirate sinn engem „fräien Handel“ éischter frëndlech gesënnt, mee dësen dierf net genotzt gi kleng an/oder aarm Länner an d‘Ofhängegkeet ze dreiwen. Dat awer ass genee dat, wat Konzerner am multinational Entreprise mat hire Lobbyen an Netzwierker beabsichtegen. Politik stéiert do just.

Jo, nee an awer…

De Paul Galles (CSV) dee sech a senger Roll als Deputéierten och als Vertrieder vun alle Bierger – ergo och de CETA-Géigner – gesäit huet als eenzegen zouginn, datt et him schwéier gefall ass sech ee Bild ze maachen. Och him wier et léiwer gewiescht et hätt een emol fir unzefänken d‘Léieren aus der Kris ze zéien an d‘Meenung vun der Zivilgesellschaft ze héieren. Hien – an deem ass et wuel och zouzetrauen – hätt et versicht sech d‘Vertragswierk unzedoen, an huet misse kapituléieren.

Hien erkennt un datt wuel villes an dësem Text „verbessert“ ginn ass a weess datt de Kanada kee protektionistesch opgestallte Staat ass, mee e géif nach ëmmer de Prinzipie vu senge Géigner widderspriechen. Et wier dann och endlech un der Zäit, datt een Ofstand vun esou Verträg hëlt an sech endlech derzou decidéiert d‘Wirtschaft nees an den Déngscht vun de Bierger ze stellen, an net ëmgekéiert. Dat awer kënnen d‘Politiker déi sech no hirer Carrière do Poste verspriechen net…

Den Ausseminister huet sech uschléissend nach emol wäitgoend widderholl, d‘Ried vum Viviane Reding als „bestiechend“ bezeechent. Hien ass der Meenung datt ee „gudden Accord“ besser wéi keen Accord ass, an hofft datt och all déi aner Parlamenter dësem Accord zoustëmmen, well soss war et dat mam „Accord mixte“, a mir kréien d‘Reegele vun den EU-Kommissioun diktéiert, en zweete Versuch esou ee Vertragswierk op d‘Been ze stellen, wier da längerfristeg kompromettéiert.

D‘Gesetzer goufen dann zum Vott fräiginn, an d‘CSV huet dann och konsequenterweis de Sall verlooss. Dat huet awer näischt mat Verbruetheet ze dinn, mee ass dem Artikel 50.2 vum Chambersreglement geschëlt, laut deem eng Presenz och ouni mat ofzestëmmen als Abstentioun notéiert gëtt. De Marc Baum huet dat bedauert, wëll et kee gutt Zeechen ass, wann déi gréissten Oppositiounspartei de Sall verléisst. Hie versteet awer d‘Beweeggrënn déi dozou gefouert hunn.

Beim uschléissende Vott sinn d‘Gesetzer mat den 31 Stëmme vun der Koalitioun duerchgeboxt ginn, 8 Stëmme waren dergéint. Dat nennt eng „interessant Majoritéit“ déi op ee bedauerlechen Zoustand vun eiser Demokratie hiweist. D‘Motioune vun der CSV, si vum Yves Cruchten als „recevabel“ bezeechent ginn an hien huet gefuerdert dës als Zeeche vu Kollegialitéit unzehuelen. Déi lénk waren dergéint d‘ADR huet sech enthalen an d‘CSV huet hir Motiounen net gestëmmt…

Foto: Si waren net zu ganz esouvill wéi et dat eigentlech gewinnt ass, an d‘CETA-Géigner hunn de Grond kloer offenbaart: © Chambre des Deputés/Flickr

Related topics CETA, Chamber, Fräihandelsofkommes, ICS, ISDS, Krautmaart, Zivilgesellschaft
Next post Previous post