Search

You may also like

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
International Neiegkeeten

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Hie war ee schlecht Beispill a geet…
International Neiegkeeten

Hie war ee schlecht Beispill a geet…

Wann s de näischt kanns an dat meescht dovunner och

Deemnächst däitsch Zaldoten a Syrien?
International Neiegkeeten

Deemnächst däitsch Zaldoten a Syrien?

Zu Berlin, wou d‘Koalitiounsregierung sech grad wéinst der Nominéierung vun

No der EU, erhieft Kanada Douanestaxen op US-Produkter

No der EU, erhieft Kanada Douanestaxen op US-Produkter

E Freideg huet Kanada ugekënnegt, als Géigemoossnam zu den Douanestaxen déi d’USA agefouert hunn, amerikanesch Produkter mat Steieren an héicht vun 12,6 Milliarden US-Dollar ze beleeën.

Ottawa „hat keen anere Choix wéi géigesäiteg Mesuren unzekënnegen, als Äntwert op d’Tariffer déi d’USA säit dem 1. Juni op Stol an Aluminium agefouert huet“, ënnersträicht de kanadesche Premier, Justin Trudeau bei engem Telefonsgespréich mam Donald Trump. „Béid Staatscheffen hunn sech zougesot och weiderhin enke Kontakt ze halen“, esou d’Notiz vun der kanadescher Regierung.

Ausser dem amerikanesche Stol an Aluminium, sinn och: Whisky, Ketchup, Orangëjus, Booter (mat oder ouni Moteur), mee och Méimaschinne vun de kanadeschen Douanestaxe betraff. Dat sinn alles Produkter „déi vu kanadesche Produkter oder Importer aus anere Länner kënnen ersat ginn“, esou d’Ausseministesch, Chrystia Freeland, bei enger Pressekonferenz am Krees vu Siderurgisten.

Déi nei Douanestaxe leien op kanadescher Säit, grad esou wéi et d’Trump-Administratioun et beim Stol an Aluminium gemaach huet, tëscht 10% a 25%. D’Lëscht vun den amerikanesche Produkter ass esou gewielt, datt d’Äntwert „bemooss“ bleift, an d’Moossnamen sech gläichen, erkläert déi energesch Ausseministesch, déi verséchert, datt Kanada keng Absicht huet ze „provozéieren“.

Eenegkeet mat Europa

Déi nei Douanestaxen trieden ab dem 1. Juli a Kraaft, a betreffen, wéi et heescht, haaptsächlech déi vun de Republikaner dirigéiert USA. Ottawa erhofft sech, mat dëser Mesure op „d’U.S. Midterm Elections“vum 6. November Afloss huelen ze kënnen. Déi Wale ginn an den USA ëmmer an der Mandat-Halbzeit vum President ofgehalen, a féieren oft zu enger politescher „Restrukturatioun“.

An de leschte Méint huet den Donald Trump vill vu senger Partner géint „de Kapp gestouss“ an zu gudder Lescht och nach en Handelskrich ausgeléist. Dat andeems hien eesäiteg Douanestaxen op chinesesch, europäesch a kanadesch Produkter agefouert huet. Säin Argument: den internationalen Handel befënnt sech an engem Ongläichgewiicht, an dat zum Nodeel vun Amerika.

D’Chrystia Freeland hat en Dënschdeg zu Bréissel, eng länger Sëtzung mat sengen europäesche Partner. Heibäi ass et drëms gaangen, déi wirtschaftlech Géigemoossname vu Kanada mat deene vun der EU ofzestëmmen. D’EU hat kierzlech op dem Trump seng Douanestaxe reagéiert, an gläich Mesure géint esou emblematesch Produkter wéi: Motorrieder, Whisky an Jeans, ergraff.

D’Industrie gëtt net am Ree stoe gelooss

Fir sécherzestellen, datt déi kanadesch Industrie net ënnert den US-Taxen an d’Knéie geet, huet sech d’Regierung derzou entscheet, den Entreprisen an Aarbechter aus dem Stol- an Aluminiumsecteur mat zwou Milliarden US-Dollar „ënnert d’Äerm ze gräifen“. Eng „Hëllef“ déi dann awer op 2 Joer begrenzt soll sinn. De Subventiounsprogramm enthält och Fongen, fir nei Mäert ze erschléissen.

Dat baséiert op de verschiddenen Handelsaccorden, déi Kanada mat Partner wéi beispillsweis der EU (CETA) agaangen ass. A fir nach eng „drop ze leeën“ huet de kanadesche Minister fir internationalen Handel, François-Philippe Champagne, seng Pressekonferenz an der Fabrick vun Arvida (Québec), dem Symbol vun der kanadesch-amerikanescher Militärkooperation ofgehalen.

Et ass an dëser Fabrick, wou d’Bomme vun den Alliéierte während dem zweete Weltkrich hiergestallt goufen. „Et ass wierklech e Symbol vun der Zesummenaarbecht op militäreschem Niveau, mee och en ekonomeschen“, well et „ass hei wou de gréissten Austausch am Aluminiumsecteur, tëscht den USA a Kanada, stattfënnt“, esou de François-Philippe Champagne

Kanadier boykottéieren US-Produkter

An et geet net nëmme politesch „virun“, och de Frust huet sech bei de Kanadier breet gemaach, déi vun der neier Handelspolitik vun hirem éischte Wirtschaftspartner net erfreet sinn. An de leschten Deeg hu vill Kanadier iwwert déi sozial Netzwierker zum Boykott vun amerikanesche Wueren opgeruff. Messagen déi sech séier verdeelt a vill Zousproch erhalen hunn.

De Buergermeeschter vun Ottawa, Jim Watson, huet derzou opgeruff, déi traditionell Receptioun vun der US-Ambassade, fir den amerikaneschen Nationalfeierdag (4. Juli), ze boykottéiere well hien „mat der Ausriichtung vun der amerikanescher Regierungspolitik, an de stännegen Attacke géintiwwer sengem Land onzefridden ass“.

Eng insgesamt ongënschteg Ausgankssituatioun fir déi historesch Alliéiert, déi eigentlech d’Reprise vun de Gespréicher zu der Neiausriichtung vum Fräihandelsofkommes (NAFTA) wollte bekannt ginn. Wat och de Wonsch vum US-President ass. Deen hat an dësem Zesummenhang Kanada a Mexiko vun den Douanestaxen ausgeholl, fir et zu enger Eenegung ze bréngen. Dat ass elo hifälleg.

mam Julien Besset/AFP

Foto: De 26. Juni war déi kanadesch Ausseministesch Chrystia Freeland (l) zu Bréissel, wou si vun der EU-Kommissärin fir auswäerteg Ugeleeënheeten, Frederica Mogherini, empfaange ginn ass. Bei hirem Besuch ass et drëms gaangen, déi wirtschaftlech Géigemoossnamen zu den amerikaneschen Douanestaxen ze koordinéieren. © Virginia Mayo/pool/AFP

Related topics Aluminium, EU, Handelskrich, Kanada, Stol, USA
Next post Previous post