Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat Promi Power fir Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

how to answer questions on dating sites

No an no fëllen sech d’Lëschten, d’Parteie maache sech prett

como usar dating
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun bléckt zouversiichtlech op d‘Saison 2018

De leschte Sonndeg hat déi Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun (F.L.S.C) zu

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018
International Neiegkeeten

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018

En Donneschdeg huet d’Stad Lëtzebuerg erëm den desjäregen Anne Beffort

Kanada: „Probéiert et net“ plaidéiert den hollännesche Premierminister

Kanada: „Probéiert et net“ plaidéiert den hollännesche Premierminister

Och wa säi Land als den „Eldorado“ vum Cannabis an Europa betruecht gëtt, esou ass de Mark Rutte, Premierminister vun Holland, kategoresch: „Fëmmt näischt dovunner!“. Esou säi Message un d‘Kanadier, am Kader vun enger Staatsvisite a Kanada, knapp eng Woch no der Legaliséierung.

An Holland ass de Besëtz, de Konsum an de Verkaf (ënner 5 Gramm) vu Cannabis a de „Coffee Shops“ säit 1976 toleréiert. Duerch déi restriktiv Haltung vun den Nopeschlänner, ass Holland zur beléifter Destinatioun vun de Cannabiskonsumente ginn. Mee fir de Premierminister ass et besser, sech vun den „Jointen“ ewech ze halen.

De Mark Rutte war, am Kader vu sengem Staatsbesuch gebuede ginn d‘Legislatioun a Kanada ze kommentéieren. Hien huet sech op d‘Geschicht vun enger him nostoender Persoun bezunn, déi et mam Konsum „iwwerdriwwen“ huet, wat béis Konsequenze fir säi geeschtlechen Zoustand hat.

Premierminister„De Marihuana vun haut ass vill méi staark (wéi fréier), a schued der Gesondheet, besonnesch bei deene Jonken“, betount de Mark Rutte.

„Déi bescht Politik déi ee sech selwer operleeë kann, ass déi éischte Kéier ze vermeiden. Dat kléngt konservativ, mee ech roden iech: probéiert et einfach net. A wann der mengt dir misst et maachen, dann esou, datt dir net dovunner op aner Droge kommt. (…) Wichteg ass et datt d‘Leit net vum Marihuana op haart Drogen, wéi Kokain oder Heroin iwwerginn“, esou den hollännesche Premier.

Eng differenzéiert Approche

Mat der Legaliséierung vun der Produktioun, dem Handel an dem Konsum, eng Première an engem G20-Land, huet Kanada sech operluecht et esou ze maachen, datt „déi Persoun déi Marihuana an engem legale Geschäft verkeeft, näischt anescht ze verkafen an der Täsch huet“, erkläert sech de Justin Trudeau, deen iwwerzeegt ass, esou dem organiséierte Crime eng Geldquell ze entzéien.

Géintiwwer dem Kanada „hu mir eng differenzéiert Approche, déi net wierklech en Erfolleg ass“ erkennt de Mark Rutte un, deen drun erënnert, datt seng Regierung un enger Reform schafft. „De Problem bei eis ass, datt d‘Coffee Shops net legal un hir Wuer kommen, well d‘Gesetz et net erlaabt“, erkläert den hollännesche Premier.

An dësem Kontext huet sech Holland entscheet, e Pilotprojet an zéng Stied unzegoen, wou déi Planze kënne kontrolléiert ugebaut ginn. De Mark Rutte huet awer och drop higewisen, datt „95% vum Marihuana dat an Holland ugebaut gëtt, an den ‚europäeschen Export‘ geet, an datt sech déi Realitéit och an der Landespolitik muss erëmfannen“.

Déi kanadesch „Experienz“ interesséiert déi ganz Welt, léisst de Justin Trudeau duerchblécken, well mir sinn alleguerten op der Sich no engem bessere Schutz fir eis Kanner an d‘Communautéit am grousse ganzen. Duerch Kontrolle géif och déi ëffentlech Gesondheet an d‘Sécherheet verbessert.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Cannabis, Holland, Justin Trudeau, Kanada, Mark Rutte
Nächsten Artikel Virrechten Artikel