Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?
International Neiegkeeten

dating website after 50

Si mer eis mol éierlech: Et gëtt ni ze vill

https://moien.lu/18b-relative-dating-answer-key/
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten

Europa geet et net esou gutt, an dat ass net

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag
International Neiegkeeten

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag

A senger Ried op Hellegowend, huet de Groussherzog Henri wäit

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen

Wéi eng Roll hat de Justin Trudeau am Bestiechungsskandal bei SNC-Lavalin?

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen

Hie war de Pop-Star vun der nordamerikanescher Polit-Zeen, hat de Kanadier en neie politesche Stil versprach, en Ouer fir d‘Fuerderunge vun der Jugend an huet och soss net den Androck gemaach, et sech einfach ze maachen. Zanter e puer Wochen awer, stécht de Justin Trudeau an enger Kris…

Grond fir dës Kris, ass e Bestiechungsskandal ronderëm d‘Entreprise SNC-Lavalin, an déi méiglech Roll déi de kanadesche Premierminister an dëser Affär soll ageholl hunn. Wann d‘Majoritéit vun de Regierungsmemberen dem Justin Trudeau de Réck stäipt, esou hunn awer zwee Minister déi fir si eenzeg Konsequenz an engem Récktrëtt gesinn.

Am Januar hat de Scott Brison, President vum „Treasury Board of Canada“ d‘Handduch geschmass, a gëschter war et dunn um Jane Philpott, déi d‘Nofolleg vum Scott Brison ugetrueden hat, sech vun hirem Mandat ze trennen. De Justin Trudeau huet sech entspriechend enttäuscht gewisen, och wann him bekannt war, datt d‘Jane Philpott schonn eppes méi laang mam Gedanke gespillt soll hunn.

D‘Jane Philpott huet hire Récktrëtt mam Argument: „Ech hu kee Vertrauen an d‘Aarbecht vun eiser Regierung“, begrënnt. Dat ass staarken Tubak, an déi sécherlechst heftegst Beschëllegung déi een der eegener Regierung kann ënnerbreeden. Eng éischt Konsequenz dovunner, ass d‘opkomme vun Diskussiounen ëm de Beholl vun demokrateschen Institutiounen.

Wat huet et mat SNC-Lavalin op sech?

Et war d‘Zeitung „Globe & Mail“, déi virun engem gudde Mount de Skandal op d‘Titelsäit bruecht huet. An engem Artikel, gett d‘Behaaptung opgestallt, datt d‘Regierung an de Bestiechungsskandal vun enger gréisserer kanadescher Baufirma, der SNC-Lavalin, involvéiert ass. Dës Baufirma soll, esou d‘Behaaptung, der Famill vum Muammar al-Qaddafi Millioune bezuelt fir Opträg ze erhalen.

Nodeems dat „opgeflunn“ war, soll Drock op Justizministerin Jody Wilson-Raybould ausgeüübt gi sinn, dat am Kontext vun enger aussergeriichtlecher „Mediatioun“, wou eigentlech strofrechtlech sollt agegraff ginn. D‘Ministesch hat sech gewiert an ass versat ginn, wourop si am Februar op eegene Wonsch d‘Regierung verlooss huet. Déi lescht Woch huet si virum Ausschoss ausgesot…

Hier Deklaratioune virum Parlamentsausschoss waren „vernichtend“, esou d‘Observateuren. Si huet ënnert anerem ausgesot datt: „Iwwert en Zäitraum vu ronn véier Méint, tëscht September an Dezember 2018, hunn ech déi dauerhaft an nohalteg Beméiunge vu vill Leit ze spiere kritt, déi sech politesch a meng Aarbecht als Justizministerin agemëscht hunn“. Dat ass schonn zimlech Krass.

Mat Korruptioun Aarbechtsplaze sécheren

Gewosst ass, datt och de Justin Trudeau mat senger Ministesch geschwat huet, woubäi de Premier wäert drop leet, datt et sech hei net ëm eng „Amëschung“ soll gehandelt hunn. Hien hätt dem Jody Wilson-Raybould leedeglech zu Häerze geluecht ze bedenken, datt ee strofrechtlech geschwächte Betrib och wirtschaftlech an d‘Laberente ka geroden, wat vill Aarbechtsplaze kéint kaschten.

Elo ass dat, wat sech grad a Kanada ofspillt schonn esou eppes wéi e politescht Äerdbiewen, mee et gehéiert sech awer, eppes ze differenzéieren. Natierlech profitéiert d‘Oppositioun vun esou Affären, a gemooss un der „kanadescher Ethik“, ass de Virworf vu Korruptioun, fir den éierleche Kanadier mat näischt ze entschëllegen. Si sinn dann awer nach „very british“ wann et politesch gëtt.

An da stellt sech natierlech d‘Fro, op dat elo alles, wann et sech da sollt als „richteg“ bestätegen, duer geet, fir de Premierminister aus dem Amt ze joen, oder zumindest e Récktrëtt ze erzwéngen. Wann ee bedenkt wat grad beim amerikaneschen Noper leeft, kéint een allerdéngs och behaapten, datt den Dossier „SNC-Lavalin“ den Tatbestand vun der „Lappalie“ erfëllt. Dat ass awer net de Fall.

mat indymedia/ott/lon

Ähnlech Sujeten Bestiechung, Jane Philpott, Jody Wilson-Raybould, Justin Trudeau, Kanada, Korruptioun, SNC-Lavalin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel